Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Nidderwampech

Wëllt een en Duerf stodéiren, da muss een derduerch spadséiren. D'Steng vun den Nidderwämper Haiser erzielen ob d’Awunner aarm oder räich, jonk oder al a frou oder flemmzeg hei aus an a goungen. Ëm 1800 hat e franséische Préfect notéiert d’Leit am ‘Département des Forêts’ wären “habitués au travail de bonne heure” a “robustes, fort musclés et nerveux” - an se géifen “essentiellement lard, sauercraut et légumes farineux” iessen. D’ ‘Wämper’, wéi allgemeng fir Awunner vun Uewer-an Nidder- a Wäis-wampech gesot gëtt, hunn hire Mëttele no gelieft. ‘t goufen hei souwuel kleng wéi herrschaftlech Häff an d‘ganz al Haiser hu fréier nëmme Stroossen a schlechtem Zoustand gesin. Am Joer 1813 sollten dofir nei Klacken op der Plaz gegoss ginn, well en Transport onméiglech gewiescht wier. Se goufen dann 1833 geweit, hu gelaut bis an den 2. Weltkrich an 1947 hunn neier hir Plaz ageholl.

Dokumenter no hat d’Grofschaft Wampach am Joer 1131 zur Abtei Stavelot-Malmédy gehéiert. 1214 war en Aldon aus Wampach Vasall vun der Ermesinde. Si hat d’Propsteien ageriicht, wourop ënner villen och Nidderwampech dem Baaschtnecher Verwaltungsbezierk zougedeelt gouf. 1469 (ënner de Burgunder) war en imposant lokalt "Adeligenhaus" ernimmt an d’Deelung vun der Herrschaft Uewerwampech, engem Lehnsgebitt vun de Wolzer Seigneuren. Nidderwampech/Schëmpech krut dee Moment eegen Hären a war mat 15 Haiser als ‘Desoubztrain’ vu Wambay - also Terrain ‘ënner Wambech’ agedroen. Bei Ausgruewungen goufen 1843 hei ëm 300 järeg Mënze fonnt - d.h. aus der Mëtt vum 16. Jorhonnert. Wéi vill anerer ass och d'Duerfbild vun Nidderwampech vun der Kierch geprägt. Si steet no bei der Kräizung vu véier Stroossen, déi op Schëmpech, d‘Schleif, indirekt op Bëndelt oder Bëndels (d.h. Benonchamps) an Uewerwampech féieren. Hiren Tuerm déngt Spadséiergänger als Weeweiser "wéi een zum Himmel erhuewenen Zeegefanger." Dat an och, dass de Besuch vun der Kierch um Buerebierg sech lount, sot de Professer Thill. Eng éischt kleng Kierch bestoung do an der Zäit wou beispillsweis d’legendär orientalesch “Geschichten aus Tausendundeiner Nacht" entstoungen - an de Wigerich (Grof am Bidgau a beschéfleche Pfalzgraf vu Metz an "Ahnherr” vun eisem éischte Grofegeschlecht) - de Papp vum Siegfried nach Jonggesell war. Wéi hire Bau am Joer 907 ernimmt gouf hat eis Géigend zum Bistum Leck gehéiert. D'Benediktiner vu Stavelot hunn heirëmmer gewierkt an hir Influence bestätegt e rezenten Abteiportrait.

Ëm den hei 1572 erwähnte Kierchebau dréiht eng “sent odes bruderschaft” (an zum Audoenus koum fréier aus den Nopeschdierfer eemol d’Joer een pro Haus gepilgert.) D’haiteg Kierch vun 1735 huet groussendeels den originalen Interieur. (Um Kierfech dernieft fale verschidde monumental Grafstäng op.) (C. Fandel) Dem ale Raum seng neoromanesch Entrée datéiert vun 1925, a seng “Mise en état” hat am Februar 1929 e Subsid vun 2000 Fr ënnerstëtzt. Dem schonn ernimmte Schutzpatréiner, dem hl. ‘Ouen’ (oder Owen) säin Numm bedeit am franséischen "edler Freund". Hie war virun 684 Beschof vu Rouen, befrënnt mam hl. Eligius, a soll vrun Dafheet beschützen. Seng holze Statu d‘rar Duerstellung vun der Dräifaltegkeet an d‘markant gemolte Statiounen hunn e gewësse Wäert.. D‘bläiverglaaste Nidderwämper Kierchefënstre vum Zanter vu 1954 weise kierchlech Motiver an di helleg Ëlwener Damme Fides, Spes a Caritas. Den 1995 bei der Kiercherestauréirung verklengerten Duxall ass säithir ganz disponibel fir d'1943 gegrënnte Chorale mixte. Fréier haten d'Schëmpecher Häeren do privilégiéiert Plazen. (Deels a. d. Kierchtuermscauserien)

Nordéisleker Begrëffer, déi am Dictionnär nieft Nidderwampech opdauche, sinn ‘niäter’ (fir gëschtowend) an mat ni konkurréiert do d’populärt ‘käs’ (kämol). Op der noer Nidderwämper Héicht Kässelt ass en Tumulus nogewisen an ‘t soll do e ‘vierthoriges Römerkastell’ gestanen hunn, an duerno eng fränkesch Juegdpfalz. (Sagenumrankte Heimatburgen, Jean Haan, vun 1935 bis 1941 hei Schoulmeeschter.) No enger Schluecht (zwouanenghallef Stonnen südwestlech vum Duerf) sollt den Cäsar hanner dem dräifache Mauerwall op Kässelt Schutz fanne bei sengem Legat Quintus Tullius Cicero. A spéider hätten d’Eltere vum Beschof “Audoen” - d’Edelleit Autharius an Aiga - zäitweileg an der Kässelt-Buerg residéiert. (Haan) De Jean Engling weist 1867 op dee Käsel (lokal f. Kastell) hinn a vermutt do ‘Fundamenter vun enger Rengmauer’. Schued, dass déi ëm 42 km laang Wolz, déi vu Bëndelt hirkënnt, eis kee Liddche dovu sange kann. Si fléisst no 8 km op der Héicht vun der borne frontalière Nr 231 an d’Land, hëlt d’Wemperbaach op, passéiert Wanseler an Nidderwolz a leeft zu Kautebaach an d’48 km laang Clerve.

P.S. D’Gare Schimpach-Wampach un der Ligne Baaschtnech-Wolz war a Betrib tëscht 1888 an 1967. Op där fréierer Zuchstreck gouf Mëtt der 1990ger en 12 km laange RAVeL–Netzdeel instauréiert (genee gesot e ‘réseau autonome de voies lentes) fir Foussgänger, Veloen, personnes à mobilité réduite a wou méiglech och fir Reider. An do passéiere wahrscheinlech am Dezember wéineg Leit, well dann an der Moyenne 96 mm Reen falen. Zu Ënner-Wampich a ‘Scheempich‘ wunne ronn 185 Leit, an dovu waren der 2005 beispillsweis 48 aktiv an de Pompieren. D'Präsenzen am Veräinsliewen a seng Stäerkt hängt wahrscheinlech mat der Roll zesummen, déi d'Landwirtschaft hei nach spillt - a vläicht och domat, dass zu Schëmpech d'Protection Civile säit 1961 hire Memberen eng ‘formation permanente’ ubidd. Sécherlech wierkt de benevolen Asaz vun dëser 1000 Käpp staarker Freiwëllege-Brigade ustiechend op d'solidaresch Éisléker Charakteren.