Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Réiser

De Bann tëscht Beetebuerg an Hesper heescht Réiserbann. De Jean-Pierre Schmit hat 1834 d’Hesper Schlassruin gezeechent mam Ënnertitel “Vue vun der ‘Vallée des Rosières”. An d’Ferraris Kaart vu 1771 nennt de Bann ‘Roeser Thal’. Haut wunnen hei ëm 800 Leit, 1848 hat Réiser 313 Awunner, an d’ganz Gemeng 1335. Wéi d’Réiserbänner Musek, "Les Echos de l'Alzette" gegrëndt gouf, 1905, war den ëffentleche Wäschbuer mat Bleechplaz fir Bivange-Roeser grad emol 17 Joer offiziell ënner der ‘utilité publique’ déclaréiert.

D'Por Réiser entstoung wahrscheinlech am 7. Joerhonnert – hire Kierche-Patréiner war laang den hl. Remigius. De Numm weist hinn op "Ros" oder "Ross" , also "rous" oder "marécage". D’Duerf krut 1503 eng kleng nei Kierch mat Asylkapp an den Hierdegoart, do wou haut den ale Kierfech ass. Dës dann als zimmlech herrschaftlech bezeechent Kapell war fir d'Pare Réiser a Béiweng. Aus hir ass d'Kräizegungsgrupp an der heiteger Réiser Morgue. Wéi an der Mëtt vum 19. Joerhonnert eng nei Kierch geplangt war, wollten d’Krautemer Leit se méi no bei hirem Duerf, de Wee bei den Hierdegoart wär hinnen ze wäit. No engem Referendum koum se dann op d'Grenz vun den zwou Uertschaften. De Neibau gouf 1852 ugefaang, di al e Joer drop ofgerappt, an aus hire Steng entstoung d’neit Paschtoueschhaus. Di nei néogothesch Kierch ass an der Mëtt 12,6 m héich, an de Säiteschëffer 9,3 an huet zwou Reie Säilen; s’ass vu mediévalen, héige, schmuele Kathedralen inspiréiert. Hire Präiss war 39.000 Frang. Hire Priedegtstull ass aus dem ale Bau grad wéi d’Säitenaltär; dës stamen aus dem Atelier Greef, hunn senger Engelskäpp, mä ontypesch Antependien. Den Daafbecke vun 1855 déngt als Bénitier. Vun 1884 sinn d’faarweg Fënschteren an leider ee Brand am Tuerm duerch e Blëtzaschlag. An Päischtsonndes 1918 sollt de Blëtz gläich nach zweemol an den Tuerm schloen. - Maache mer en Zäitspronk an d’Joer 1986, do fält der Réiser Kierch hir nei Uergel op mat 2 Manualen, engem Pedalwierk an iwwer 1400 Päifen, där hir gréisst 2,19 Meter héich ass an 30,5 kg schwéier. An de spéiden 1990ger Jore gouf de Bau da komplett restauréiert.

E Bléck an d ‘Lokalgeschicht verréit, datt am 13. Jh. d’Seigneurs de Rosière hei quasi de ganzen Dall haten. (Al uewerlouthrengesch Stammtafelen ernimmen Häre vu Rosières-aux-Salins un der Meurthe.) Ob de Gemenge-Wope mat den 3 goldene Nénuphare, oder Séirouse-Blieder op roudem Fong un dës erënnere soll? D‘Réiserbänner Chronik huet d‘Por Réiser1102 ernimmt a gouf mat benediktineschem Fläiss zesummegedroen! E Konrad vu Roeser gouf 1282 Doumhär zu Tréier, e Johann steet als Erbauer vum Réiser Buerghaus, dann als Vasall vun de Buurschenter Hären an 1290 als Zeie, wéi Henri VII. d‘Fräiheet vun der Stad Lëtzebuerg bestätegt huet. Zweete Buerghär hei war Godfrid I.. No hinnen hu verschidden Adelsfamille sech d’Herrschaft vum Réiserbann opgedeelt, nenne mer nëmmen 1408 de Gilles de Cattenom – a no 1479 d’Häre vu Roudemacher. D’Landmeierei Beetebuerg hat hei och länger Zäit Rechter. 1798 krut Réiser säin éischte Buergermeeschter, de François Blouet, deen 1777 d‘Haapthaus vum Krautemer Schlass gebaut hat. Säi Successeur gouf 1811 den Nikolaus Knepper vu Peppeng, an deen huet gläich konstatéiert, dass an der Gemeng keen Dokter war, just eng Hiewan.

P.S. bei der Firmung zu Réiser haten d‘Klacke 1934 fir d‘éischt ‘elektresch‘ gelaut. Net flott war dee Summer leider de Geroch vun der Uelzécht... et housch duerch Schmotzwaasser! - D‘ "Réiser Pëppelskäpp" suergen hei fir frësche Wand‚ dësem Theaterclub säi Fréijors-Bilan 2011 kléngt flott: 'In 3 Jahren verdreifachte sich die Zahl der Mitglieder und die Zuschauerzahlen stiegen um 35 Prozent. 706 Zuschauer sahen sich das Theaterstück "Hotel Mimosa" an'. Hänke mer un dëse klengen duerf-internen Detail nach en aneren: wann e Fransous, deen hei lieft, appréciéiert an engem 'pays chargé d'histoire'  ze wunnen, ass dat e schéint Kompliment.