Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Léiler

Duerch seng wäiss Haiser an di schéin Duerfkierch wierkt Léiler verdreemt an idyllesch, En léiwen ale Begrëff ass hei “Bockelwänzel“ fir “Kopplabunz”. Um Duerf seng Liberatioun vum 25. Januar 1945 duerch d’Truppe vum Lt. Ray Griffin (bei minus 18 Grad) erënnert e Monument. Fennëf Woche virdrun blouf trotz allem “Kurem“ (wéi Courage an Ausdauer hei heeschen) den Uerder an der 1. Phase d’Ligne Maspelt-Léiler-Lellgen “at all costs” ze halen, eng ‘mission impossible’. - Léiler krut 1857 eng Schoul (mat enger Schoulklack um Daach, "dem Bëmmelchen") ...mä dës huet relativ séier eng Nei ersat, wéi den ale Sall 1902 fir 63 Schoulkanner  ze kleng gi war.

Léiler gouf am 12. Jorhonnert zesumme mat der Abtei Prüm ernimmt an am 16. emol “Lelour” a “Lelair”genannt. 1903 waren ënner sengen 304 Awunner e Schneider, zwee Schräiner, e Schouster, e Woner a véier Wiert mat Épicerie. Am Hierscht 2006 hunn hei um Enn vun engem aparte Säitendall vun der Our nach 168 Leit gewunnt. (Ee Lécker Diozesan-Regëster vu 1602 dokumentéiert d’Léiler ‘Chapelle Sainte Croix’. De skulptéierte Wopen am Kierchechouer weist allerdéngs op d’Seigneurie vun Ouren hinn, den Territoir rondrëm war fréier hires Besetz.)

Am 17. Jorhonnert gouf seng “antiquissima capella” beschriwwen an am 18. säi Kierchebesëtz, d.h. Felder, 28 Schof an e puer Kéih, di d’Parkanner gefiddert hunn. D‘al Lieler Laurenzius-Klack datéiert vu 1721.. d’Leit haten s‘an der franséischer Revolutioun 1 km baussen dem Duerf agegruewen! 1930 gouf déi Plaz bei Buedemaarbechten am "Molbert" erëmfond. (Di zweet Klack war konfiskéiert an 1830 ersat ginn.)

D‘Duerf hat bis 1807 mat 10 aneren zur Mammepar Wäiswampech an dem Landkapitel Stavelot gezielt; duerno huet de Metzer Beschof et zur selbstänneger Par erhuewen, (säin deemols neit Paschtoueschhaus hat 354 Krounentaler kascht.) Nom Wiener Kongress koum dat "neit" Groussherzogtum kierchenhierarchesch bei d'Diözes Namouer. Ee klasseschen Kierchtuerm ersetzt hei e staark iwwerhéihte Chouerbau aus dem 14. Jh. an deem d’Klacken hänken - an dofir zielt se zu den typeschen Ardenner Chouertuermkierchen. Vun 1849 ass dat haitegt Kiercheschëff.. An der éischter Hallschent vun de 1950ger goufe beim Rekonstruéiere vu mëttelalterlecher Bausubstanz Freske fräigeluet, déi de Bau haut valoriséieren: D’Motiver am Verwëllef weisen d‘gefliggelt Evangelistesymboler, en Engel, e Léif, en Adler an e Stéier; sou al wéi si ass och dat an d’Wand integréiert spéitgotescht Sakramentshaischen. D’Schutzmantelmadonna iwwer dem Okulus erënnert un d’Figur vu Scherpenheuvel; si an d‘Apostelfresken un de Wänn sinn eppes manner al. De Rokokohéichaltor mat Dréihtabernakel an d‘Engele stame vun Eberhard Hennes vu Neuerburg a grad esou d’Statue vum Laurenz an der Margaretha; zesumme «straale si e regional ländlecht Skulpteurstalent erëm» schreift de Michel Schmitt. D’modest Laanghaus mam flaache Plafong an hëlzen Dunnen erënnert un eng Sallkierch.. de sechseckegen Zelebratiounsaltor an dem Liespult seng Relieffer un den ale Priedegtstull. De Chouerbou encadréiert den Altor mat einfacher Eleganz; mä op Chrëschtdag 2011 stoung de frësch ugestrachene Kiercheraum do an neiem Glanz.

Zum Éislecker Patrimoine zielen och typesch Hieff, am ‘Queereinhaus‘-Stil. Hire Plang besteet aus engem gestreckte Rechteck, deen 2-3 mol méi laang wi breed ass. Se kombinéieren wéi d’Léiler Haus “a Paulen” ënner engem Suedeldaach Wunnraim, Stall a Scheier an e grousse Späicher mat Betonssbuedem. - Ronn 10 m vun der däitscher Grenz steet d’Europa-Denkmal vu Lieler-Ouren, zu engem Drëttel op Lëtzebuerger- an zu zwee Drëttel op belschem Territoir - dat heescht den Dräilännereck ass ganz no. Zweck vum Monument aus quadratesche Steng ass d’Idee vun der europäescher Unioun ze verbreeden. Duerch ëffentlech Subskriptioun finanziert.. gouf et Enn Oktober 1977 a Presenz vu Perséinlechkeeten aus Belgien, Däitschland, Frankräich an aus eisem Land ageweit. - Radiotexter brengen Aktualitéit a Geschicht ënner d‘Leit, a kritt een där vill heembruet, da bräicht een Dag au besoin honnert Täschen! (Deels aus de ‘Kierchtuermscauserien‘)

P.S. An eisem Land sinn engem rezente "guide culturel" no 77 Kierchen oder Kapellen als Monument historique klasséiert, an donieft 11 fréier Kléischter oder Paschtoueschhäiser an 3 Kierfecher. Di markant Léiler Kierch an hire Kierfech sti säit 1968 ënner staatlechem Denkmalschutz. Den Uertsnumm Lieler gëtt vu Leyler.. mat y…d.h. ”op Schieffer gebaut” oder vu Liedler ofgeleet, dem ‘fahrende Sänger‘. Wie weess…et hat fréier jo vläicht Troubadouren inspiréiert... - Fir de ‘chemin vicinal’ tëscht Lieler an der route de Stavelot hat de Staat 1877 iwwregens 1000 fr. Subsid ginn. Am Buch ‘Luxemburger Grenzgänge’ kuckt de Georges Hausemer an der drëtter Etappe vum Kapitel ‘rund um den Schuh’ den Himmel! An der Géigend vu Léiler gläicht deen dee Moment faarflech ‘enger Tuut voll Stëbs’. D’Léiler Grott entstoung nom Virbild vun där vu Lourdes an erënnert un d’hl. Bernadette an hir 18 Visiounen.. An d’Aussiicht um Enn vum Duerf soll hei ‘amphitheatralesch‘ sinn.