Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Uesweiler

Am Duerfzentrum vun Uesweiler (oder Uesweller) fale gutt erhalen a mat Goût restauréiert Haiser op an e Bur mam agravéierten Numm Oxinvillare. Ënner dësem gouf d’Duerf ewell 698 erwähnt. De Band 1 „Topographie der Baukultur (des Grossherzogtums Luxemburg) betruecht dem Kanton Iechternach seng eenzel Objekter net nëmmen “losgelöst für sich, sondern im Zusammenhang mit ihrer Umgebung” schreift d’Christina Mayer. Bléckpunkt bei der Restauratioun vun ‘habitats humides’ a der Renaturéirung vu Waasserleef ass ‘d’Galerie riveraine composée de saules le long de l’Uesweilerbach’. No där Lagebeschreiwung, typesch Ausdréck vun heirëmmer: kritt een ‘Haarhauwe‘ versprach, heescht dat, ‘t gëtt eng op d‘Ouer‘ oder hannert d'Hauf. ‘‘Mir hoan d'Epel su hoart all verkaaft“ (wëllt soen, bal all) an ‘Winkwank‘ ass e lokale Begrëff vun Dick- an Osweiler fir “Wénk“ oder “Hiweis.“ (Engelmann.lu)

Os- oder Uesweiler ass fir d’éischt ernimmt am Donatiouns Akt vun der Irmina vun Oeren, déi dem Iechternacher Bëschof Willibrord hir Propriétéit zu Osweiler (OXINVILLARE) ginn huet. D‘Schenkung vum 1.11.698 ass notéiert am "Liber aureaus Epternacensis". Dat dann 835 als Oszuwilre betitelt Duerf konnt 1998 den Anniversaire vum 1300 Joer alen Dokument feieren! Di eelst bekannte Vue vun ‘Oswiler’ ass dem Abt Bertels seng Fiederzeechnung vu 1597 mat enger cloturéierter Kapell; si weist, datt d’Uertschaft zur Abtei gehéiert hat a koum am November 1999 op en Timber. D‘ondatéiert Duerfkierch krut 1852 e Subsid vu 900 Fr fir d’Vergréißerung. Geweit gouf si den 1.10.1896. Zum Steen am Kader vun der Sakristeidier mat der Joreszuel 1517 koum vun de Massendinger ewell d’Fro: Weist dësen op d’Baujoer vun der eelste Kierchemauer hinn oder gouf e just hei "recycléiert"? De P. Oswald Kees [de Chronist vun der Abtei] ernimmt déi der “hl. Jungfrau und Martyrin Catherina“ geweiten Osweiler Filial-Kapell. Di Helleg vun Alexandrien mam Rad ass d’Protectrice vu Geléierten a Schoulen, Woner a Modistinnen! Hire Pendant ass de "Regionalhellege" Willibrord. D’Dedicatio, d.h. d’Kiermes gouf hei 1896 op den 3. Oktobersonndeg verluet. D’Leit hunn awer un hirer „Mèrteskirmes“, Sonndes no Martinus, festgehalen (méiglecherweis well dann den Zehnten ofgeliwwert oder d‘Pacht un d‘Iechternacher Häre bezuelt war.) Fënstere vun ëm 1935 si gezeechent ‘Fa. Leon Loudvig‘. Déi iwwerëm Portal weist zwee Hirschen un der Quell. Sechs vun deenen am Kiercheschëff hunn neutral Ornamenter (vun 1961) ëm eeler klassesch Fragmenter.

En expressivt Bild op der Chouerréckwand vum Moler an Architektur-Professer Jean Thill hëllt ons mat an déi "göttlech Liturgie" vun der Dräifaltegkeet. Eng traditionell Zeremonie dréit op der klenger Kiermes, d.h. Ouschterméindes, ëm den hellegen Celsus - deen 1715 Niewepatréiner gouf. ‘Nach haut gëtt hei säi Segen op Päerd mat Been a Rieder erofgeruff.' (L. Schreiner) Zu Uesweller gouf fréier Zelsi Dag Huewer geseent, a jiddereen deen e Päerd seene geloss huet, krut e Säckelchen Huewer mat.. (En Zeechen, dass d’Duerf ëmmer (enger Wikipedia-Zeil no) “a village centered on agricultural activities” war! - Duerch de Bau vun der aflossräicher Abtei zu Echternach goufen d’Alentouren zu engem bedeitende Landstrich an Zentraleuropa, heescht et an Zeile vun der Christina M. En anere laange mä wichtege Saz aus hirem 600 Säite-Buch „Alle Objekte – gleich ob Schloss oder Bauernhaus, Kirche oder Fabrik, Ruine oder Wegekreuz - die die Kriterien der Schutzwürdigkeit erfüllen, werden aufgelistet, damit das Wissen um ihre Schutzwürdigkeit allgemein bekannt wird und sie als Bestandteil unseres Erbes gepflegt werden und bestehen bleiben!“ De Ben Fayot hat seng Promenade ‚in und um Osweiler‘ genoss an via Presse op d’ewell zitéiert ‘Topographie der Baukultur‘ higewisen, an där 10 Säiten iwwer d’Duerf stinn. Den AP Rondgang erméiglecht seng 16 Stroossennimm z’entdecken, en passant, an d‘Landschaft ronderëm z’exploréieren.

Ues- oder och nach O(o)swëller war 1848 mat 728 Awunner dicht bewunnt an hat 7 Gemengeconseilleren. D’Familljen haten deemols méi Kanner an trotzdeem Visiounen. D’Virfuere vum Dennis Hastert, d.h. d’Eltere vu sengem ‘forefather‘ Christian Hastert (*14.5. 1851), de Peter an d'Elizabeth Hastert-Wagener, si mat hire 7 Kanner vun hei op Aurora, (Illinois), ausgewandert. (Se haten hiert Haus den 9.3.1868 verkaaft.) Generatiounen duerno gouf den 1942 gebuernen Dennis oder "Denny" am Mäerz 2001 Éierebierger vun Uesweller! Seng lëtzebuergesch Originnen haten deen intressante Personnage - dee (vun 1999 bis 2006) President vum Representantenhaus vum US-amerikanesche Senat war - an d’Heemecht vu sengen Ancêtre gezunn. E gouf hei mat Pomp empfaangen. Wéi al a wéi déif d‘Racine vun den Osweiler Käschtebeem sinn, kéinnten eventuell al Chronike verroden.

P.S. Iwwer de Succès vun der ‘herse à socs‘ - concipéiert vum Osweiler Pierre Kapp - kéinnt d’Famill vläicht eppes erzielen. Dës speziell Éich mat Plouschuer krut 1884 de Brevet d’invention No 396 vum Patent-Amt accordéiert.. Net jidderee goung am Duerf einfach 'mat der Häerd'. Waren hei heemlech ‘Brakonnieën’ ënnerwee - war dee lokale Spottnumm just Gezecks - oder goufen den Origine vum Wuert no hei emol Bracke fir d’Juegd dresséiert..? (Spëttelen nennt de Pol Tousch e Ventil, deen Agressiounen ofbaut..) Aneres nach: relativ rezent ass de Gedenksteen am «Grussebösch». En erënnert u schicksalsschwéier Joeren an eng tragesch Geschicht. Hei koum Enn September 1944 de Jemp Hauer duerch däitsch Panzerminen ëm op der Evaquéirungsfaart vu Steenem op de Geyershaff. Zur Agrikultur nach d‘attraktiv Info, dass de noe Frombuergerhaff Member ass vun der Associatioun, déi eisen Tourisme rural promovéiert!