Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Haassel

De Bierger Claes vun Haassel an seng Fra Maria mussen dynamesch gewiescht sinn, well 1431 den Almënster Abt an den Deche vu St. Méchel si zu Direktore vum Spidol St. Jean am Stadgronn ernannt hat. Genee 500 Joer duerno, den 1. Mäerz 1931, huet sech en dynamesche Pompjeescorps zu Haassel gegrënnt, well d'Duerfleit trotz guddem Wëllen d’Waasser mat Eemeren nët séier genug erbäi kruten, fir Bränn ze läschen. Méi liicht gouf hiert Vereinsliewen, wéi d'Gemeng 1951 de fréiere Wäschbuer an ee flotte Vereinsbau ëmgebaut huet, sou dass d'Pompjeesmaterial propper ënner Daach steet. - Gëtt vun "Hannerhaassel" geschwat, ass dat net d'Enn vum Duerf, dat läit un der belscher Grenz nieft Tratten an der Gemeng Wëntger an huet dräi Haiser mat siwe Leit. An “Hasselter” bedeit Quarzit vu Berlé, den häertste Steen aus dem Land (och alt Haasselstee genannt.)

Zu Haassel goufen d'Kanner fréier eng Zäit laang nom Hellege benannt, op deem sengem Dag si op d'Welt koumen. E neigebuerene Bebé hätt deemols de 15.Juli de Numm Bonaventure kritt, e kléngt Meedchen de 16.7. Carmen an de 17. Charlotte! Dat hat de Virdeel de Namens- a Gebuertsdag zesummen ze feieren. Haassel hat fréier deemno zimmlech ausgefalen Nimm am Dafregëster wéi Honorine oder Ignace. Ob d'Leit duerch dee reliéisen Touch och eng extra ‘Aura’ kruten…? Op Bärbelendag gouf fréier hei eng Mass fir d’Frae gehalen an op Haupeschdag Salz, Brout an Huewer vu geeschtlecher Hand geseent, als Schutzmëttel géint Tollwut.

Den Uertsnumm Haassel gëtt et och a Niedersachsen - en huet méiglecherweis Bezuch zu Hasel, (an Hazel, derivéiert vum Al-Engleschen 'haesel‘) oder zu eisem villstämmege, maximal 6 Meter héijen Hieselnossstrauch. Ronderëm an der Géigend sinn där onopfälleger Pollelieferante fir d’Insekte sécher vill… mä donieft och Felder mat Fossilien a Quarzsand, Kallek an eisenhaltegem Gesteen. Haassel huet wéi Duelem den Humus vun enger räicher Geschicht. Objeten aus dem Neolithikum, der Jongsteenzäit, bis bei d'keltesch Zivilisatioun sinn Zeien dovun. Eng Entdeckung zum Thema "Stroossen an der Réimerzäit" dierft speziell d'Leit vun hei interesséieren: Vun der grousser Route Metz-Duelem-Tréier ass beim wichtege Verkéierspunkt Duelem eng Verbindung ofgezweigt iwwer Haassel, Itzeg, Bouneweg duerch de Gronn, op de Fëschmaart. Joreszuele gëtt dës Info vum Här Koltz nët un, mä en ernimmt eng Säit weider de Bau vun der Tréierer Porta Nigra, déi am 2. Joerhonnert entstoung. Haassel sollt am Laf vun der Zäit ënner aneren och de Seigneure vu Roudemaacher gehéieren. Et gouf 1113 als ‘Hassela‘ mentionnéiert.

D'Haasseler Kierch ass méi al wi déi vu Weiler a Siren, déi béid an d’2. Hallschent vum 19. Jh. zréckginn. Si huet Stil a war beispillsweis op der Journée du Patrimoine Européen 2003 op der Lëscht vu Kuckeswäertem! Si steet säit 1759, huet Plaz fir ronn 120 Leit an ass eng Filialkapell vu Weiler. Hiren Haaptaltor, (an d’hl. Lucie, Odile, Celsus, Andreas a Roch) vu 1766 si vum geschéckten Alzenger Schräiner Pierre Conter. Hien hat e puer Greef Pièce verwendt; d’Säitenaltär, dräi aner Statuen an d‘Pietà si Greef-Roesdorf Wierker, schreift den Här Walin. De Barock-Mobilier ass klasséiert säit 1979. D’Spirale vum niddregen Altor komme vum demontéierte Remerscher Priedegtstull. D'Ronnboufënstere mat geometreschen Ornamenter an deels mat Medaillon si vun ëm 1910 an hirer Epoch ugepasst. D'Patréinesch, d'hl. Lucie huet hir Plaz um Haaptaltor. Den hellege Rochus gëtt hei veréiert, no engem Gelübte geet all Joer eng Pressessioun vu Weiler op Haassel. D'geschnëtzte Kräizweestatiounen aus der Oberammergauer-Géigend si manner al - an zimmlech nei ass d'Uergel. Si hat d'Chorale Weiler–Haassel an der Radiosmass begleed.

Net ze vergiessen ass d'Venératioun vum hellegen ”Zelsi”! Ouschterméinde gi Päerd an Autoen hei geseent, mam Gebiet ëm weidere Schutz a rücksichtsvollt Verhalen am Stroosseverkéier. A propos Traffic: Am Joer 2002 hat d'Gemeng Weiler 1055 Autoen op 1341 Awunner, 16 Bauerenhief, 21 Päerd - an op 1707 ha Land 24,9 % Bësch.. Dem Trend vun der Zäit erno ass si staark gewuess, well et d’Mënschen an iwwerbléckbar bëtongs- an asphaltaarm gréng Uertschaften zitt. (Text aus de ‘Kierchtuermscauserien‘.) 510

P.S. Lescht Trouvaillen: Am Memorial vum Oktober 1841 steet Weiler mat Haassel a Siren bei de Justizverwaltungs-Bezierker beim Kanton Réimech. Am Joer 1878 hat Haassel 254 Awunner, tselwécht wéi Ohn an 10 méi wéi Éiter.. an 2011 genee 592. Et gouf 1911 e Subsid vun 350 Fr. fir den Entretien vum Wee Schlammestee- Haassel-Siren. Zum Vergläich: deemools hunn 100 kg Grompere 10-11 Fr. kascht, 1 kg Botter an der Moyenne 2,95 an eng Dosen Eeer tëscht 1,45 an 2,11 Fr. – D’eegestänneg saarlännesch 3500-Awunner-Gemeng Hassel gouf 1974 mat e puer Nopeschgemengen an d’Stad St. Ingbert integréiert (..an aus hirem ale Wäschhaus am ‘Unnerdorf’ gouf e ‘Kneippbecken’!) Last not least, am Keltesche Bam-Horoskop bezéie Charakterqualitéite sech op e perséinleche Bam. Doran heescht et “Haselstrauch-Geborene“ (*22.3.–31.3. an 24.9.–3.10.) strahlen wohl nicht nach außen, sind aber hochintelligent, haben Intuition und einen ausgeprägten Intellekt!” ..Nom Ëmbau vum Weiler Kulturzentrum ‘an Huef’ changéiert der Gemengen-Administratioun hir Adress, hir Räim zu Haassel dengen dann, klugen Decisiounen no, der Kannerbetreiung.