Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Éiter

Zur Gemeng Conter zielen Éiter, Méidéng a Mutfert, de Pläitrenger- an de Kréintgeshaff. Eng Biotopekaart hält hiert dicht Netz mat 21 Gewässer op 20,55 km2 fest. D’Zuchstreck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Tréier sollt laanscht Pläitreng-Kanech-Éinen fueren, oder duerch de Sirdall. (Vun den 13 méigleche Favoriten wollt d'Regierung di éischt genannte Ligne an d'Bunn di zweet..) D‘Ligne via Éiter-Mäertert gouf dann 1861 ageweit! Um Éiter "Eisebunnsknuet" goung och d'Transportligne op Beetebuerg fort. Si hat am éischte Weltkrich als Objet vun ëffentlechem Notzen russesch Krichsgefaangener beschäftegt. An d’Stroossenetz? Dëst hat zur Zäit vum Louis XIV eist Land u Bréissel, Paräis a Köln ugeschloss. Eng Kaart vu 1697 weist d‘Pläng vun dem 33 Joer spéider ausgebaute Réimecher Wee via Sandweiler, Éiter a Bus. D'verbessert Stroossen hunn dann der Stad wirtschaftlech Avantage bruet. Éiter hat 1848 just 198 Awunner - vun hiren haut ëm 820 denken di Jonk un d’Zukunft… an un d’Jugend di Al.

Eng al Photo vun der Éiter Gare weist Postkutschen di op Voyageure waarden – ähnlech wéi haut Taxien an der Stad. Um Gebai ass e Schëld Oetringen. Uertsnimm mam Sufix -ingen oder –ange si germanesch, mä kommen och a Loutrengen vir a sollen an d'éischt Jh. v. Chr. zréckgoen. Se waren heefeg an Häng an Terrassë laanscht Flëss gebaut. Och d'Réimer hu suppeg Ecken evitéiert an Koppen virgezunn. Am fruuchtbare Sirdall entstounge wahrscheinlech am sechste Joerhonnert kleng fränkesch Siedlungen - d’Sir gouf riicht gezunn an um Schluss vum éischte Joerdausend war Éiter e richtegt Duerf. E Pordokument aus dem Joer 983 bezeit dëst am Zesummenhang mat enger Bittpressessioun op Tréier.....D‘éischt Schrëftstécker ernimmen Éiter oder Otheriga am Joer 1128. Eng Notiz nennt 1570 den hl. Bartolomäus als Patréiner. Engem Akt vun 1681 no “verlieh die Abtei St Maximin die Pfarrei Oetringen an das Stift St Paulin in Trier und das Kloster der adeligen Jungfrauen in Differdingen“. Éiter steet op enger Kaart vun 1717 als Utringen nieft Chetringen, an zur Herrschaft Schëtter huet et zimmlech laang gezielt. Esou Detailler baséiren op geschriwwe Geschicht an Geowëssenschaft. Wësse mer wéineg, ass eppes drun um Sproch vum Pierre Louÿs: "Glécklech Völker hu ‘point d'histoire’, an erfollegräicher keng Géographie"!

Den alen Deel vun der haiteger Éiter Kierch staamt grad wéi d'Paschtoueschhaus vu 1758. E staatleche Subsid gouf 1886 fir Klacken a Kierchemiwel accordéiert. Haaptthema am Duerf waren 1901 der Kierch hiert neit Quierschëff an den Duxall; Leit di dobäi matgehollef hunn, sollte se mat der Aarbecht vun hiren Hänn och an hiert Häerz schléissen… 1902 gouf um Tuerm geschafft, an deen da spéider de Blëtz geschloen huet. 1904 hu Wandmolereien se verschéinert (déi awer no 50 Joer net méi gefall hunn.) D‘Holztäfelung, di d‘Famill Filleul aus Schrasseg der Kierch 1931 geschenkt hat, krut spéider vum Réimecher Sculpteur Jungblut d’haiteg Stalle-Form. Di zwee Säitenaltär vu 1717, signéiert NG fir N. Greef-Roesdorf, stinn ënner Denkmalschutz; (der Madonna hire mam Sockel hat den N. Greef-Greisch spéider verfeinert. D’Engelskäpp an senge Kapitelle sinn unique, schreift den Theophile Walin.) D‘Altäropsätz goufen opgehaangen, an aus den Antipendien hat den Duerfschräiner Koppes 1966 en Dëschaltor „versus populum“ zesummegesat. Aus de 1960ger stamen der Éiter Kierch hire Kräizwee an d‘skulptéiert Maria vum Émile Hulten an d'abstrakt Fënstre vum François Gillen. Dofir hat d’Commission de Surveillance des Bâtiments religieux“ fir den zentrale Chouer an d’ Quierschëff staark Faarwe recommandéiert, fir déi säitlech am Chouer an am Schëff méi heller... fir d‘Nordsäit kill Téin a fir d‘Sonnesäit waarmer! Si kruten no 25 Joer eng duebel Verglasung. Relativ nei, vun 1982, ass dann d'Oberlinger Uergel.

De pittoreske Pläitrengerhaff hat e puer Bauperioden; säi Wunnhaus datéiert wahrscheinlech an d’18. Jh.. (Deen éischten Haff mat 120 ha Terrain hat d’Tréierer Abtei St. Maximäin um Éiter Bann gebaut. Säin Tuerm huet Stilelementer aus dem 17. Jh.. An der franséischer Revolutioun gouf e Besëtz vun der d'Famill Villeroy - an déi haiteg Wirtschaftsgebaier sinn entstanen. Nom éischte Weltkrich krut den Haff (mat ronn 70 ha) zweemol aner Proprietairen a spéider modern Ställ. Eng vu sengen Eechen ass mat iwwer 145 cm Diameter di déckst aus dem Land, a säi Käschtebam huet e Rekordduerchmiesser vu gutt 160 cm! Rise wi si hunn dem Khalil Gibran de Gedanken inspiréiert "Beem si Gedichter, déi d'Erd an den Himmel schreift!" (a.d. Kierchtuermscauserien)

P.S. Net wäit vun der Éiter Millen goufen an Hielen an ënner de Fielsen prehistoresch Siedlungsspuren entdeckt. (An den 1930ger fonnten „eiszäitlech“ Déiereschanken an Handwierksgeschir vun Eiter-Kakert sinn am Musée. D‘Geschir ass vermuttlech en Hiwäis op d’Ufäng vun enger „industrie en silex..” D’poléiert an deels inciséiert Fragmenter vun ‘ossements d'animaux de climat froid’ sinn e rouerförmecht Uewerschenkel-Mëttelstéck, eng perforéiert Geweicroche vun engem Hirsch an en Eckzant vun engem Bier. Si zielen zu eisen eelsten Trouvaillen aus der Aalsteenzäit. Geschichtsbicher ernimmen zu Éiter an am Mëllerdall och ural mënschlech Skletter. Nom Erfuersche vum ‘Stammbaum der Sprachen’ supposéiere Wëssenschaftler (laut “Spiegel.de”) d’Urmënschen hätten ähnlech geschwat wéi de Yoda aus "Star Wars"... dee beispillsweis sot "Noch viel lernen du musst"! Mam Film hätte mer e Lien an eis Zäit. De Centre culturel zu Éiter presentéiert Kulturelles, Spaass an Eescht - an de lokalen Turnveräin „Aurore“ hat ewell e puermol decke Succès an der Conter Sporthal „um Ewent“.