Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Hamm an Hammerkierfech

Hamm war fréier ekonomesch ofhängeg vun der Al-Menster-Abtei. Et huet zur Por Sandweiler gezielt, a vun hei gouf 1684 d’Festung bombardéiert. Di éischt Kadaster Plange weisen 18 bewunnten Haiser. Hamm hat laang eng Postkutscheverbindung an d’Stad… Säi Stroossebild weist haut e risegen Opschwong. Mä nach 1988 gouf gesot: d’Uertschaft wär 'lassgeléist vum Stadtgefüge, Stad-deel an awer nach Duerf' an, dass awer d’Zäit do net stoe blouf! Op enger Plaz nobäi hale Passanten den Otem un, an d‘ass beim Ubléck vum Hammer Militär-Kierfech. Dëse léisst keen onsensibel.. en ass esou ugeluet, dass een aus egal wat fir engem Wénkel eng Rei Kräizer gesäit! E léisst un d‘buddhistescht Gebiet denke mam Wonsch 'de vivre en paix et d'être épargné de chagrin'…

D’Réimer haten zu Hamm eng Waachstatioun, wahrscheinlech fir den Uelzechtdall ze kontrolléieren. E Kaafakt ernimmt hei e Katharine-Klouschter an e Reklusenhaus (1347) dat 10 Joer virdru konsékréiert gi war an 1443 opgeléist gouf aus Mangel u Nowuess. D‘Katharinekapell blouf bestoen a war e bekannte Pilgeruert bis zur franséischer Revolutioun.. Se gouf e puermol restauréiert an se huet vun 1747 däerfen als Duerfkierch genotzt ginn. Fir hir Vergréisserung hat den Architekt Knepper 1902 d’neogotisch Formesprooch ugewannt. An d’selwecht Joer gouf do d’Waasserleitung ugeschloss un d’Quell vum Birelergronn. Ob d’réimescht Bad ënner dem Kiercheschëff sengerzäit do och Waasserréserven hierkrut?  D’Geschicht ass gespickt mat Rätselen an Heldendoten…

Om Militärkierfech vun Hamm rouen Helden aus eiser Zäit: do sti 5076 wäiss Marber Kräizer fir amerikanesch Zaldoten, d ‘jüdesch Griewer hunn en Davidstär, di aner e Kräiz, an 101 erënneren u net identifizéiert Gefalener. Ënner hinnen rout och de Generol Patton (deen den 21.Dezember 1945 un de Suite vun engem Autosaccident zu Heidelberg gestuerwe war.) Während der Rundstedtoffensiv hat dat ganz rapid Virrécke vu senger Panzerdivisioun am Guttland eng zweet däitsch Invasioun verhënnert! Traditionell kréien d’amerikanesch Gefalen ëmmer Samschdes, Enn Mee, um "Memorial Day" offiziell Respekt erwisen. Fir si fléien no der Zeremonie an der Kierch a no der Begréissung véier A-10-Maschinne vum 52. Kampfgeschwader vu Spangdahlem hier a Formatioun, mat ëm 600 à l’heure, iwwer den amerikaneschen Zaldote Kierfech. D’Pilote nennen dee Flyover "eng ganz besonnesch Éier". No enger Visite um Militärkierfecht sot de 26-järege Captain Matt Allen aus Nashville/Tennessee "Dee Besuch hat hien emotional staark geprägt... an him d’Verbonnenheet vun de Lëtzebuerger mat den US-Amerikaner gewisen. Et gëtt hei ëmmer nees gesot dass ‘Fräiheet, Onofhängegkeet, Demokratie a Mënscherechter Wäerter sinn, déi ze verdeedege sinn géingt Ënnerdréckung an Tyrannei... Den Altor vun der Kapell huet eng Inscriptioun aus dem Johannes Evangelium: I GIVE UNTO THEM ETERNAL LIFE AND THEY SHALL NEVER PERISH. - Säit Pällemsonndeg 1945 ginn um Hammer Kierfech Blummen niddergeluet. Esou eng Gedenkfeier ass wichteg, dass Jonker sech Froe stellen iwwer den Zweete Weltkrich - denkt de Laurent Mosar. - D’Chronik vun der Habschter Harmonie erënnert un hiren éischte Nokrichs-Ausfluch am September 1946, via Hamm op Waasserbëlleg; an duerch e glécklechen Zoufall haten si do virum Militärkierfecht de Generol Eisenhower getraff. - Een anonyme Visiteur hat emol d’Remarque gemat, dass hei ënner de wäisse Kräizer Zaldote rouen, deenen hir Virfuere méiglecherweis vun hei koumen!

P.S. Visite guidéeën erklären d’ historesch Rouplaz vun 5076 Gefalenen um Hammer Kierfech. E war de 16. Dezember 1946 fäerdeg. Seng Architekte Keally an Patterson an och de Paysagist Alfred Geiffert Jr. koumen aus New York City; Mëttelpunkt vum Memorial ass d‘quadratesch Kapell op engem Sockel. Op de Pylone sinn Tafele mat Nimm vu Vermëssten. An op der Granit Terrass stinn Wierder vum Generol Eisenhower a bronze Buchstawen (fräi iwwersat): Zur Erënnerung dass mir un all déi Männer eng grouss Schold hunn beloune mir hiert Affer mat dankbarem Undenken.– D’Ursaach fir déi si gestuerwe sinn wäert éiweg bleiwen.