Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Masseler

Wouhier de Numm vum Dierfche Masseler kënnt ass schwéier soen; mä gewosst ass, dass do den 1. Mee Kiermes ass. "Massel" heescht iwweregens op jiddesch "Gléck". D ‘Mäerchen ‘Massel und Schlamassel’ vum Isaac B. Singer dréit ëm zwee Geeschter, déi de Mënsche Gléck an Ongléck brénge sollen! Mä dobäi probéiert ëmmer nees een den aneren ze stéieren. Wien theoretesch zu Masseler d’Uewerhand huet… de Glécksbrénger oder deen Aneren… kënne just Leit aus dem klengen Uert an der Gemeng Géisdrëf soen.

Masseler ass wéi Duerscht eng vun de raren Uertschaften ouni Duerchgaangsverkéier. D'Strooss di vun Dol duer féiert ass eng Saackgaass… an dës krut relativ spéit e Makadamm Belag an d’Waasserleitung. ’t ass zënter 1808 mat Nacher, Nacherstrooss an Dol eng eegestänneg Por. An der Feudalzäit hate si zur Nidderwolzer gezielt. Kiermes war hei virun 1891 den 2. Sonnden am September, haut ass se wéi zu Dol ufangs Mee. Masseler läit op 471 M Héicht, den Zesummefloss vu Wolz a Sauer am noen Dall op 232 M. ‘t ass wuel dat klengsten Duerf an der Gemeng an huet keng Kierch - mä seng 25 Awunner hunn di schéinst Vue Panoramique op ronn 30 Uertschaften… iwwer d’Ardennen a bei kloeren Deeg bis op de Kierchbierg. Typesch Ausdréck hei sinn ‘dat gëtt nach Stiwwelek’ - wat zweet Sot vu Wëllkoar a geruedte Louhecken heescht… an hakt fir haut. (Engelmann) A ’Feldhingercher’ housche gequellte Gromperen hei dacks ironesch! Dem Dictionnär no bedeit ‚Maassel’ e Päerdszoam (‚Zaumzeug’).

D’Geschicht vu Masseler ass enk mat där vun Dol a Nacher verbonnen. Archive wësse wéineg iwwer d ‘Dierfchen z’erzielen. 1484 ernimmt en Dokument de „Masselterhof“ am Herrschaftsgebitt vum Wolzer Grof... a spéider e Sträit ëm eng Holz-Steier. Am Abrëll 1736 gouf den Haff zu Gonschte vun der Irmine-Catherine Bockholtz verkaaft. (méi doriwwer erzielt d' lëtzebuerger Sonndesblat Enn de 1950ger.) Am Marienkalenner 2000 illustréiert d’Photo vum stréigedeckte Masseler Köhlerhaus Kontraster aus der Belle Epoque „Im Norden Landwirtschaft und vielfach (noch) Strohdach, im Süden dank Eisenindustrie aufstrebende Städte!“ (Entre parenthèse gesot: Dem ’Köhler’ Bernard Wolter säi klengt sougenannt ‘Eenhaus’ datéiert vun 1853. Holzkuele goufen iwweregens bis nom 2. Weltkrich am Streckeisen verwäert. Vum 20.3 1876 un war et am Land verbueden Haiser mat Stréidiech ze decken! En Daach aus Stréi sollt fréier op der Reensäit ronn 25 Joer an op der Südsäit 30 Joer halen. Et gouf dofir normalerweis mat der Sichel geschniddent Stréi vu Koar verwennt, sou dass keen Hallem geknéckt war. - 1906 koum eng eege Schoul an d’Mëtt vum “Dreieck Haarderbaach, Masseler Knupp an Houscht“. Dat lescht bedeit iwweregens ‘Broochland mat Gestrëpp’. Kandheets-Erënnerunge vum Professer Fernand Hoffmann ware mam Éisleker Hierscht an Hierdefeier verbonnen... Koum do ’den Owend dämmerech iwwer d’Masselter Héicht geschlach’ da goufe Gromperen an den Äschen zur Delikatesse’ sinn senger Wierder!

P,S, Net nëmmen de Köhlerberuf, och dee vum ‚Stréidecker’, dem Spezialist vu Stréidiech, ass en ewell laang ausgestuerwenen Handwierksberuf. Eppes wat un si erënnert sinn heefeg Haus- a Familljenimm, z.B. och Wagner (Woner), Weber (Wiewer), Schuster an Schumacher (Schouster), oder Kieffer (Küfer). Schmit a Müller (Schmatt a Mëller) fannen sech nach an der Beruffswelt. Si gehéieren mat Uerts- a Virnimm zu den 3 wichtegste Kategorien vu Familljennimm... heescht et an der Erklärung vum Alain Atten, déi de Statec 1984 veréiwegt huet. ’Masselter’ baséiert om Uertsnumm oder vläicht wéi ewell gesot, op dem Fabrikant vu Maasselen!