Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Nuechtmanescht

Fir d‘ Nokiermes zu Nuechtmanescht… an der Gemeng Pëtscht huele mer eis e bëssen Zäit. D‘Duerf läit –grad wéi Grooljen op dem Ardennerhéichplateau, deem seng herrlech Landschaft net nëmme Leit mat Kamerae luewen. Säin eelst Bauerenhaus datéiert vu 1783. Mat him kontrastéieren dem Wandpark op der Héi seng zwou Wandmillen (vun 1997 an ‘99) déi e konstante Wand a Schwonk brénge sollt... mä deenen hir gigantesch Probelleren awer net méi a Funktioun sinn... ( Si goufen als éischt am Land vun engem private Promoteur gebaut .. wouraus dann emol e Problem entstoe sollt.)

Nuechtmanescht (Nachtmanderscheid) selwer huet 50 Leit… a mat deene vun der Veiner Strooss a ronderëm 20 méi. ‘t ass de klengsten Uert an der Gemeng Pëtscht an huet wéi d’Nopeschdierfer mat senge Bauere-Betriber e rurale Charakter. Seng Felder op der Héiht heesche „Steeland“; de Mémorial 1913 ernimmt e Projet um ‘lieu dit Steinland’… D’Éisleker Koppen heirëmmer hunn de Paul Roettgers vu Veianen staark geprägt, hie moolt se als ‘portraitiste’ de la terre an enger ‘désarmanter Simplicitéit’. Allgemeng awer gëtt senge Biller mat hirer “vum Wand gekierte Landschaft’ trotz Austeritéit vill Charme nogesot! Am Duerfzentrum hunn d’al Molkerei, d’al Schoul an d’Kierch eng Particularitéit… Se leien nämlech uneneen! 2011 gouf hiren uniquen Ensembel als Monument National klasséiert. Si hunn en ‘intérêt historique, architectural, artistique an esthétique’… a solle protegéiert ginn grad esou wéi di gutt 15 M héich ëm 200 Joer al Lann virdrun! (..vun där et aus Kannermond housch se wär virum 2. Krich geplanzt gi.... wat jo net falsch ass!)

D’Kierch mam barocken Altor huet just zwou Fënschtere laanscht d’Strooss an ass dat eelst vun den 3 Gebaier. D ‘Kierch an d ‘Schoul hunn eng ‘entrée commune couverte’ mat enger Dier riets an enger lénks. Virun ëm 15 Joer gouf bei der Renovéierung vum Altorbild mam hl. Méchel (vun 1905) ënnendrënner en zweet Bild aus dem 17. Jh. vum deem selwechten Hellege fonnt.. Dat méi neit hänkt elo am Pëtschter Gemengesall fir gutt Décisiounen z’inspiréieren. Nach intressant… de Kapellentuerm ass en Daachreider, d.h. eng ‘tourelle’ oder e ‚cavalier de toiture‘, deem seng Reparatur 1874 e Subsid krut vun 150 Frang.

Ob Schlënnermanescht, Nuechtmanescht oder béid eppes mat där 1153 ernimmte mächteger Eifeler Adel-Famill Manderscheid ze dinn hat, ass net gewosst.. Deemools war nämlech dem Heinrich IV. seng Allianz mat de Grofe vu Manderscheid a Veianen, an en Tausch vu Lännereien ernimmt. Wierder vum Guy Rewenig behaapte liicht ironesch ‘die eifel liegt um manderscheid herum’! D’’Maanischder Häre’ ware fréier Vogt vum Klouschter Iechternach an Lehnsleit vun de Grofe vu Lëtzebuerg. Eist Duerf ënnerstoung an der Feudalzäit mat Weiler, Merscheed a Grooljen bekanntlech der Branebuerger Herrschaft. Wéi ewell ugedeit... Patréiner ass hei den hl. Méchel! No sengem Dag hu fréier keng Rommele méi dierfen dobausse stoen, mam Argument, soss kéimen d’Wierm drun. An gutt Wieder ëm säi Fest housch ‘Méchelssummer’!

P.S. Wiederprognose sinn op den Éisleker Koppen heefeg onkloer... an heeschen ähnlech wéi dës ‘Teilweise bewölkt und möglicherweise Regen- oder Schneeregenschauer... "sms2citizen" heescht en Service deen hei d‘Leit neierdéngs informéiert iwwer Problemer, wéi beispillsweis Chantieren oder Déviatiounen, mä och Événementer an Aktualitéiten. Sankt Méchel huet effektiv am Pëtschter Gemengesall ewell gutt Décisiounen inspiréiert!