Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Nidderkuer

Op Nidderkuer koum der Déifferdenger Schmelz hiert Spidol... eng al Postkaart hat et ëm d’virlescht Jorhonnertwenn veréiwegt. Aus him gouf da spéider en Altersheem. Den 1981 gebauten interkommunalen Hôpital Princesse Marie-Astrid ass vru kuerzem fusionnéiert mam Escher Centre Hospitalier. E ganz aneren Zenter a kommunikativen Unzéiungspunkt entstoung hei 1921... de Kiosk, zwee Joer virun deem Bouneweger! An hunn do Gaardefrënn iwwer hir Eilen gesproocht, waren ‘Aile’ mat ai gemengt, Knueweleck, dee phonetesch identesch ass mat de Nuetsvigel mat de groussen Aen.

Nidderkuer hat am Joer 1848 ewell 683 Awunner an 2005 da 5400! ‘t läit tëscht Déifferdeng, Péiteng a Suessem um Fouss vum 422 m héigen Tëtelbierg a relativ no beim Fond de Gras. Säin Uertsnumm bezitt sech op d'geographesch Lag un der Kuer, déi an d’Meuse fléisst. D‘Analë vum Institut Archeologique du Luxembourg vun 1897 hunn ënner ville Bräich ee vun hei publizéiert: ‘t war hei nämlech Usus op Halleffaaschten d’Uebstbeem ze seenen mat enger op Liichtmëss geseenter Faackel! De Jean Engling hat sengerzäit als éischten e «réimesche Bildsteen» beschriwwen an 1863 als Herkulesduerstellung interpretéiert. Déi‘ ëm 3 Joer virdrun am «Turbelslach» um Fouß vum Tëtelbierg fonnte Stele aus dem 2. Jh. steet am Musée. Se weist op e méigleche keltesche Kult hi vum Cernunnos, dem och an eiser Géigend veréierten Hirsch- oder Geweihgott! Seng romaniséiert Kalleksteen-Figur mam Füllhorn huet e gutterhalenen Hirschkapp nieft sech, dee Mënzen ausspäitzt. - Am Fréimëttelalter hat e räiche Grondherr zu Nidderkuer eng kleng eegene Kierch gebaut mat Grafplaz. Si gouf am 14. Jh zu enger Krypta ëmgebaut als Basis fir en gréissere Kierchebau. Der Krypta hire Patréiner war de réimesche Märtyrerpoopst Urbanus I. (woufir d‘Krypta am Volleksmond "Urbels-" oder "Turbelslach" housch.) Am Hierscht 1956 gouf dës al Kultplaz ofgedroen.

Ëm 1579 hu franséisch Truppen Niederkuer zum Deel ageäschert. An d‘verbrannten Uewer-kierch gouf als Kapell opgebaut, da 1629 mat Stréi gedeckt a krut eng Klack… 1794 ass den Uert mat Esch an Zolwer verbrannt.. a vu nobäi stationnéierte franséischen Zaldoten an der Revolutioun heefeg iwwerfall ginn. Well d‘Geeschtlech vun Déifferdeng, Uewer- an Nidderkuer keen Treieid zur Republik geleescht hu gouf de Kierchemiwwel aus der Gemeng versteet (an d’Porhaiser och) a spéider deels un d‘Kierchen zréck-geschenkt. Aus der suppriméierter Nidderkuerer Kierch hat de citoyen Henri Theis ‘vingt bans, (bancs) trois autels en parties boisés‘ an d’kleng Kommiounsbänk gesteet fir douze francs! Niederkuer gouf 1803 vun der Por Uewerkuer getrennt an eng selbstänneg Por. Mëtt vun den 1850ger entstoung seng nei neigotesch Kierch mat 10 Säilen.. S’ass deels vir a nom 2. Weltkrich vergréissert ginn, an huet ënner hire Fënsteren z.B. d’Hl. Apollonia a Barbara vum Will Dahlem (vu 1962) am Quierschëff an als Pendant St. Petrus a Paulus vum Gust a Jean Zanter. Neierdengs ass d’Uertschaft an engem Porverband mat Déifferdeng a Lasauvage.

D’Chiers entspréngt um Bann bei ‘Kahr-haut’ a fléisst duerch ‘Kahr-bas’, schreift en alen Text. Nimm déi ëm Kar oder Kahr dréien stinn am 13. Jh. a sechs Charten a figuréieren 200 Joer spéider an Akte vu Klierf an vun der Zolwer Seigneurerie..Déi noo ronn 400 Meter héich Kopp, d’fréiert DagebaugebittGiele Botter’ ass haut e Biotop an zielt zum Naturschutzgebitt Prënzebierg. ‘t bitt e Sentier géologique an e Sentier de découverte un mat 9 Schautafelen iwwer Formatioun, Aspekt an Ofbau vun de Minetteschichten. Wichteg nach: 1991 koum de Bunker Hondsbësch op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter. An dësem ale Niewe-Stollen waren an totaler Isolatioun vun der Baussewelt säit Februar 1944 no an no iwwer 122 Refractairë verstoppt.

P.S. E Seigneur Nicolas de Kaar steet ënner de Chevalier’en, déi 1246 mat der Comtesse Ermesinde geschwuer hunn den ‘Afranchissement de Luxembourg’ ze respektéieren. Seng Seigneurerie war e Schlass op enger ‘colline de Niederkar, (..vermutlech um ‘Prënzebierg’) qui fut rasé par les troupes françaises en 1548 en même temps que celui de Soleuvre.’- D’Geschicht ass dem Albert Brie no ‘la légende sans le merveilleux.’ Am Legendeschatz vum N. Gredt figuréieren d‘Burjofferen vu Niederkuer. Beim grousse Wäschbur war do fréier dacks um Hallefnuecht e staarkt Geklapps ze héiren, wéi wann eifreg Wäscherinnen sech do iwwertreffe wéillten. Wollt dann e Virwëtzege luussen vu wiem déi Geräischer kéimen, gouf e mat Waasser iwwergoss a verjoht! Bei der Inauguratioun vum restauréierten ale Nidderkuerer Wäschbuer de 26. Mee 2005 däerften Anekdote mat oder ouni historescht Element Erënnerungen opgefrëscht hunn.