Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Holler

 

Holler läit mat sengen ëm 80 Awunner an der Gemeng Wäiswampech mat Beeler, Bënzelt, Breedelt a Leetem. Et gouf 893 fir d’éischt dokumentéiert mam Haff „Hunlar“. Deemools huet d'Duerf zur mächteger Abtei Prüm an der Äifel gehéiert; no 1341 war et dann ‚Hollar’. Hei goufen Ofgaben zesummebruet a Versammlungen aberuff fir Piechter a Verwalter aus dem Ëmkrees bis op Baaschtnech an Houffalize.

Vu wäitem stecht seng kleng romanesch-gotesch dräischëfeg Halekierch ervir. S’ass aus dem spéiden 12. Joerhonnert an enger perfekter Symmétrie gebaut an iwwerrascht duerch hir Eleganz. Hiren Haaptaltor mat Schnëtzdekor ass aus der Wierkstat vum Nikolaus Hennes vu Neuerburg an entstoung ëm 1750. D’Säitenaltär stellen op Hallefrelieffer de Bernhard vu Clairvaux duer an eng Maria mat Kand a räichdrappéiertem Kleed. D ‘Engelcher ronderëm an d ‘Jesuskand gläichen sech. Proportional gesinn ass de groussen zolidde mëttelalterleche Chouertuerm am Stil vum ’Clocher lorrain.’ Hien trotz ewell laang de Stierm vun der Héichplaine! Ee Guide nennt d’Kierch eng vun de beandrockendsten an de Lëtzebuerger Ardennen... en aneren di intressantst vun den alen Éisleker Duerfkierchen a voll Realismus am ’art paysan’! Hir Fresken sinn aus dem 14. Joerhonnert. An hirem Verwëllef sinn d’Wopen vun der Herrschaft vu Burg-Reuland, an un de Kapitellen grotesk Figuren... Dës gläichen eendeiteg deene vun engem Prümer Kapitell. D’al Sakramentsnisch an der Chouerréckwand huet den Datum 1501. De Bau gouf 1859 verlängert no Plange vum Charles Arendt a steet ënner Denkmalschutz.

Holler läit tëscht Bënzelt a Breedelt an huet mat Goût restauréiert al kuckeswäert Bauerenhaiser aus dem 17. an 18. Jorhonnert. Südlech vum Duerf, am Agank vun engem Wisendall deen d’Wemperbaach duerchzitt a Bëscher agrenzen, läit d'Hollermillen (eng Bannmillen) mat hirem grousse Milleweier. An hir gouf fréier d’Fruucht aus der Ëmgéigend gemuel. Nordwestlech läit den Hollerbierg. Hei passt de Saz vum Lex Jacobi: D’Nordspëtz vum Land ass virallem Landschaft!

1978 goung den Thema vum ’Conseil de l’Europe’ zu Granada ëm d’Erhale vum ländleche Patrimoine! Holler, Leetem, Feelen a Lasauvage waren ënner aneren doran Modell-Uertschaften. D’Wuert Holler ass eng däitsch Nieweform vun Holunder, Hielänner; Hole oder Holl sollt do och 'Lach oder Hiel’ bedeiten; Holler, Ull oder Oller war an der nordescher Mythologie de Gott vum Wanter, vu Weed, Acker, a vun der Juegd… Ernimme mer nach d’Éisleker Kéiserei zu Holler, déi Mellech vu Mecher ënner anerem mat Hanf, Moschtert a Mohn-Gewürz op der Hand verschafft… an als Hausnummer d 'Aacht huet. 

P.S. De Spaléierbierebam um Haus nr. 10 zu Holler schaaft eng ganz speziell Ambiance an hëllt am Buch ‘arbres remarquables' vun 2002 d’Haus bildlech a seng ‘Aerm’ wéi e Beschützer. En huet zwou Zorte Bieren, eng méi spéit Zort, an eng fir ze kachen! Am Duerf sti nieft him nach 5 anerer vu senger Zort ‘Spaléier’. Hir Wuerzelen erfëllen dem Nic Weber no eng traditionell Aufgab, sie "...tragen Kunde hinunter ob die Arbeit gut getan." - Lokal heescht d'Iwwersetzung vun 'Zichorien' hei Schockreien, an de Begrëff  "et ass Schickri" bedeit 'eppes Mannerwäerteges' oder eng 'verluere Saach'. 'Lajer' heescht Lager an ‘holleren’ steet fir «dumpf rollen»... (Engelmann.uni.lu). Den Theolog an Universtéitsprofesser Johannes Holler war net vun hei, mä vun Iechternach a war 1664 Bëschof vun Tréier ginn. Lescht Trouvaille: de mëttelalterleche Kierchtuerm war ufangs e Wiertuerm; en hat fir den Noutfall eng verstoppte Sortie duerch en Tunnell bis bei di nächst Baach.