Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Belair

1. De Quartier Belair

Viru 1956 housch de Staddeel Belair «Neimärel». Wéi seng nei Kierch stoung hat de franséische Konschthistoriker Frank Elgar eist klengt Land bewonnert, «dat banne vu senge Grenzen Mënschen a Mëttel fonnt huet sou voll der Konscht an der Relioun ze dengen». De relativ jonke Wunn-Quartier erstreckt sech ëm d'Avenue Gaston Diederich (virdrun rue Bel-Air), d'Lonkécher Strooss, d'Avenue Guillaume an Directioun Laangheck, d.h. d’haiteg rue des Aubépines. Seng Niewestroossen entstoungen an den 1930ger Joren. Vun 1925 un ass d’Trammsligne 11 iwwer d'Märeler Strooss gefuer. Dës Plaz gouf am 13. Joerhonnert “op Duvenfeld”, op Dauwelt, genannt well hei gëfteg Botterblummen, Douve’n, oder “renoncules de marais” gewuess sinn. An de fréiren Uebstbongerten a Wisen hu vru laanger Zäit Kéih geweed, elo lued do e gefleegte Park an ze flanéiren!

Zur Urpor Hollerech hu fréier d'Uewerpéitrus, Bouneweg, Gasperech an Zéisseng, Märel an de Belairer Haff Daubenfeld gehéiert. Haut sinn Zéisseng, Märel a Belair an engem Porverband. De Grondsteen vun der neier Belairer Kierch ass de 17. Dezember 1953 geluet ginn, no Pläng vum Architekt Laurent Schmit an ënner der Devise “Gloire à l’Eternel”. Den 30. Mee 1954 gouf de Bau deem om Virowend zu Roum kanoniséierte Pius X. geweit. Ee Joer drop koum Mëtt Abrëll d'Kräiz op den 69 m héije Kierchtuerm. (En Hinnche gëtt et och, mä bannen an der Kierch!) D'Montéiere vun der stole Konstruktioun aus dem Atelier Wurth hat just 3 Deeg gebraucht. Seng véier schwéier Klacke sinn dem Pie X, der Thérèse vu Lisieux, dem hl. François an dem Jean-Baptiste geweit. 1955, am Hierscht, goufen di siwen 262m2 grouss sougenannten "vitraux en dalles de verre" an d‘Südwand poséiert. D'abstrakt Wierker vum François Gillen aus dem Atelier Barillet si kontrasträich an erënneren am Sujet un d'Symboler vun der Eucharistie, ënner aanren Quell, Dauf, Kielech a Pelikan. Konsakréiert gouf de Bau de 9. Mäerz 1957 a Presenz vun der Grande-Duchesse Charlotte an dem Prënz Felix. Seng Uergel huet dräi manuel Clavier'en an 3503 Päifen, de Professer Alain Wirth ass hiren Organist.

Vis-à-vis vun der ‘Liichtsymphonie‘ aus Glas sinn d’Statiounen an d'Mauer gravéiert. De Ben Heyart huet hinne ‘kräfteg vereinfacht Contoure ginn, déi dat Essentiellt undeiten’, schreift de Michel Schmitt. An d’no uewen oppen Mosaikkompositioun am Chouer (e Wierk vum Fr. Gillen) zielt hien zu enger Konschtrichtung, déi sech un d’Erliewneskraaft vum Betruechter adresséiert. An der Belairer Krypta si vun 1972 un relies Déngschter an der Woch rondrem e klenge Greeff-Altor vum ëm 1730, deen aus Privatbesetz koum. Fréier Belairer Attraktioune waren de "Brasseursweier", de Vëlodrom an d’Klouschter vun de d'Franziskanerinnen, wou d'Leit Sonndes an d'Mass goe konnten. Net ze vergiessen… no 1932 de Jesuiten hir semi-publique Chapelle du Christ Roi, gebaut vum Architekt Hubert Schumacher mat vill Beton armé an engem einfache Basilikastil. D’Patre koumen 1931 heihin mat der Intentioun eng pastoral Charge z’iwwerhuelen. Belair hat dunn 3200 Awunner, krut 1935-36 eng nei Schoul, an e Besoin no Porliewen war do. Et krut du gläich zwee Geeschtlecher an 1938 entstoungen éischt Pläng fir eng Porkierch. Realitéit gouf se wi gesot spéider.

