Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Pafendall

Am eelste Stater Männerchouer ‘Sang a Klang’ hunn an 150 Joer vill Jonker geléiert sangen…. mat Suerg op eng däitlech Dictioun! Dëst war dem gebiertege Pafendaller a laangjäregen Dirigent Laurent Menager (eisem Nationalkomponist vum 19. Jh.) ganz wichteg. Vun him ass ë. a. d’Operett “Den Här an d’Madame Tullepant”, un hien erënnert d’rue Menager, och “Ieweschtgaass” genannt. Typesch Daller Ausdréck erkläert d’Buch «Um Vaubang» vum Adel Weis: En ‘Gesaten’ ass kleng an déck, en ‘Zolidden’ huet graff Schanken, ‘gruëd’ bedeit éierlech a riicht gewuess, ‘mëtschgieweg’… generéis a ‘verschotert’ heescht fäerterech. D’Mentalitéit verréit des Episod: Zwee Männer sproochen op der Bréck; deen ee géif gär emol d’grousst Lous an der Lotterie wannen. Deen aanre mengt spontan.. “an da léisst de mir e Groen zoukommen!“ D’Reaktioun ass typesch: ”Liddregen Hond, kanns de net selwer wënschen!” Wou fréier eng speziell Atmosphär vun Toleranz a Bonhommie war, haten d’Schéireschläifer an Doléiner eng eegen Zonft. An ‘t goufen do rar Berufer wéi Paveeleeër, Suedler, Kamäinbotzer, Hondsdrecksammler, Neel-a Käerzemecher.

De Pafendall, d’fréiert “Tal-der-Mönche“, huet säit dem 11. Jorhonnert der Aalmënsterabtei gehéiert. Hei koum di grouss Réimerstrooss laanscht den Théiwesbuer erof vum Fëschmaart iwwer d’Réimerbréck op de Weimeschhaff. Hei goufen ural Mënze fonnt. Ëm 1271 gouf d’Matthäuskapell um Théiwesbuer (derivéiert vun Théius) erweidert. An den Altorstee koum e Glas mat rouder Äerd aus dem hellege Land, an de Buedem agegruewe gouf eng Kräizfuerermedaill mam Bild vu Louis dem Hellegen. (Beim Ofbroch 1843 goufe béid erëmfonnt.) Ob dee Kierchenneibau e Rapport hat mam Wuesse vun der Awunnerzuel oder mam gudden Enn vum Grof Henri V. sengem Kräizzug? Hien hat 1289 dann am noe Sichegronn eng Leprosekapell baue gelooss.(Den neie Kierfech Sichenhaff-Sankt Méchel-Saint Ulric entstoung knapps 500 Joer duerno.) 1670 ass d’Mathäuskapell ernimmt als Filial vu St.Méchel. Ee Joer drop hat de spuenesche Gouverneur Monterey am Pafendallerbierg Haiser ofdroe gelooss, aus Secherheetsgrënn. D’Leit kruten dofir en Terrain an der Uewerstad (am Franziskanergaart, wou Chimays- an d’Louvignysgaass hikoumen.) De Vauban huet geschwënn drop de Pafendall an d’Festung abezunn duerch d’Bréckebefestegung beim Béinchen an d’Eecher- a Sichepuert. Hien hat sech der Stad „zunächst auf Seiten des Feindes genähert“ schreift d’Chronik, an dann 1684 no der Eruewerung 3000 Aarbechter dirigéiert beim Erëmopbau vun der Festung an, ënner aanrem dem Bau vu neie Redouten an dem schéinste Militärbau vun der Stad, der 70m laanger Vaubankasär!

D’nei Secherheet huet Obschwong nogezunn. An d’villbesonge Sichegaass koume nei Haiser, d’Muerbels- (Mohrfels) an d’Bréckermillen haten Aarbecht an d’Uelzecht hat Fësch! Ufangs vum 19. Jh. hunn hei 75 Lengewiewer-familljen op Schichte geschafft. ‘Leinwebergasse’, Rue Saint Mathieu oder Descherwee waren Nimm fir eng selwecht Strooss; hir aktuell Haiser sinn héchstens 100 Joer al… D’Zuchepuert an den Hondhausviadukt stoungen 1859. Dem Citoyen Boitard säi Reliefplang vun der Stad vun 1802 dokumentéiert di fréier Haiser vum sougenannte “Gibraltar du Nord” an nennt de Pafendall ‘vallée profonde à l’orient’.

