Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Gräisch

D’Ferraris Kaart weist ‘Gräisch’ als Duerf op engem Héichplateau an U Form! ‘t hat 1848 genee 200 Awunner an 3 Gemengeconseilleren. Haut ass et e Carré, 't huet eng Bus-Ligne op Mamer an 156 Awunner, vun deenen 20 eng friem Nationalitéit hunn. Fir si all spillt d’Simmer Musek traditionell den Hämmelsmarsch op der Kiermes… a bréngt gebaken Fueskichelcher ënner d’Leit - Sonndes virun der Fuesent! A vläicht zitt hei op deem Dag donieft och nach Doft vu frëschem Kiermeskuch aus Miel an Zocker, Eer a Botter duerch d'Haiser, a mécht Grouss a Kleng glëschtereg…

Gräisch zielt zur Gemeng Simmer zënter 1824; virdru war et eng mat Buer a Rued un der Äisch. ‘t steet 1278 an alen Akten als Grisch an huet fréier zu Herrschaft Huelmes gehéiert. D’Madame Marschall de Brias, eng adeleg Huelmesser Damm, hat der Gräischer Kierch hiert Hochzäitskleed geschenkt fir e Mëssgewand draus ze bitzen. D’heiteg Kierch vun 1905 ass dem hellege Maximäin geweit an huet als Niewepatréinesch d'Appolonia; op hirem Dag ass hei eng Festmass. D‘Haasteng vum Bau koumen aus dem deemools neie Steebroch ‘an der Leesbech’ - an d’Plange vum Architekt Knepper. Den Devis vun 23.900 Frang gouf Enn Dezember 1904 genehmegt. Hir 19 Fënschteren mat stiliséierten Ornamenter an Medaillongen am Chouer (vu 1906) si vum Pierre Linster. De barocken Altor an di 72 cm héich Renaissance Pietà aus Lëtzebuerger Sandsteen (a.d. XVII. Jh.) stamen aus hirer romanescher Virgängerin, di deels aus Holz war a baufälleg. Op d’Pietà passt dem Josef Weinheber seng Zeil dass ‘Léift di stomm schéngt nur mit andern Zungen redet.’

D’Por Gräisch geet zréck bis an d’Karolingerzäit. Eng Lëscht vun hire Geeschtlechen nennt 1517 als 1. de Martin vu "Corrich" - fir Käerch. Se war laang selbstänneg, gouf 1805 Filiale vun Tënten a neierdéngs Deel vum Porverband Helpert.. an doropshi frësch restauréiert. 1904 entstoung hei e Kierchegesang… D’lokalt Spréchwuert «’lo geet et wéi zu Gräisch an der Kierch, do huet eng al Fra de Credo gesongen»… mam Sënn: do gouf ‘quasi mat näischt ugefaangen’ misst also méi al sinn! Déi aner Versioun, dass do „eng Fra hanne virséngt” (wat no ‘hanne stoen a viirsange’ kléngt).. ass awer méi richteg ;et goufen hei scho ganz laang Kierchesänger, mä vu 1795-1815 ware keng Männer do fir virzesangen... - D’Duerf huet munnech iwwer 200 jäereg Hausnimm wéi Friedges, Kesseler, Jungers, Langesch, Steffes an Engels’ oder Jaas-Vogtei’… ‘t huet och léif Stroossennimm, z. B. ‘an der aler Kéier’, um Seintgen oder Kierchepad an dräi besonnesch stenge Weekräizer. Eent vun deene Klengdenkmäler mat renge Skulptur Aarbechten datéiert aus de 1750ger, an eent erënnert um Kierfecht un den Henricus Michels (+1793) en ‘Hirt der Seelen, edler Mensch und Pfarrer vu Greisch'. Vun hei gestaamt huet de Johan Pull, ‘Hofuhrmacher’ zu Tréier a ‘Churfürstlechen Auermécher’ beim Bëschof zu Köln. Hien hat 1793 och eng Pronkmonstranz gemat a gestëft. Fir op Kueblenz ze reesen, huet en sech vu Réimech iwwer Tréier mam Naachen op de reizvolle mä net ongeféierleche Wee bis un de Rhein gemat…(N. Thill) Kuerz duerno verroden Notize vum Jean-Pierre Brimmeyer, dass hien 1799, wéi d’Kierch “sous scellé” war, am Elterenhaus gedeeft gouf. Ob a wéini Wichtelen heirëmmer gehaust hu weess keen, allerdéngs weist de Fielsen um Wiseflouer tëscht Gräisch an Tënten hire Numm ‘Wichtelchesleh’ dorop hin!

P.S. : Greisch ass e relativ heefege Familljennumm, en zielt zur Grupp vun Uertsnimm, déi 1880 souguer 21 % vun de lëtzebuerger No-Nimm ausgemat hunn.. D''Verb ‘greischen’ ass kaum heirëmmer bekannt. Mam däitsche Begrëff ‘greischen’ drécke Frettercher oder kleng Muppen aus, dass hinnen eppes net passt. Dësen désagréabelen Toun ernimmt e ‘Provinzialwierderbuch’ aus dem 18. Joerhonnert! En aktuellen Internetsite erkläert e beispillsweis och als ‘das laute Greischen einer Säge’. Friddlech Duerfbiller loossen un agréabel G(e)räischer an Zeenen denken - a 'launesch' gi just am noe Wisegrond der Äisch hir 'Windunge' genannt..