Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Angelduerf

Angelduerf (op däitsch Ingeldorf) läit tëscht Ettelbréck an Dikrech, op 200 m Héicht. ‘t huet intressant Stroossennimm : d’ rue des Platanes, des Chataigniers, du Saule, eng rue Wâkelter, eng Dicks– eng Lentz- an eng Brécke-Strooss… e Kutschewee an e Goldknapp. ‘t huet och en touristesch attraktive Camping um Bord vun der Sauer. An hei sollte ‘last not least’ Reunioune vun der «Denkfabrik Nordstad» iwwer d’Bühn goen, mä dëst natierlech net tëschent ‘Dier an Aangel’!

Angelduerf läit mat Biirden an der Gemeng Ierpeldeng an zielt 800 Awunner, véiermol méi wéi virun 100 Joer. Recherchen iwwer ‘Ingel’ verroden, dass um Rhäin en Ingelheim läit an a Südschweden eng ‘Ingelstad’ an, dass Ingi oder Ingvi eng nordesch Gottheet war. Angelduerf ass mentionéiert am 13e Joerhonnert als Engendorff… an op der Ferrariskaart als ‘Engelsdorf’. ‘t huet laang zum Bezierk Dikrech gezielt, dann zu Ettelbréck a koum 1850 an d’nei Gemeng Ierpeldeng. ‘t koum ee 'Kiem' hei duerch vun Tréier, Waasserbëlleg, via Miedernach, Angelduerf a weider iwwer Housen an Huldang an d’Lécker Gebitt.… Féiert d’Sauer hei wéineg Waasser, si nach Fëllementer vun enger aler Réimerbréck ze gesinn.

Den Celsus-Kult sollt sech vun Angelduerf aus an eiser Géigend développéieren, hei haten s’am 17. Joerhonnert e spezielle Ritus, genannt Tour. Him, dem Celsus zu Éiren hu während der Mass Pilger hir Päerd rondrëm d’Kapell geféiert… fir si vru Krankheeten ze schützen. Et gouf dann och e ‘Malter’ Miel, d.h. méi wi 50 kg verbak fir déi Aarm. (verréit d'Buch 'Mosella Sacra'.) De bekannte Kierchenhistoriker Emile DONCKEL hat sech als Kaploun am Sauerdierfchen ëm d’kuckeswäert Celsus-Kapell vu 1701 gekëmmert, a sech fir de Kult vum Hl. Tréirer Bëschof an di domat verbonne Päerds- an Huewerseenung agesat. Eent vu senge ville Wierker heescht ‘ Pferderitt und Pferdesegnung in Ingeldorf’ …an eent dréit ëm d’lokal Wallfahrtskapell. 1936 goufe bei där éischter Benediktioun no längerer Zäit méi wéi 120 Aarbechts-Päerd hei geseent. Haut ass op wäissen Ouschtersonndeg di traditionell Celsus-seenung… déi haaptsächlech Reitpäerd an Trakteren unzitt.

An der Kierch fällt di aal Barocktäfelung op. Den Intérieur gouf 1909 ‘neigotiséiert’... d’Bänken an d’Fënschtere mat Hellegen wéi Laurenz an Celsus si vun deemools… grad ewéi di dekorativ Fresken, déi no hirer Iwwermolung erëm siichtbar sinn…. An der Angelduerfer Kierch fënnt sech regelméisseg eng flott Communautéit zesummen, déi d’Mass séngt. D’Leit setze dobäi am Hallefkrees ëm den Dëschaltor, dee säitlech rechts am Schëff steet. Am Chouer sinn d’Statue vum Nepomuk, dem Niklos, een Deel vum ovale Bänkeblock, d’Uergel an de groussen Altor. D’neit Altoerbild vun der Schwëster Maggy Masselter mam Motto ….’et voici que je viens’ ass eng Synthese vu Form a Faarf , kuerz gesot e Bléckfank an eng ‘inépuisable source d’inspiration et de dialogue’. Typesch Wierder am Duerf si ‘gannts’ fir ganz,‘Grennts’ fir Grenz an ‘Duust’ fir Duuscht, an Zill gëtt hei ausgesprach mat engem imaginären ts vir ,also Tsil.

P.S: Vun de meeschte Gebaier gëtt eng bestëmmt Leeschtung erfuerdert, hiren Aspekt muss di predestinéiert Bestëmmung a Stëmmung visibel man, sief et op reliéisem, schouleschem oder kommerziellem Plang. An d’Laduno? Si krut dee Numm offiziell 1959, war awer zwee Joer virdrun a Präsenz vum Ierwgroussherzogleche Puer als ‘Laiterie du Nord’ feierlech ageweit ginn..