Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Knapphouschent

Eisen ‘atlantesch beaflossten’ geméissegte Klima ass am Éislek e bësse méi rau a fiicht wéi am Guttland. D’Jorestemperatur läit do an der Moyenne bei 7 - 8,5°Grad… Dës erkläert di grouss Zuel u Frascht-Deeg vun iwwer 100 am Joer... an di dacks laang Schnéipériod. Knapphouschent an d’Uertschaften am Kiischpelt hunn eng Grimmel méi mëll Duerchschnëtts-Temperaturen, s’erreechen 9 Grad. Typesch Ausdréck sinn hei ..’agelooede sënn’ .. ‘noutwenndig Oorbicht’ oder ‘Sechswoschemass’ fir Sechswochemass an eppes 'eenzocks man', wat gaangs oder 'an engem Zock' bedeit. … Erënnere mer hei nach drun, dass d’ Sproochewëssenschaftlerin Hélène Palgen am Joerbuch vun der Lëtzebuerger Sproochgesellschaft 1933 zur ‘description des parlers du nord de l'Oesling’ der Uertschaft en Text dédiéiert hat..  iwwer de "Vokalismus der Mundart von Knaphoscheid’! Si huet dora geroden de kuerzen ö mat kaum gerënnte Lëfferen auszespriechen... "Et sinn d'Detailler déi d'Perfektioun man" sot ewell de Leonardo da Vinci!

Knapphouschent läit 67 km vun der Stad an der Gemeng an Por Eeschwëller. ‘t huet en imposanten eelere Waassertuerm.. an am Gemenge-Wopen ënner enger Braque diagonal schwaarz-gold Sträifen. Si man Allusioun op d’Probstei Bastogne, zu där et fréier mat Selschent gehéiert hat. Seng Kierche-Geschicht geet secher méi wäit zréck wéi bis 1604, mä virdru gouf d’Duerfkapell net schrëftlech ernimmt. Ee vu senge fréiere Vikären hat 1765 eng Kapell opriichte gelooss an deels mat finanzéiert. Ee Frontsteen mat Datum erënnert drun. Dee Bau gouf 1881  mat staarker manueller Mathëllef vun den Awunner vergréissert. D’Kierch gouf dee Moment ‘gewendt’, d.h. de neien Tuerm koum un d’viischt Fassade! Si huet dofir eng  besonnesch Form, an ass hannen a vir ronn, ähnlech wéi eng Aachtchen.

Zënter 1808 ass Knaphouschent mat Selschent als Filiale eng eege Por. Hire Patréiner ass den Erzengel Michael. D’Kierch mat de renge Rokoko Stuckaturen um Verwëllef ass integral klasséiert… Op hire liturgesche Mobilier aus dem 18. Joerhonnert léisst sech e schéine Saz bezéie vum Batty Weber; hien hat eng Schwächt fir al Kierchemiwwel an hat gemengt “Si stinn der Séil vum Landvollek méi no wéi hiren ‚Hausrat‘.” Bei der Renovatioun vu 1973/74 koumen d’Säitenaltär lateral un d‘Säite vum Schëff. Um rietse fällt d’Abraham-an-Isaac Duerstellung op… um lénken eng traditionell Mondséchelmadonna. D ‘Beichtstill an de Priedegtstull sinn eraus; ‘t koum an de 1980er Joeren en hl. Jousef op den Héichaltor. Zwou figurativ Fënstere vum Jean Zanter weisen den hl. Willibrord an den Donatus. Zu de Knaphouschter Kierche-Schätz zielen eng reng Monstranz an e Kräizreliquar, déi béid aus engem Veiener Atelier staamen.. an zwou Klacken; di grouss gouf 1865 gegoss an déi kleng 1844. Uganks 2005 gouf d´'gewendten' Duerfkierch komplett restauréiert. Den 1969 klasséierte Kierfech huet eng nei Entrée, en Ënnerstand, eng Morgue, an ‘t sinn Urnegriewer envisagéiert ginn. Ee Saz aus engem waarmhäerzegen Noruff um Internet fir eng gutt Séil aus der "Steil" vu Knapphouschent an en Dank fir 36 Joer Blummendekor an der Kierch ass derwäert ze widderhuelen! Dee Saz gëllt fir vill vun eise Verstuerwenen, déi geschnëtzt waren “aus dem Holz, aus dem der liebe Gott sich seine liebsten Mägde formt.”        

Knapphouschend ’hockt oben auf einem Berg wie die Laus auf dem Schorf’ sot emol de Rosch Manderscheid iwwer d’Duerf vu senge Grousselteren. E Besuch duer op d’Päischtkiermes (mam Zuch op Draufelt a weider mam Monni senger Päerdskoar) koum him vir wéi eng Expeditioun un d’Enn vun der Welt! - Bei engem Bléck an d’Duerfgeschicht fällt e rezente Buch-Titel op ‘D’Jugend gouf eis gestuel’. En dréit ëm d'Krichserënnerunge vum deemools 17 jäerege ”Bunkerjong” Jos Turmes; säin Text a 90 Illustratioune suergen dofir, dass heirëmmer d ‘Kapitel ‘ënnergedauchte Jongen’ net vergiess gëtt. Vru kuerzem gouf eng Gedenkplakett ageweit vun de 'Bunkerjongen' als Merci fir hir Beschützerfamill, di wéi en 'Engel an der Nout' war. Enn Oktober 2012 huet et 273 Awunner gezielt, déi den ireschen Toast "que le ciel te donne des mots chaleureux pour des soirées froides" approuvéieren däerften.

P.S.  Een ‘dictionnaire géographique ‘ vun 1858 ernimmt Cap Hoscheidt. ‘t gëtt plazeweis gesot… ‘Hanner Knapphouschent’ am Sënn vun engem ’total rouegen Hannerland’ oder vum sprechwiertlechen "hinter Heiligendamm"!  An eng schéi Vakanz wënschen, dat heescht ‘net zu Knapphouschent vum Schoof  falen‘!  Ëm "Wibbelmais" dréit eng vun eise leschten Zeilen - dës zweebeeneg Maisercher vun hei a ronderëm versuergt di no Ierpeldenger Garderie. - Knapphouschent hockt op der Reliefkaart vum Land wierklech op engem Knapp oder Hiwwel wéi Kanner se molen. D'éischt Silb vum Duerf ass berechtegt, well 't läit ëm 100 m méi héich wéi den hechste Punkt vum Helperknapp! ('Klenghouschent' heescht dem Kadaster no iwwregens en eeleren Deel vum Duerf.)