Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Luerenzweiler

Luerenzweiler zielt 879 Leit.. D’Kierche-Patréiner sinn hei den hl. Luerenz, wéi de Numm et seet - an de Mäerten! De Linguist Robert Bruch hat d’Sprooch, wéi s’am Uelzecht - Dall tëscht Dummeldeng a Miersch geschwat gëtt… ëm Walfer, Luerenzweiler a Lëntgen… (a vu Steesel bis Goussel) als Parameter fir dat offiziellt Lëtzebuergescht geholl. ‘t konnt een awer tëscht dem 7. a 17. August 2010 hei méi Friem-Sproochen héieren wéi soss, well d’lokal Guiden a Scoute St. Laurent een internationale Camp organiséiert hunn fir hir 40 Joer ze feieren!

Zu Luerenzweiler oder lokal Luerenzwëller, wou 1896 an de «Gonneschwiesen» an am noe Mierscherdall eng ‘Engerléngsepidemie’ net konnt verhënnert ginn… ass Mëtt August Kiermesstëmmung. Op d’Scoutskiermes erwaart goufen 300 Jonker aus den EU Memberlänner, a Scouten tëscht 11 a 17 Joer. Déi Leit aus der Uertschaft, déi duerch den ‘Hämmelsmarsch’ oder duerch Souveniren un al Duerf-Fester Appetit krute, konnten um Camp ‘Kiermeskascht’ schmaachen.

Beim traditionelle Feiere vum Buergbrennen haten d’jong Luerentzwëller Borschten e speziellt Heeschelidd; Op Buergsonndeg goufen hei an zu Lëntgen beim Sammele vu Brenn-Material fir d’Buerg ‘Schädder’ geheescht… de Pluriel vum Scheet Holz! (Engelmann) - A propos Buergen: do sinn hei keng visibel Spueren... mä Hiweiser. Op wichtegen enken Duerchgangsplaze ware fréier Buergen… D’ Kléck, di enkste Plaz am Uelzechtdall zwësche Luerenzweiler a Lëntgen, wou d’Uelzecht iwwerquéiert gouf, sollten emol dräi Buergen iwwerwaachen. Dëst schreift de Roland Meyer am ‘Geschichtsunterricht online’. D‘Luerenzweiler Kasselt ass jo och eng Ofleedung vum laténgesche Castellum! D‘ Pendante sollten op Pretten-Fléikert an Lëntgen-Buergbierg sinn! Lëntgen huet och eng rue Kasselt an e Lotissement "Am Buergbierg" dee no engem lieu-dit benannt ass. Fliehbuergen wéi z.B. d’Wichtelslee vis-à-vis vum Hunnebur oder de grad hei genannte „Kasselt“ bei Luerenzweiler hunn duerch verschidden Epochen der noer Bevëlkerung a Gefore Schutz gebueden. Mä doriwwer sti nach munch Froen op... Reeëll ass awer zu Luerenzweiler d’Plaz mam "Klenge Paradäis"! Dëst Monument beweist Kanner-Kreativitéit; de “Kanner Gemengerot" vu Luerenzweiler hat deen apaarte Mosaik mat Bäihëllef vu Kënschtlerhand geplangt an aus ville gesammelten an eegenhänneg gebrachene Plättercher realiséiert. Geschéckerlech Kanner intresséiere sech sécher dofir, dass fréier hei mat Succès handwierklech-kreatives geleescht gouf; a Vannerien si nämlech net nëmme Kierf geflecht ginn ... Engem Elsässer Sproch no besteet Aarbecht jo aus Zweeërlee, aus…"raciness amères an fruits sucrés!“

Vun hei geet och eng Promenade op Blaaschent an zréck iwwer de Fautelfiels. No bei Hielem ass an enger 9 Meter déiwer an ëm 4 Meter breeder Fielsgrotte eng Kapell. Hiren Altor kënnt aus der 1840 ofgedroener Kierch vu Blaaschent… ‘t gëtt vermutt dass do en Eremit oder zäitweileg Köhler gehaust hunn. Den aalwallounesche Begrëff Faulde bedeit jiddefalls Kuelegrouf. - D’nei Nordstrooss, d’ A7 an d’Autobunnsbréck hannerëm Nordportal vum 2.966 Meter laangen Tunnel Grouft, (dat längste Bauwierk vun der Nordautobunn) a virum Tunnel Gousselerbierg sinn hei nobäi! - Nei Brécken, al Hielen, verschwonne Buergen a soss Detailer aus der Luerenzweiler Geschicht… an modern Konscht kéinte Gespréicher beim Kiermespatt animéieren. Den Architekt Paul Andreu nennt d’Konscht nämlech en universellen ‘outil de dialogue’ iwwer Epochen a Länner eraus!

P.S. Dee vun hei gebiertegen Abbé Heiderscheid bedauert, dass d’ idyllesch Plaz beim Fautelfiels e bësse ‘vereinsamt’ an eiser Zäit, déi mat alle Faseren no vir drängt a keng Besënnung méi kenne wëllt. - Säit dem 2. Oktober 1823 besteet d'Gemeng Luerenzweiler an hirer heiteger Form duerch d' Fusioun mat der Nopeschgemeng Hënsdref. Un der Nordstreck op Léck entstoung hei 1860 eng éischt Gare, a 1910 eng Nei; dunn gouf di al bal 70 Joer als Wunnhaus genotzt. Um Wopen fält eng Hand op déi schwiert, ugelehnt un d’ Iechternacher Abtei, e Bier, inspiréiert vu St. Marximäin vun Tréier an e Grill als Attribut vum hl. Laurentz.