De Krich huet dës a vill aner Projete gestoppt, mä ’t entstoung Solidaritéit! Zu Neimärel haten 600 Evakuéierter aus der Ardenner Offensive Refuge fond. Buurschent gouf duerno besonnesch ënnerstëtzt mat zwee Camione voll Haushaltsartikelen. 1946 war d’éischt Kommuniounsfeier an der soberer Kapell vum Christ Roi op Nummer 23, avenue Gaston Diderich, di am ganzen 20 Joer laang provisoresch Porkierch si sollt. Als Loyer fir Pormassen dran ze halen kruten d’Jesuiten elo 5000 Frang de Mount an de Frère Sacristain 200. D’Statute vun der Chorale datéiere vum 15.7.1950, ee Joer drop hat se 28 aktiv Memberen. Et sollt dann och net méi laang daueren, bis Chorale an ’Paroisse’ d’Grondsteeleegung vun der neier Kierch materlieft hunn. (Fir de 17. Mee 2007 war eng Séance Académique programméiert fir hire 50. Anniversaire.) -  D'Belairer Kierch kombinéiert Mosaik, Marber,Glas, Metall an Holz an ass als Exempel vu moderner Kierchekonscht jidderzäit en Ëmwee wäert. An hirer multikultureller Communautéit si regelméisseg frankophon Liturgie programméiert. An Frënn vu Chronogrammen erënnert dem Latinist Paul Leimbach seng Zeil vun 1957 «SANCTI  PII  DECIMI ECCLESIA  ISTA» - Voici l'église de Saint Pie X, drun wien hei de Patréiner ass.

P.S. Ëm Belair dréit eng intressant Geschicht vu 1923; deemols war bei engem Bau no beim Bellionshaff en Aarbechter an e Gruef gefall. E war hallef begruewen ënner stengegem Buedem, gouf gerett, huet no Loft geschnaapt a säin éischte Saz war… ‘quel bel air!’ Dat Wuert huet gefall.... a méi wéi de Stroossennumm inspiréiert... Dëst a villes méi erzielt d’Brochure ‘50 Joer Por Belair’. - De Belairer Quartier kritt deemnächst Zouwuess, tëscht der rue d’Amsterdam an der Aubépines-Strooss ass en neie Lotissement am Entstoen. De Projet ëmfaasst 253 Wunn-Unitéiten mat 72 Eefamilljenhaiser an 28 résidentiel Immeublen, Gréngzonen a Foussgängerweeër.

2. D’Franziskanerinne-Klouschter

Op den Alter vum Belairer Quartier weist seng éischt Primär-Schoul mat hire 9 Säll hinn, hir Ouverture war am Hierscht 1935. Well d'rue d’Amsterdam eréischt 1937 entstoung, haten d'Kanner aus dem Kräizgrënnchen e Wee iwwer eng kleng Passerelle. De Quartier Neimärel zielt vun 1920 un zur Stad, e krut 5 Joer drop nei Stroossennimm, aus der rue de l'Étang gouf z.B. d'rue des Dahlias an aus der Laangheck d'rue des Aubépines. Nodeem den Tram am Asaz war goufe vill nei Haiser gebaut. ‘Belair‘ krut Mëtt de 1930ger ënner fënnef neie Stroossen och d'rue des Franciscaines. A 6 Méint sollten hei 168 Bauautorisatioune gefrot ginn. Parallel dozou ass eis Banqueplaz gewuess, et koume mateneen zéng neier an d'Stad. A soss? Dräi Joer no eisem Botter krut 1935 de lëtzebuerger Wäin de Qualitéitslabel „Marque nationale“.

