Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Heischtergronn

Naturfrënn gesinn am Heischtergronn mat sengen Uebstbeem, Hecken a Bëscher, dem Gënz a munch heemlechen Ecken eng vun de schéinste Géigenden aus dem nërdlechen Drëttel vum Land. Hei ginn traditionell Mett Juli bei der Celsusfeier Päerd an Autoe geseent. Dem hl. Celsus, dem 2. Patréiner seng Statu steet an der Kunigunde-Kapell rechts um Altor, am Bëschofsornat mat der helleger Schrëft an der lénker Hand. (Kierzlech koum en Ardennerpäerd aus massivem Holz donieft, geschnëtzt vum Grëmmeleschter Nuno Mafra.) Den Heischtergronn zielt iwweregens säit Januar 2012 zur nei-fusionéierter Gemeng Esch/Sauer - virdru war een Deel vun der aler Gemeng Heischent.

Den Heischtergronn, (Heiderscheidergrund, Fond de Heiderscheid) läit e bëssen ofgeleeën ënnerëm Séi… hanner Heischent an virun Esch/Sauer un der Route Ettelbreck - Baaschtnech. ‘t ass méi do wéi den Hotel op der Bréck... an d’oktogonal Kapell. D’Uertschaft zielt 52 Awunner,11 manner ewéi 2009. Touristeguide schreiwen «Ce petit village se trouve un peu écarté du lac mais on fait bien de lui rendre visite.» Wéi de Bau vun der neogotescher Kapell ufoung, 1848, gouf d‘ Pressefräiheet proklaméiert - a wéi e fäerdeg war, 1852, koumen déi zwee éischt lëtzebuergesch Timbere mat Wëllem III..… D’Entreprise Diederech aus dem Rollengergronn hat di architektonesch Kuriositéit gebaut, si ass als eenzeg aachteckeg am Land an den eelste vun eise 4 Kierche- Raim déi d‘Kunigunde veréieren. Se besetzt eng duebel Reliquie vun der Helleger a vun hirem Mann Henri II. An hir 6 breed relativ niddereg Fënschtren mat jee 3 Béi (d.h. engem Medaillon an zwee Véirels-Kreesser säitlech) an di ronn vun der Patréinesch datéiere vun ëm 1910 ! Se hunn d’Ardennerschluecht iwwerlieft, mä de Bau hat staark gelidden. E gouf nom Krich reparéiert…an tëscht 1962 an ’64 an d‘Rei bruecht. D‘ apaart komplett restauréiert Gebäi, dat de Volleksmond alt emol 'Tëntefaass' nennt, zielt säit 1991 zu den Nationale Monumenter… Seng Fënstren a Statuen z.B. Antonius, den Eremit oder ‘Schwengstunnes’ ….den Celsus an d’Katharina spriechen d’Mënschen un.

D’Millen aus dem Heischtergronn um noe Legendewee ass zënter 1591 e puermol ernimmt. De Mëller hat fréier e Naachen fir Leit iwwer d’Sauer ze setzen. Hie gouf dobäi allerdéngs dacks vum legendäre ‘Jaassmännchen’ belästegt, deen Bicher beschreiwen an un deen en dekorativen Informatiounspanneau erënnert. De gutt codéierte Camping besteet zënter 1957 a gläicht haut engem klengen harmoneschen Dierfche fir sech. Eng Promenade vun enger ¾ Stonn féiert net wäit vun der Sauerbréck iwwer Trapen am Fiels erop an de Bësch op d’Héicht.. De Flouernumm Schmelz, vis-à-vis am Dall, erënnert un eng Schmëtt, di emol den Esch/Sauer Häre gehéiert hat an no der franséischer Revolutioun verlooss gouf. Wichteg ze soen ass nach...  dass di 'Grënner‘ sech freeën iwwer d 'laang erhofften nei Infrakstrukturen vun hirer Duerf-Strooss genannt “am Gronn".

P.S. Bei der Mille stounge fréier zwou Statuen an enger Nische - am Volleksglawen St. Muffert a Sankt Knattert - deene geschloe Fraen ‘Hutzelen‘, d.h. gedréchend Bire geaffert hunn…. Dëst sollt dem Kaploun vun Toodler net gefalen an hien huet d’Statuen ewächhuele gelooss. ( Eng Trouvaille aus de Säite vum ‘Legendenwee’ vum Naturpark Haute Sûre - Forêt d‘Anlier.) Méi rezent, vun 2009, ass d'Inscriptioun op de 'Grënner' hirer 54 kg schwéierer neier Klack "Den Hämmelsmarsch fir d'Kiermes am Heischtergronn huet des Klack gestëft" - d'deemoleg Titelzeil am Wort housch "D'Klack si mir als Ganzt".. An engem Internet-Album vun zwee amerikaneschen Zaldoten fënnt een eng schwaarz-wäiss Photo betitelt ‘Heiderscheidergrund’ Luxembourg - January 6, 1945 - Crossing Sure River Bridge’... en Dokument mat Raretéitswäert!