Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Noumer

Noumer ass 772 ernimmt an engem Schrëftstéck an am 10. Joerhonnert soll et eng Por gewiescht sinn, mat der Fiels a Meesebuerg. D’haiteg Gemenge-Sectioune waren am Mëttelalter vun de Fielser oder Mierscher Grofen an de Sieurë vu Meesebuerg oder Ierpeldeng ofhängeg…Noumer zielt haut 275 Awunner… ’t huet Mëtt August kleng Kiermes an di grouss de 9. Oktober… Dat 20. Päerd’s- a Mëttelalterfest hat do ëm de Nationalfeierdag 3 Deeg ofwieslungsräich Attraktioune gebueden, z.B. Ponyreiden, Ritterkämpf vun de Fielser ‘Mëttelalterfrënn’, Powershow mam Georges Christen…a Barbecue…

1869 gouf d’Munnerefer ‘SA des Bains’ gegrënnt an déi al Noumer Kierch ass verbrannt. Di nei gouf no Plange vum Architekt Biwer gebaut a no 4 Joer  vum Bëschof Adames geweit, wéi eise Bistum grad emol 3 Joer bestoung. Di eelst Kierche-Fënschter mat Sankt Péiter, vun 1896, vun der Firma Linster et Schmit an e puer anerer vun ëm 1900 si nach erhalen! Bei der Restauratioun vu 1970 krut d’Kierch e neien Altor. Déi elo honnertjäereg Stalhuth–Uergel gouf 1999 nogekuckt. Se staamt aus der Kapell vum Pensionnat Sainte-Sophie; wéi dëst 1972 op de Weimeschhaff geplënnert ass, koum s’op Noumer; se gouf do nei opgebaut (1999) a koum mat hire 64 Sëtzer Kombinatiounen vru kuerzem op en Timber. Ob fréier Schülerinnen si nach erëmkennen?

Op d’mannst esou bekannt wéi d’Duerf Noumer ass di 8 km laang Promenade duerch d’ Noumerlayen! Deen deels kesselfërmege laang gezunnenen Dall mat honnertjäerege Bichen an Eechen huet Fielskämm mat Nimm déi virwëtzeg man. Do stinn eng Kazlä, d’Fraëkimmerchen, en Deischtergronn, den Hexegank, eng Draachen- an eng Maennercheslä..! An der ‘Schelme-lä’ logéiere Fliedermais! An ob d’Albuerg op eng fréier Fliehbuerg hiweist...wéi de Guide vum Evy Friedrich supposéiert, oder op Reschter vun engem Réimer-Camps ass onkloer. De Réckwee féiert laanscht di no 1890 gebaute Kapell, an de Wee biergof bitt um ‘Knéibriecher’ en Aussiichtspunkt mat enger wäiter Vue. (‘Knéibriecher’ bedeit, tëscht Klamere gesot, zu Veianen ‘sauere Wäin’.)

Nommern soll op Keltesch "Ortschaft in der Nähe des Wassers" bedeiten. Et läit enger Beschreiwung aus de 1970ger no bal esou wéi an enger Wéi, d.h. an enger ‘sanftgeschwungenen Erdmulde’! Bei Äechelbuer erhieft sech eng prehistoresch Fielsformatioun op engem schmuele Sockel, eng Kuriositéit a Form vun engem risege “Champignon“... ronderëm dee wahrscheinlech scho Keltekanner gedanzt haten! D’Landschaft ass ronderëm räich un extraordinäre Motiver, hei fänkt ëmmerhin de Mëllerdall mat senge Schluchten a Bam-Veteranen un! Di ‘Noumer Kuelëbrenner’ an d’’Échelkäpp’ - dat heescht d’Bëschkauzen - gehéieren zum fréiere lokale Langage… zu sengem modernen zielen den “Europa-Camping Nommerlayen“, säi Fräibad a säi “Wellnesscenter“! Senge Gäscht bidden sech Trëppelpied mat enger ganz besonnescher ‘Qualité de la nature’ mat Gréngzonen an Bächelcher, déi Quellen aus de Noumerlayen ‘alimentéieren. Di 30%  Bëscher an di 70% Aackerland hunn e ländleche Charakter konservéiert… ‘tout en se présentant sous un aspect moderne et dans une atmosphère calme et récréative‘ soe Prospekter mat Recht.

PS. 2009 stoung hei beim traditionelle Päerdsfest eng Woch laang alles am Zeeche vum Mëttelalter; ‘t goufe Mënze gepresst nom Modell vu Jang dem Blannen a Kachen a Wiewe gewise wéi fréier... an Reider an Déieren huet de jonke Geeschtlechen vum Päerd erof geseent. - D’Gemeng Noumer läit op der Landkaart no um Zentrum vum Grand-Duché; zu hir zielen nieft Kruuchten, Uewer- a Nidderglabech, Schrondweiler, de Seylerhaff an Äechelbuer. Hire Wopen huet dräi sëlwer Merletten iwwer 10 gold-bloe Sträifen mam Kräiz, dat typesch ass fir d ‘Fiels. Am September 1944 hat hei ‘op Bollert’ engem US Bomber seng Besatzung den Ofstuerz dank engem couragéierte Fallschierm-Sprong iwwerlieft.