D'Belairer Franziskanerinnekapell gouf 1925 konsékréiert; den 1. Steen vum Klouschter war 6 Joer virdru geluet ginn. Kucke mer zréck wat seng Mauere materliewt hunn: 1901 war d' Ferme Bellion un d'Dominikaner verkaaft ginn. An hirem Bau ass haut d’Stëftung "Hëllef Doheem". No 1913 sinn do Tréierer Schwesteren agezunn, bis am Hierscht 1917 alles an d'Hänn vun de lëtzebuerger Franziskanerinnen vun der Baarmherzegkeet koum. D'Nr. 50 gouf hiert neit Mutterhaus. Dem Klouschter seng vireg Maison mère stoung um Fëschmaart. Am Juni 1847 war den Uerden an der rue St.Ulric gegrënnt gi vun der 43järeger Anne Elisabeth Françoise Dufaing, genannt Mutter Franziska. Seng Memberzuel ass gewuess an e sollt e puermol plënneren. Zu Belair kruten d'Schwestere séier e gewëssen Impakt op d'reliéist Liewen. Vun 1922 un hunn se di Krank ronderem soignéiert. Hir Kapell huet holze Statuen vun der Muttergottes mam Këndchen a vum hl. Franziskus, deem seng Regele vum 3. Uerden se suivéieren. Opgefall dran ass deemols e schéine Brücher Tableau, dee bei der Renovéierung Enn de 1960ger iwwermoolt gouf. Erhalen ass déi al Fënster mat Maria, der Kinnigin vum Uerden, an der Mëtt vun den Hellegen, déi dem hl. Franz nostoungen (wéi z.B. d'Elisabeth an d‘Klara).

Zwëschenduerch e Gedanken zum Charisma vum Franz vun Assisi, deem sengerzäit jidderee nolauschtere wollt obwuel e net geléiert, net schéin an net adeleg war. Ee Grond war vläicht deen, dass Helleger als ‚Garante vun Zouversiicht‘ gëllen. Vun 1937 un sinn all Dag 2 Stonnen Ubiedung vun der Eucharistie. An d'Klack um klengen Tuerm pénkt um 12.00 an owes um 7.00 fir den Angelus. - Den Aumonier vum Klouschter war fréier den éischte Geeschtlechen am Quartier. Am Abrell 1926 goungen éischt Schwesteren als Missionärinnen a Norwegen, China, an Taiwan. D'Klouschtergebai gouf lafend vergréissert a war laang net définitif fäerdeg. Am Kadaster steet de ganzen Areal als "Jungblutsfeld", nom Numm vum Piechter vum bekannten ‘Daubenfeld’ oder ‘Dauffelt’!

Am haitege Klouschter si Schwesteren di als Benevoler an Altersheemer oder an der Klinik schaffen - an Eelerer an der Retraite. Seng Diere stinn op fir di Aarm, 't gëtt do Iessen a Kleeder.. a bei Problemer e Gespréich. Gläichzäiteg mat der neier Belairer Kierch entstoung nieft dem Klouschter an der Mëtt vun de 1950ger Joren d'Clinique du Sacré Coeur. Ersat gouf se 2003 vum neie Kongrégatiounsspidol vun der Fondation François–Elisabeth um Kierchbierg. D'Mère Dufaing wär haut stolz op d'Aktivitéite vum Uerden. E passt sech dem Besoin vun de Mënschen un. An der Zäit vun der Cholera ëm 1854 hat en Weesekanner versuergt, zu Itzeg e Meederchesheem an zu Gréiwemaacher eent fir Jongen opgemat, Oeuvren, di haut d'ASBL Françoise Dufaing betreit. En ass och an verschiddenen Altersheemer engagéiert. D'Mutterhaus ass op fir Retraiten a Cours'en op sozialem a karitativem Gebitt. Säi Bannenhaff ass eng friddlech Oas, an där de Beemchen nieft hirem Patréiner duebel esou grouss gouf wéi erwaart. Ob säi vill rezitéierten idyllesche ‚Sonnegesank’ eppes domat ze dinn huet?

P.S. Märel a Neimärel goufe 1913/14 un de Waassertuerm vun der Arelerstross ugeschloss. Si haten deemols zur Gemeng Hollerech-Bouneweg gezielt, déi dunn 15.000 Awunner hat.. just 5000 manner wéi d’Stad. D’Fusioun mat der Stad koum dann 1920. D’haiteg ‘avenue Gaston Diderich’ hat virdrun ‘rue Bel-Air’ a nach virdrun ‘rue Dauwels’ geheesch. D’paralell al Lonkecher Strooss an de Kräizgrënnche leien méi déiw wéi sii. D’fréier Chapelle Ste. Croix weisen al Pläng; op deem vu 1772 ass si vun der Skizze hir vergläichbar mat der éischter Glaciskapell. 1770 hat de Sculpteur Bartélémy Namur 50 écus kritt fir hir en Altor ze man. De Pater Wiltheim hat si séngerzäit als ‘lieu de culte devant les remparts’ ernimmt (.. wourun Zeile vum Jos Goedert erënneren.)