Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Ningsen

D’Regioun Uewersauer gehéiert zu eise reen-räichste Gebidder. Lokal Spréch z'erkläeren erfuerdert meeschtens Fantasie, a besonnesch bei dësem… 'Wann déi Ningsener de Peffer gedeelt hunn, da kënnt dat gutt Wieder' (... sousentendu ass hei no der Duerfkiermes!) Nodeem am Mäerz an Abrëll keng oder wéineg Kiermesse waren, dréien d’Karusseller theoretesch nees am Mee... Muncheen denkt nach drun, wéi fréier hei am Duerf eng Schéissbud an e klenge Buttek fir Animatioun gesuergt hunn.

Den 1. Sonndeg am Mee 2011 ass Kiermes zu Néngsen oder Ningsen. Samschdes Mëttes spillt do dann d’Foulschter Musek den Hämmelsmarsch. Mä ‘t gouf fréier do och e klenge Museksveräin an eng Theatergrupp! Am Duerf liewen haut 33 Non-Résidanten, d.h. Flüchtlingen an 115 fest Résidanten (…1848 goufen där hei 112 gezielt, grad souvill wéi beispillsweis zu Déiljen (Dillingen.) ‘t huet am alen Deel säi Charakter behalen, am neie Lotissement an der Delt stinn 11 Haiser an eng Residenz. Eng Dozze Kanner aus béiden Deeler goungen 2011, beim Schreiwe vun dësen Zeilen, zesumme ronderëm klibberen. 1879 goufen do 14 Schüler gezielt... haut ginn d’Schoulkanner an de Kietschter Centre Scolaire bruet. An der onopfälleger Markus-Kierch goufe kierzlech Fresken-Deeler fräi geluet. Eemol de Mount ass eng Mass an hire Wänn. No bei der Kierch erënnert eng Stèle un de Reenert… an deem et ënner anerem heescht ‘Mer fonten drop bei Néngsen -  En Iesel gutt am Schlof’… De Mechel Rodange sollt sech iwweregens do als Piqueur Cantonal apaart Geschichten an der Uucht verziele loossen.

Dat 1. Dokument iwwer d’Commune de Neunhausen - vum 10. ‘frimaire’ am Joer 12 - d.h. vum 2. Dezember 1803 (mat de ‘Localitéiten ‚Neunhausen, Insenborn, Bonnal et Lultzhausen et de la « cense » ou exploitation agricole de ‚Burgfried’) ernimmt 314 Awunner. Am  Summer 2010 hat si där 328… Di laang klengst Gemeng am Land organiséiert de 15. 8. e Grillfest… an eng Woch laang ginn hir Senioren op d’Rees! Hirem aktuelle Wopen seng Sträife weisen hinn op d’Esch-Sauer Herrschaft. An d’Dëschtel ass derivéiert vun der nobeler Famill Neunheuser. Soe mer nach, dass d' knapps 5 km laang Ningserbaach am lieu-dit Wëllerbur entspréngt a bei Ënsber an e Säitenaarm vum Stauséi leeft an... dass den Uertsnumm méiglecherweis zréck-geet op “Neunhusen” oder “Neunhufen”. Dëse kéinnt op eng fränkesch Flächemooss hiweisen; d‘sougenannten 'Hufe' bedeit ee landwiertschaftlecht Gutt, mir zitéieren: ‘welches mit einem Pfluge bestellt werden kann und demnach der Arbeitskraft einer Familie entspricht.’ Ob hei ufanks néng Häiser stounge mat besonnesch raffinéierte Leit? 'Die Neunmalklugen' gouf mol eng Jury vu néng Schiedsrichter genannt, mol ee Besserwësser.

Bei der Fusioun no de Walen verschmëlzen d’Gemengen Esch/Sauer, Heischent an Ningsen zu enger Neier, mam Numm Esch/Sauer... mä mat Sëtz zu Eschduerf. Dës ass da flächeméisseg déi gréisst aus dem Kanton Wolz.. Als Nodrag dozou nach dës Info: De neien "Centre Culturel" vu Néngsen stoung just zur Zäit fir d'Gemengewalen dran ofzehalen. Et ass e liicht 'U-Boot' förmege 'futuristeschen' Entworf vum François Valentiny,  vum Material hir awer traditionell am Steen aus der Regioun.

P.S. Zu gudder Lescht nach en hei geleefege Sproch:.. ’Den Hongersaack an de Geldsaack hänke keng honnert Joer un enger Dir‘. Seng Wierder kënnen nodenklech man. “E Spréchwuert ass e kuerze Saz deen op enger laanger Erfahrung baséiert”…Och dee Saz kléngt no Volleksmond… ass awer aus der Fieder vum Miguel de Cervantes (+1616) dem spueneschen Auteur vum „Don Quijote“.