1843 sollt en aachteckege Kierchenneibau vum Architekt Eydt d’al Mathäuskapell ersetzen, mä e war net richteg funktiounsfäheg, well net ze hëtzen! E gouf 1847 allerdengs zur Porkierch erhuewen an eng nei Por war gebuer. Eng Trouvaille aus dem Joer 1861 vum H. Oberhoffer verréit, dass net vill Kierchen am Land eng Uergel hunn… mä di “gewëss net bemëttelt Por Pafendall“ eng zum Präis vu 4.600 Frang ugeschaaft a gläich bezuelt hat! D’aktuell neobyzantinesch Pafendaller Kierch enstoung 1871-1872 no Pläng vum Charles Arendt. Hire Subsid vun 2500 F. war awer net héich genug fir d‘fielseg 5,90 Ar grouss Gaardeparzell donieft zekafen. Den Cäciliechouer gouf 1881 gegrënnt, di nei Uergel ass vu 1903. E Koschter huet mat roudem samette Beret a geschnëtzeltem Staf als Schwäizer fir Disziplin bei de Kanner gesuergt. D’apaart Arkadeblend (och Lisenen oder "Rundbogenfries" genannt) am Giewel vun der Kierch an d’Statu vum Matthäus maache virwëtzeg op den Intérieur. Ervirzehiewen ass do den Tableau vun der Assomptioun hannerëm Altor (wahrscheinlech vum G. de Crayer, engem Rubens Discipel) - deen eng historesch a reliéis Valeur huet. De Kräizwee ass speziell, an d’wäertvoll Statu vum Kierchepatréiner mam Buch staamt vum N.Greeff-Greisch. D’Fënsteren illustréieren d‘biblesch Geschicht. Bei der Explosioun um Béinchen, 1976, hu si geziddert - well do dräi Leit ëmkoumen an 83 Wunnengen zerstéiert goufen. Dësen dramatesche Fait ass leider keen Dram wéi se der Madame Tidick Ulveling no hei u jidder Fielsvirsprong hänken.’ A keng “Soo wi s’aus jidder Mauerritz erausdréngt” waren di sechs am Zweete Weltkrich verstoppte Jongen am Kierchtuerm. Den deemolege Paschtouer a säi Koschter hu si do ënner Liewensgefor ëmsuergt an eng Plack un der Fassad erënnert un si.

P.S. De Musical ‘Hopp Marjänn’, deen éischte lëtzebuerger Musical vun där jonker Wäschfra aus dem Pafendall, spillt an de 1920ger. D‘Wierk (vum Pierre Nimax a Pol Pütz) hat den 21.12.1980 Première an duerno 10.000 Spektateuren. ’t ass deels Milösbeschreiwung, dréit ëm d‘Moral vum klenge Mann, distinguéiert Stater an den Alldag ëm de Vaban’s Tuerm. Dësem seng aktuell Kultur-Funktioun besteet an audio-visuelle Presentatiounen. En ersetzt d’ewell 1338 ernimmte Puert ‘des Bons Malades’ a gesouch d’Iwwerschwemmung am Februar 1795, wou den Haiser hire Rez-de-chaussée ënner Waasser stoung. Dëst an d’fréier wichteg Eiskellere sinn haut bal vergiess. D’Rout Bréck spaant sech 74 Meter iwwer dem ‘Dällchen’, deem säi Veräinsliewen nach deels floréiert. Nenne mer z.B. den 1857 gegrënnte Sang a Klang, deen no 65 Joer säi Veräinsbau krut, de Fëscherveräin, de “Kannerchouer Laurent Menager“ an de säit 1919 aktiven FC ”Red Black Pafendall” (haut fusionnéiert mam FC Egalité Weimerskirch.) Net ze vergiessen: den Intresseveräin Pafendall-Sichenhaff! Hien ‘pucht d’Bengelen net bei d’Tromm’ (F. Théato) an engagéiert sech fir d’Erhale vum lokale Patrimoine.