Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kéideng

Op der Radio-Rees duerch kleng Uertschafte steet Kéideng (Kiedeng) um Programm. Dëst läit mat sengem Grapp voll Haiser an dem Schlass verstoppt an der Gemeng Fëschbech bei Miersch, 18 km vun der Stad. D’Strooss Amber - Iernzen leeft hei bal parallel zur wäisser Iernz! Passanten dierft et intresséieren, dass fréier hei   véiermol souvill Haiser stounge wéi haut, an iwwer méi wéi zéngmol souvill Leit hei doheem waren. Kiermes gouf mat där Fëschbecher gefeiert, Mëtt November. Nieft Kéideng fanne mer nach zwee där ganz klenger Dierfer, Weyer a Stuppicht, an si hunn zesummen de Code postal 6155.

Koedange, Kéideng zielt nom Recensement véier Awunner. Dat ass well seng Häiser net all permanent bewunnt sinn, soss hätt et der e puer méi. “Das kleinste Dorf hat seine haute volée” dee Saz aus alen humoristesche »Fliegenden Blättern« passt hei zäitweileg relativ gutt. D’Duerf huet nieft dem Schlass an senger ëmgebauter Scheier nach dräi Propriétéiten. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert waren hei 65 Leit... a nach virdrun 12 Haiser. Den aktuelle Château de Koedange entstoung mat sengen 20 Fënstren an der Haapt-Fassade sou ëm 1820 ënner dem Schlass-Här Collart. De 77 jäerege Charles-Joseph Collart vun Dummeldeng hat 1803 d'Fëschbecher Schlass kaaft zesumme mat Dépendancen a mam grousse Bauerenhaff vu Kéideng, dem ’Domaine de Fischbach', der Pabeierfabrik an der Schmëdd zu Fëschbech. An do si nach Reschter vun engem vun den éischte lëtzebuerger Héichiewen visibel.... Dat alles hat virdrun dem Baron Antoine Ignaz vu Cassal a Bomal gehéiert.

De ‘Journal de la ville et du grand-Duché de Luxembourg’ hat 1841 an 1844 dann a grousse Lettren d’Vente vum Château de Koedange a senger Ferme mat iwwer 100 Hektar Beréng annoncéiert. "Ob a neien oder ale Schrëften, Buschtawen hunn wie Seegomessen hiren eegene geheime Staat…" sot emol den Elias Canetti. Si informéieren jee no Diktat iwwer d ‘Schicksal vu Beem, Schlässer a Leit. D' Heft ’Ons Stad Nr. 55’ presentéiert en handschrëftlecht Dokument vun 1865 als Beispill vun enger Vente publique zu Koedingen vu Gidder vun der Famille Nilles; hirer Familljememberen haten d’Land 1865 verlooss fir an Amerika ze goen. Aner Buschtawen erginn eng zéng Joer duerno e Subsid vun 2.500 Frang fir Stroossenaarbechten z’ënnerstëtzen um Wee, dee Kéideng mat Fiels-Fëschbech verbënnt.

1905 hat eng ’Immobilière’ der Famille vum spéidere Postdirekter, dem Här Bernard-Servais d’Kéidenger Schlass verkaaft. Seng Lag gouf ugepriesen ’am Häerz vun engem superben domaine de chasses’ an engem Duerf, dat beim Exodus vu Lëtzebuerger an Amerika groussen deels verlooss gouf... Mä ’t koum duerno nach an aner Hänn a gehéiert haut nees engem Baron. D’Dascha oder Grace, Gräfin vu Schlass Koedingen sinn iwweregens keng Baronessen oder Mäerchefiguren, mä rasseg Dackeldamme mat Stammbam. Net ze vergiessen Ködingen stoung als ’Redingen’ op der Ferraris Kaart... an ewell 896 als Keddinge an engem Dokument. Et entstoung sécherlech awer an eng fréierer Epoche, wou d’Mënschen sech Wand am Réck, Sonn am Gesicht a Reen fir hiert Feld gewënscht hunn..

P.S. D'elegant Kéidenger stenge Weekräiz mat aggravéierte Nimm (Nicolas Paquet- Elisabeth Peters) datéiert vun 1840. Et ersetzt wahrscheinlech hei eng fréier Gangolf-Kapell am Dall vun der Wäisser Iernz. Nobäi waacht eng 20 m héich majestéitesch wäiss Weid, an d’fiicht Wisen an extraordinär Botanik am Kéidenger-Brill lackele rar Baamfalken un, Kiebitzen a Biergpieper. Eng Réserve naturelle par excellence!