Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lannen

Lannen läit om héchste Punkt vun der Gemeng Réiden op 1082 Fouss oder 329 M Héicht an de Lannener-bierg op 380 M. A Loftlinne läit et tëscht Nidderpallen a Maarteleng! T’hat fréier eng Epicerie mat Café an e Schmatt, an d’Leit hunn Donneschdes de „Kirmesbond“ gebak… dass en Zäit hat säi Geschmaach z’entwécklen. Wie nach e Bakuewen am Haus hat, huet dee Freides gehëtzt an d’Taarte mat agemaachte Quetschen an Äppel gebak - an och e puer lëfteg Kranzkuchen. D'Kiermes ass hei normalerweis Enn September, just 2009 gouf se ausnahmsweis virverluet.

Lannen huet 112 Awunner a läit op engem Biergvirsprong, an der Transitioun‘s Zone vum Éislek a Guttland… D’romanesch Kierch dominéiert d’Duerf. Hir Barock-Altär sinn aus der Mëtt vum 18. Jh., d’Schëff an de Chouer sinn eppes méi nei. D’Fënsteren am Schëff stellen d ‘Schöpfung duer, abstraéiert vum Wilhelm de Graaff vun Essen a sinn aus de Mëtt 1950ger. D’Fresken am klasséierten Tuerm vun ëm 1250 representéieren Helleger an Apostelen a sinn ähnlech al wéi déi vun Osper! Seng Mauere rouen allerdéngs op réimesche Fundamenter. D‘Kierch ass eng vun deenen ‘die Gott wie Häfen im Meer angelegt, damit ihr euch aus dem Wirbel irdischer Sorgen dahin retten und Ruhe und Stille finden sollt...’ (Johannes Chrysostomus.) Beim ‘Glannen’ iwwer Lannen fënnt een 1879 e Subsid vun 200 Frang fir de ‘clocher’- dann 100 fir d’'maison vicariale'  an den Haff op 1, rue de Roodt am ‘Inventaire supplémentaire des monuments nationaux’. De Redressement vum Wee vu Rued heihin war iwweregens engem Arrêté vun 1881 no eng «utilité publique»!

1650 hat den Alexandre Wiltheim beim Opdrag e réimesche Steenaltor om Kierfech Lannen z’inspizéiren dann ënnerwee Interessantes entdeckt. Verdéiwungen am Buedem vum Lannenerbierg haten emol de Verdacht op en ënnerierdescht Gewässer opkomme gelooss… oder op en 2 km laangen Tunnel vum Kierchtuerm op dee genannte Bierg! Doriwwer a villes méi bericht eng Brochure op www.aupaysdelattert.be! - E bal 200 järegt Document ernimmt en Etienne Neu vun Osper dee mam 127. Infanterierégiment um Russland Feldzug war. Hie goung den 20 Abrëll 1812 vu Metz fort, gouf 4 Méint drop blesséiert zu Smolensk… an huet spéider um Lannenerbierg gewunnt. Den Dominique Schadeck vun hei hat mat engem anere Régiment un där selwechter Campagne deelgeholl a nach un zwou aneren ‘avant de finir ses jours à Lannen..’ An eng aner Himmelsrichtung hat et 1845 de 60 järege Jean-Baptiste Pauly gezunn. Hie goung mat sengen 3 Kanner an Amerika als ‘Farmer’! D’Verb lannen oder lännen bedeit eppes aus dem Waasser u Land bréngen an den Toponym Lanne (a Lana) ass wéi Lanot eng Form vum franséische Wuert 'lande' (a landes) fir terre inculte. E rare Brauch ass hei, dass net d’Musek den Hämmelsmarsch spillt, mä de Gesank-Veräin Rued-Lannen e séngt - mat Begleedung vu Schof. An eng rar Spezialitéit ass ‘t hei an engem amenagéierten Stall Kiermesham z’iessen. Een amerikaneschen Ambassadeur koum no sengem offizielle Passage nachemol privat heihi bei Lamborelle‘s, dat heescht d’Ham war excellent !

P.S. Fir “och” am Sënn vum däitschen “ach“ housch et am Kanton Réiden dacks ocher... a fir och heiansdo einfach ‘o‘! Fir guddes ze wënschen bitt en Iresche Segenswonsch eng intressant Formule un: “Das Grün der Wiesen erfreue deine Augen, das Blau des Himmels überstrahle deinen Kummer, die Sanftheit der kommenden Nacht mache alle dunklen Gedanken unsichtbar.” Soe mer nach dass Lannebeem a ville Kulturen eng héich reliéis a mythologesch Bedeitung haten. Se sti fir Gerechtegkeet, Fridden an Hémecht – si Lieblingsbam vum Vollek a net vun der Uewerschicht…