Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Izeg, Duerf- a Klouschterchronik

Duerfgeschicht

Izeg krut 1860 e neie Wäschbuer nom Plang vum Staatsarchitekt Charles Arendt an 1877 eng eege Bréifkëscht un d'Kierfechstrap. Geschwënn drop hunn hei fir d‘éischt zwou Schouljoffren d’Kanner an där neier Schoul ënnerriicht, (Alzeng hat di drëtt Léierin aus der Hesper Gemeng..) D'Duerf ass gewuess; ënner d’baierlech Populatioun hu sech Eisebunner an Aarbechter vun der Wiewerei "Schleifmillen" gemëscht. Nom Amenagement vum résidentielle Plateau Saint-Hubert, Mëtt de 1960ger, koum de moderne Bäinumm "cité dortoir" op. Mat iwwer 2000 Leit hat d’Awunnerzuel sech an 100 Joer verdräifacht, just an der Conter Strooss blouf den typeschen Duerfkär erhalen.

Izeg läit um Rand vun enger Réimerstrooss an ass mol mat ’ch’ um Enn mol mat H vir dokumentéiert! Am Joer 781 hat do den Audradus,Fils vun der Madalgarda, der Abtei Iechternach seng ‘villa Eptiaco’ geschenkt. Ëm en Don vu Gidder vum Pfalzgrof Wigerich, dem Papp vum Grof Siegfried, dréit och en Text vun 903. Wahrscheinlech entstoung d‘Por Izeg mat Hesper a Kockelscheier ewell um Enn vum 6. Jh.. (Hieren alleréischte Kierchepatréiner Abrunculus, den Tréirer Äerzbeschof vu 528-532, veréiwegt nämlech eng Statue mat gesenktem Bléck… vum N.Greeff-Greisch.) Peepstlech Schrëften ernimmen 1069 nachemol d‘Zougehéiregkeet vun EZICH zu Iechternach. No den Ardenner Grofen hunn hei d’Burgunder an d’Habsburger regéiert, an der Bléi vum Rittertum goufen heirëmmer Kléischter gegrënnt an 150 Buergen a Schlässer gezielt, ënner aneren d’Buerglënster an d’Hesper Schlass.

En Zäitspronk weist, dass de Generol Hatry no der franséischer Revolutioun säin Haaptquartéier hei am deemolegen "Teschenhaus" hat - dem Urhaus vum spéidere Klouschter. Do war d'Kapitulatioun vu Lëtzebuerg de 7.6.1795 signéiert gi mam Festungsgouverneur Von Bender. 1808, wéi di meescht Haiser nach Stréidiech haten, war de Jean Capesius ’forestier impérial’ vum Izeger, Hesper a Fentenger Bësch. Kuerz drop sollt e Keeserlechen Dekret festhalen: wat lénks vun der Uelzecht läit kënnt bei d'Por Fenteng, a wat riets steet bleift bei Izeg! An d' ‘ansehnlich’ Heinzen-Vogtei vum Här Garnier koum am Mäerz 1865 de Franziskanerinnen hiert neigegrënnte Weesenheem, de spéideren Institut St.Joseph. No där deemols schlëmmer Cholera-Epidemie sinn dann 1878 laut Gemengeberiicht 30 Haiser vun 120 verbrannt.

