Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Gëtzen

Duerch Gëtzen, (Goetzingen), geet de leschte Sonndeg am November den Hämmelsmarsch. Bei sengen 434 Awunner waren 2009 d’Jongen a Männer mat 26 an der Majoritéit. Erënnere mer bei eiser Stippvisite zu Gëtzen un di flott Zeil vum Michel Lentz “D'Kamäiner dämpen, d’Kächen, déi sinn drun, d'Pan an der Fuesend, déi ass net esou geplot, well et ass haut net genuch ….mat engem Hämmelsbrot, a mat Zalot”! Kiermesse goufe fréier zimlech grouss gefeiert. An dowéinst hat de Keeser Jousef II. 1786 ordonnéiert, all 'Kirchweyhen‘ oder 'Kermesse‘ missten a Stad a Land zesummen ofgehale ginn… den 2. Sonndeg no Ouschterdag. Et géif soss ze vill Aarbechtszäit verluer.

Gëtzen läit säitlech vum Wandhaff a Richtung Käerch. Notizen ëm seng éischt Kapell verroden Interessantes aus dem 15. Jorhonnert.. Zu hirem Bau 1421 hat den Heinrich vu Bereldingen, Proprietaire vum Fockeschlass, d ‘Grondstéck gestëft. De Johann von Elter, Här zu Käerch huet seng ‘Goetzinger Renten’, sechs Sieschter Huewer, säi jäerlecht Heerecht an de Schlasswisen an 8 Groschen bäigesteiert. 1570 ass hei eng Remigiuskapell ernimmt. Eng al Kaart vu 1717 cadréiert d’Herrschaft Keurick mat Guitzingen an Gueblingen. 1880 entstoung dann di nei Kierch am romanesche Stil mam Poopst Cornelius iwwer dem Portail. Se weist Elementer aus dem eelere Formeschaz: e Rëppeverwëllef op Konsolen am Chouer, figurativ Wandmolereie vum Gust Zanter vu 1947 an der Apsis (déi 2004 vum "Marc Theisen & Compagnie" opgefrëscht goufen…) an se huet de fréiere Käercher Kräizwee am Nazarenerstil. Fir hiren 125. Anniversaire goufen 2005 d’restauréiert Filialkierch an d’nei elektronesch Johannisuergel zesummen ageweit. A gläichzäiteg huet eng Fest-Brochure vun 48 Säite mat Biller u fréier Deeg erënnert an munch Konschtvolles beschriwwen… Eis Sprooch krut iwweregens 1880 zwee nei Wierder bäi, de “Fixspoun” an de “Gromperekiewerleck” -  an de Familljenum Goetzinger stoung deemols 141 mol an der Statistik!

Intressant ass och, dass d’ ”Meedche vu Gëtzen” am Vollekslidd mat ‘dréit giere schéi Spëtzen’ reimt a beim Dicks “Ae wéi feiereg Blëtzen” huet! D’Lidd war 1856 an eisem Nationaldichter sengem lëschtegen Eenakter ‘Kiermesgäscht’ gesonge ginn. Vu Gëtzen huet d’Land awer net nëmmen e Lidd, mä och Waasser. D’Duerf gehéiert zënter 1908 mat Käerch a Giewel zum nei gegrënnte Syndicat des Eaux du Sud, dem alleréischte Gemengesyndikat vum Land. Säin Zweck war d’Faasse vu Quellen aus dem Sandsteebuedem vun an ëm Käerch... an d’Versuerge vun ugeschlossene Gemenge mat Drénkwaasser. Vu dass Käerch an den Äischdall eenzegaarteg sinn fir d’Entstoe vu Quellen... lafen am Käercher Waasserwierk ëm 80 gefaasste Waasseroderen a Waasserleef zesummen. -  Gëtz oder Götz ass dem Duden no d’Kuerzform vum germanesche Numm Gottfried oder Gotthold. (Ëm Götze mat oe oder Hausgeeschter sollt am Heedentum Abgötterey oder Idolatrie dréien…) - Fréier, wou manner Fester ware wéi haut, ware Kiermessen den ‘Highlight’ vum Joer. Et gouf zu Gëtzen wuel nëmmen op Musek vun enger Harmonika gedanzt an där Wirtschaft, an där haut e Chinesesche Restaurateur kacht. Mä doheem haten di meescht Leit eng Kächen engagéiert an ‘t souze mindestens 20 Kiermesgäscht um Dësch. Fir de klengen Honger Owes gouf et dann Träipen. An Kanner mat Trëtzen oder Colle vu Spëtzen haten d’Täsch voll Frangen oder Séisses vun der Kiermesbud...

P.S. Ob et hei iergendeemol eng Dicks-Strooss gëtt nieft der rue du Bois, des Champs, de Windhof, de Nospelt an dem Simmerpad? D’Landkaart weist eng grouss Kräizung am Duerfzenter an e remarquabelt ‘Weekräiz bei Goetzingen’ op gebautem Sockel um Bord vum Gieweler Wee. Dëst huet an de neie Medien eng aachtstelleg Nummer; e steet nämlech Uganks August 2011 als dat 54.195.227 registréiert Kräiz op Google! Kräizunge sinn klassesch Zeeche fir déi véier Himmelsrichtungen…. an drécken mol en Zesummeféieren, mol en Ausenanerstriewen aus, wat eng Entscheedung viraussetzt... Eng gutt Decisioun war d'Grënnung vun de "Gëtzener Fotofrënn", si hunn 2012 hire 25. Anniversaire gefeiert.