Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Munneref

Munneref steet säit 775 als "Muomendorph" a Schrëften, déi um Charlemagne seng generéis Nièce "Muomina" erënneren. Si hat der Iechternacher Abtei dëst Dierfchen un der Gander oder 'Ganer' geschenkt. Karel de Groussen hat do eng Residence; an hie sollt als bedeitenden Herrscher dacks tëscht senger Fra hirer Heemecht Diddenuewen an Oochen hinanhier reesen. Haut liewen hei 3.541 Leit vu 59 Nationalitéiten… an d’Méchels-Kiermes feieren s’all: fréier mat groussem regionale Maart, haut mat Concert’en, Buden an souguer Kanner- a Familljefloumaart an der Avenue des Bains.

Zu Munneref huet d’Ganer fréier Terraine getrennt vu Metz an Tréier; déi béid emol Réimerstied waren, haut spléckt s’eng Uertschaft an zwee. En Zäitspronk bréngt eis an d’Joer 1281 bei de Grof Henri V., vun deem d’Duerf e Fräiheetsbréif krut. Eis Grofen an déi vu Roussy, d.h. Rëttgen, haten hei Besetz.. E grousst Feier hat 1740 villes zerstéiert, mä net d’Gebuertshaus (vu 1734) vum Matinitiator vum Stader Volleksbildungsveräin a Resistenzler Frantz Clement. An d’Franzousefeld erënnert un 200 franséisch Gefalener bei lokale Kämpf virun der Stad -Kapitulatioun am November 1794. 

D’Geschicht’s-Experten Arthur an Emile Diderrich schreiwen, dass Mondorff vum Vauban senger Zäit bis 1769 franséisch war, wéi ënner aneren Duelem, Haassel, Elweng, Ierpeldeng a Bus. Beim Fixéiere vu neie Grenzen hat d’Grande-Nation dann den Deel mat de 17 Haiser déisäit der Baach behalen. 1806 hat d’Uertschaft 487 Awunner, ëmmerhi  just 37 méi wéi Altwis, nach enk Pavé-Stroossen an geschéckt Handwierker. Seng Kierch huet net nëmmen eng Lag wéi eng Buerg; si krut ewell vill Luef fir hir 'proportions heureuses an rare élégance'. Hire Mobilier schéingt deels aus enger kinnecklecher Kapell ze stamen. S’ass räich u Konscht am Barock- a Rokokostil, se huet eng fréibarock Greef-Roesdorf Pietà aus hirer Virgängerin. Hir Wandmolereie si vum H.G. Weiser an d'herrlech Ballustrade um Ducksall dekoréieren geschnëtzten Emblemer. Iwwer dem Altor gesäit een den Erzengel Méchel a Luzifer an engem Flamemier. (Vum hl. Méchel soll de Numm Satan kommen, dee Widersaacher bedeit.)

Munneref war laang eng kleng roueg ‘Bourgade‘… Mä u senge Quelle wollt kee Béischt drénken, se waren ze salzeg! Ähnlech Loutrenger Quelle goufe genotzt fir d’Salzproduktioun. Wéinst héije Steieren um Salzimport sollt es dann och hei gesicht ginn. Bei Sondage vum Gotthelf Kind goufen ufangs den 1840ger op 95 Meter Déift Salz-Spure fonnt. Op 736 Meter (...en deemolege Weltrekord a punkto Déift) ass d’Maschinn gebrach, mä bei 450 Meter war eng Mineralquell… D’Waasser hat dem Notaire Ledure no e Goût wéi dat am Oochener Thermalbad. Fir d’Quell z’exploitéieren entstoung 1846 d’Thermal-Gesellschaft - e Joer drop fir d’Aweiung dann e Gebai mat Buedkabinnen, e Bureau, Lies-Zëmmer, Festsall... an e Restaurant. Well 1872 de neie Poststempel vum Lëtzebuergesche Mondorff nëmmen een f hat aplaz 2 wéi virdrun, gouf dës Orthografie bäibehalen. 6 Joer drop koum d’Annexe –les Bains, an 1885 gläich no der Stad hei och den Telephons-Reseau. D’Bad krut geschwënn de Bäinumm ‘coquette station-thermale’…an 1893 souguer 800 Kurgäscht. Den Hotel du Grand Chef (no Plange vum Charles Arendt) an anerer, z.B. den Hotel de Paris, wou de Victor Hugo logéiert huet, typesch Jugendstilhaiser an de Park hunn et opgewäert! Mä Déiften am Betrib bloufen net aus. Vu Notze waren um Enn vum 19 Jh. Tourismus an Thermalismus, den Zuch, schéin Hotellen a breed Stroossen. Un de Flugmeeting vu 1910 erënnert eng Serie vu 40 Postkaarten, un de John Grün e Monument. - 1946 war de Centenaire vum Bad. An de 1960ger si jäerlech 160.000 Leit am Park promenéiert! Wéi Munneref duerno evoluéiert huet ass bekannt. Seng traditionell Méchelskiermes gëtt ëmmer nees grouss opzegunn. Et waarden do 2010 beispillsweis e Karussell op d’Kanner, en Intespill, e ‘pique ballons’, eng Confiserie an op Passanten eng onvermeidlech Frittebud a Brocante Stänn. An ass dës Deeg gutt Wieder, ass dat de Méchels- Summer!

P.S. d’Fransousen vu Mondorff appréciéiere Musel-, Saar- a Rhäinwäin, di Munnerefer Burgunder, Bordeaux a Champes. Hei beréiere sech de germaneschen a romaneschen Deel vun Europa. D’Uertschaft war viru knapps 400 Joer Deel vun der Mairie d’Altwies, Wiisser Dokteren hunn hir krank Awunner kuréiert. Haut kënne Wiisser, Stader an international Gäscht am Thermal-Bad an d’Kur goen oder 'Wellness' genéissen a Gourmet'en däerfen do den Alldag bei delikate Mäiffel vergiessen. De Choix vu gudden Adressen ass hei grouss. Am 'Renert' sot ewell 1872 de Kinnek zum Bier: Här Braun, dir gitt sechs Wochen no Munrëf an de Bad - an en Hotel wi dat zum groussen Helden..!