D'Kierch war 1750 am alen Duerfzentrum nei gebaut ginn. Tëscht 1893 an 1895 gouf s'ënner dem Här Gaasch vum Architekt Kemp vergréissert a nei konsékréiert; hiren Tuerm an seng dräi nei Klacke si vun 1889. Hire wäertvolle Mobilier a südnidderlännesch beaflosstem Stil staamt aus dem Franziskanerklouschter vum Knuedler (..mat deem senge Steng spéider d’Gemeng gebaut gouf.) De Gouverneur Jean Beck (+1648) hat e sengerzäit gestëft. Bléckfank vum Altor ass d’ëm 350 jäereg Duerstellung vun der Madonna als Schlaangebesiegerin. De Chouerstill vum Knuedler hir Accoudoire verschéinere sculptéiert Käpp, déi aus enger Kapuz erauskucken. De Priedegtstull vum Bartholomäus Namur vu 1758 huet Relieffer vun den Evangelisten. D‘Niewenaltär si manner al, de rietse kënnt aus der fréierer Izeger Hubertuskapell. Dem Kierchepatréiner, dem hl. Hubert seng Reliquië si sou al wéi d'Duerfgeschicht. (Seng legendär Visioun vum Hirsch mam Kräiz tëscht dem Gewei ass dem ’Larousse des Saints’ no inspiréiert vum analogen Erliefnes vum hl. Eustache.) - De Gemengerot hat sech der Lokalchronik no 1905 beklot iwwer déi héich Depensen an der Izeger Kierch, déi allerdéngs vum Stad subventionéiert goufen an e schéint Resultat haten. Eppes aneres nach: 1909 ass d‘Grënnung vum éischte Sportveräin an der Gemeng ernimmt, dem Izeger "Vëlosklub“. (Fir Sportsfrënn intressant: hei trennen e puer Honnert Meter Loftlinn den héchsten an den déifste Punkt vun der Gemeng Hesper, d'Blorenhéi läit op 347 an d'Gantebeensmillen op 261 Meter.) (aus de „Kierchtuermscauserien“)

P.S. Vu 1934 un verbënnt eng Bus-Entreprise d’Uertschaft mat der Stad. Den 1933 hei gebuerene Roger Manderscheid hat d‘Duerf no enger längerer Absence ‘neu, sauber‘ a ‘menschenleer‘ genannt an observéiert, dass hanner zoue Fënstere net emol en ‘Zipfel‘ vun engem gehékelte Riddo bougéiert huet. Säi ‘Schacko Klak’ (mam Ënnertitel ‘Biller aus der Kandheet’) koum a 4 Oploen eraus, gouf iwwersat a verfilmt.

... an e bësse Klouschterchronik

Haut approuvéieren zu Izeg Mënschen aus ville Natiounen de Sproch ‘My home is my castle.’ D'Populatioun huet sech no 1955 méi wi verduebelt, vun de ronn 2070 si 55 % Lëtzebuerger - am mannste vertruede sinn d'Hollänner, Polen, Spuenier an Englänner. Zwee Bicher vum Roger Manderscheid dokumentéiren a liewege Biller den Ausbroch vum zweete Weltkrich; "Schacko Klak" erzielt d'Besetzung, déi en Debakel am Izeger Jong sengem friddlechen Alldag war. Dem Abt Bertels seng Vue vum Duerf aus dem 16. Jh. huet e Caritas-Timber 1998 veréiwegt; se kontrastéiert total mat där vun haut! Dozou e Saz iwwer d’Zäit: Se ass irréell, dem Thomas Mann no „wesenlos“ an allmächteg, se produzéiert Verännerung, an „Jetzt ist nicht damals, hier nicht dort, denn zwischen beiden liegt Bewegung“.

Ënner dem Règne vun der Keeserin Maria-Theresia hat Izeg am "Spueneschen Eck" véier Haiser, de Rescht vum Duerf huet de Seigneure vu Roudemacher an Hesper gehéiert an hirem Cousin dem Markgrof vu Baden. Duerno koum Bewegung an d’Zäit. Vum Dezember 1794 bis Juni '95 hat de franséische Generol Hatry säi Generol-Quartéier am "Teschenhaus" installéiert, d.h. am Ur-Haus vum Franziskanerinne-Klouschter. Eng Plaque un der Fassade erënnert un d‘Deeg, an deene Geschicht mat "dicht" gereimt huet. Am Ur-Haus gouf d'Kapitulatioun vu Lëtzebuerg 1795 ënnerschriwwen tëscht dem Generol Jacques-Maurice Hatry an dem Festungsgouverneur, dem Feldmarschall a Baron Blasius Columban Von Bender. Duerno huet dëse mat sengen 12.396 Mann d’Stad verlooss. (De Von Bender hat an der Zäit vum Siège e Logement an de Kasematte vum Bock.) Den Éisträicher hiren Depart gouf am Juni 1795 zu Izeg gefeiert bei engem Iessen vu Gewënner mat Verléirer. Dësen Dîner "fort gai" a komerodschaftlech sollt e Schlusstrech ënner d'al Zäiten zéien! Bei där Geleeënheet ass de sougenannte Fräiheetsbam, eng majestéitesch Lann, am Haff vun der Propriétéit geplanzt ginn. (E stoung iwwer 200 Joer do, hat schlussendlech gutt 3 m Emfang an 1 m Duerchmiesser a gouf 2003 duerch eng nei Lann ersat.) Am Hierscht 1795 krute mir de Numm Département des Forêts.. mat 28 Kantonen (..wat bis 1814 sou blouf.) Izeg hat deemols ëm 360 Awunner. No all dëse kaum bekannten Detailler ass ‘t net verwonnerlech, dass sou munnch Klengegkeeten aus franséischen an däitsche Charakteristike sech mat lëtzebuergeschem Erdgeschmaach verbonnen hunn.

