Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Holztem

Eis Kierchtuermspromenade féieren zur Ofwieslung op Holztem an de Kanton Clierf. Dëst huet laang zur klenger Gemeng Konstem gehéiert, déi 2010 an engem Referendum fir hir d‘Zesummeleeung mat de Nopeschgemengen Houschent an Housen gestëmmt hat. Zesummen heeschen se elo Commune ‘Parc Housen’. Typesch Ausdréck sinn heirëmmer Foosbal (fir Fuesbal), Wöaart oder Woeert fir Wuert an Päiplénk fir Päiperlek. De Foyer de Jour nennt sech “um aale Gaart” a säitlech vun der Haaptstrooss ass eng 'Virstadt'.

Holztem zielt 234 Awunner an ass Filiale vun der Por Konstem. Béid Dierfer hu säit 1909 e Pompiers-Veräin zesummen… an méi rezent e Club Jeunesse. Holztem läit 55 km vun der Stad, genee tëscht Kautebaach an der Nordstrooss, 3 Bus-Minutten hanner Konstem. Den Trajet Holztem-Schlënnermanescht dauert 11 Minutten. D’Duerf huet nach 4 Bauerebetriber. E Schoulaufsaz erënnert un Krichsgeforen.. “Mein Urgroßvater lebte damals auf einem Bauernhof in Holzthum. Alle Dorfbewohner suchten Schutz in den Kellern. Die Leute, die zum Füttern des Viehes über den Hof liefen, setzten jedes Mal ihr Leben aufs Spiel.“

Holztem huet fréier de Roudemacher an de Fëschbecher Häre gehéiert a steet op der Ferrariskaart als Holtzthumb. Eng Kierch figuréiert hei fir d’éischt 1570 am Visitatiounsberiicht. Haaptpatréiner ass den Hl. Servatius, Beschof vun Tongeren an ee vun den Äishellegen. Am Joer 1885 wéi d‘éischt Telefonsnetz an der Haaptstad fonktionnéiere sollt, ass hei eng Kiercheweih ernimmt. Nei Fenstre mat Symboler vun de Sakramenter hu 1946 de schlichte Raum opgewäert. Ëmgebaut a vergréissert gouf en an de 1970ger. D’Duerf huet keng Wee-Kapell mä e Steekräiz a Richtung Konstem... a krut 1948 en eegene Kierfech.

D’Buch ‘et war een deemols net méisseg‘ (I.) erkläert al Beruffer, an dobäi och d’Aarbecht vum ‘Wäissert’! Et weist als Beispill e wäisst Holztemer Haus deem seng Fassade 1970 ‘Kallekmëllech’ (d.h. Kallek mat Waasser, geréiert mä net ‘ersoff..‘) nees opgefrëscht hat! ‘t erënnert och un de lokale Schwéngshiert mam laange Baart, dee ‘Sennchen‘ housch, an hei mat 2 groussen Véihënn seng Häerd tëscht 1885-1900 betreit huet.

Akten no hate säit 1550 d‘Häre vun der Schibberech oder „Schüttburg“ hei e gréisseren Haff verpacht. D’Duerf hat virum 30 jährege Krich 7 Feierplazen an duerno nach 2 bewunnten Haiser. Eent dovu war der ‘Schibberech‘ hiren Zënshaff mam Piechter Hoffmann, 1656 agedroen mat 8 Randbéischten 2 Päerd an engem Fillen. Aner Dokumenter ernimme spéider e Seigneur de Hoefnagle de Schutbourg deen hei zwee Männer géingt eng kleng Pacht an Haiser vu senger ‘Vogtei‘ d’Wunnrecht gouf... an, dass d‘Elisabeth Neuman, veuve Keyser, épouse Niden, dëst Recht liewenslänglech krut. Témoin war dobäi de Buerg-Kaploun. Généologesch Zeile vum ‘Victor Racine’ verroden, dass eenzel Awunner vun hei a ronderëm vum leschte Chatelain vun der Schuttbuerg ofstamen. D’Veuve vum 1802 verstuerwenen Auguste Albert Joseph de Hoefnagle hat hirer Diechter nämlech mat begidderten Holztemer Bauerejonge bestued; d’Félicité an d’Marie Charlotte De Hoffnagle haten zwee Bridder Wagener als Mann an se kruten zesumme 14 Kanner. - Halen Uertsnimm mat ‚thum‘ op weist dës hinn op `Heim‘! Momentan entsteet hei e Lotissement a bitt neie Stéid hei e neit Heem am heemelegen Duerf – e neie Waasserbehälter ass ewell geplangt fir Holztem-Konstem an d’Houschterdéckt.

P.S. De Foyer fir d’Senioren ass ewell 10 Joer am ale Schoulgebai. E krut kierzlech en Don deen erlaabt Filmer op engem groussen Écran ze kucken. En anert Holsthum (mat sth) läit an der Gemeng Irrel am däitsch–lëtzebuergesche Naturpark - an a béiden ass de Mënschen hiert Liewe gefierwt vun der Faarf vun hirer Viirstellungskraaft... (Balzac)