D’Klouschterkapell huet Plaz fir 50 Leit ënnenan, plus déi um Ducksall. Hiert ikonenhaft Franziskus-Kräiz ass en op Holz opgepechtend Bild an eng Reproduktioun vum berühmten Original vu San Damiano. Eng Fënster illustréiert de 'Sonnegesang', deen de Mënschen hiert Verlaangeren no himmleschem Fridden stëlle soll. D'Franziskanerinnen hunn am Joer 2005 den 140sten Anniversaire vun hirem Izeger Haus gefeiert, d’Weesenheem goung jo am Mäerz 1865 op. Hiren Uerden besteet säit 1850 an eisem Land, e gouf op Initiative vun der Elisabeth Dufaing an hirer Frënndin Louise Augustin gegrënnt. Den Uerden hat di Izeger Propriétéit deemols geiierft vun der generéiser Famill Pescatore. Zur Zäit vun der Cholera stounge vill Weesekanner eläng do an d'Mère Françoise Dufaing huet si opgeholl an ëmsuergt. 1856 waren di éischt 15 Kanner bei d’Schwesteren an d’Stader Haus "Mohr de Wald" komm. No hirem Openthalt am Fëschmaarter Dominikanerklouschter hat d’responsabel Mère d’Meedercher 1865 an d’neit Heem op Izeg bruet. D’Jonge goufen 1869 op Gréiwemaacher plaçéiert. - D'Kannerheem huet deemols eng wichteg Roll erfëllt. (Am Oktober 1865 hat d’Gemeng Hesper zwou Kommissioune gegrënnt fir d’Cholera ze bekämpfen, eng eläng fir Izeg mam Paschtouer Nicolas Eischen als President.). De schéine Saz vum Albert Einstein "Eläng e Liewen gelieft fir di aner ass derwäert gelieft ze ginn"… kann ee gutt op d‘Klouschterfrae bezéien. 2008 hunn aacht Schwestere sech zu Izeg ëm e klenge Foyer vu "jeunes adultes" gekëmmert – an ëm hire grousse Gaart. Fënnef Joer duerno hunn Flüchtlingen en Heem bei hinne fonnt.

P.S. Izeg blouf iwwerëm Wuessen net traditionell bäierlech; ‘t koumen iergendeemol Eisebunner, Aarbechter vun der "Schläifmillen", Bürokraten a Pensionnären duer wunnen.. z.B. de „Jorhonnert-Sportler Charly Gaul. D’Chronik vum Fr. Lascombes ernimmt 1507 bekannt Izeger, z.B. e Mathias als Dechen vu Lëtzebuerg, an dem ‘Vassbender‘ Peter vun Iczich säi ‘séisse‘ Wunnengskaf fir 2 Gulden an „sieben thonnen honichs‘! - Am Spaass gouf di fréier Zuchstreck Lëtzebuerg-Réimech “de Schnellzuch Izeg–Kleinasien” genannt, verréit en aalt Wierderbuch! De “Klautje vun Itzeg“ huet 1927 en Theaterstéck geheesch; ‘t huet op enger aler Soo baséiert an eng nohalteg Impressioun hannerlooss. Fir richteg bedeit Klautjen ee ‘cloutier’ also en Nolschmatt, dee geschéckerlech Hänn brauch fir Neel ze formen. Iwwer dëst an aner deels vergiesse Beruffer kann ee noliesen am Buch “et war een deemols net méisseg’.. en intressant Wierk, dat an Izeger Maueren seng Form krut! (Um Radio den 08.09.2013)