Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Giischterklaus

Wien d‘Giischterklaus just vu Biller hier kennt a se besiche wëllt, fënnt s‘op engem Héichplateau an der Gemeng Rouspert.. Am 19. Joerhonnert koumen no an no Haiser rond’rëm; vun den haut 7 sinn der 5 permanent bewunnt… Virun 10 Joer war hei eng Dose Leit doheem an am noën Dierfche Giischt 109. - Et ass Traditioun, dass sonndes vir oder nom 15. August eng Pressessioun op d'Klaus geet an do de Wësch geseent gët. Déi Zeremonie krut 2012 duerch erzbeschéflecht Gebied a Wäirauchdoft eng extra feierlech Note.

Am Februar 1329 gouf der Giischterklaus hir Wallfahrtskierch fir d'éischt am Testament vum Iechternacher Geeschtlechen Prichel ernimmt. Hien hat fonnt et géif hei un Ornamenter feelen.. Der Legend erno war d'Muttergotteskapell vun engem Ritter aus dem Clierfer Grofegeschlecht am 13. Joerhonnert gebaut ginn .S’ass an Direktioun Jerusalem gedréit - well hien no schlëmme Schicksalsschléi vun engem Kräizzuch glécklech heem koum. Säi Papp war dat nämlech net. Recherche vum Paul Rousseau no louch dem Ritter säi Papp wäit ewäch vun doheem begruewen. Der Kapell hiren Tuerm war ufangs e fréimëttelalterleche Wuechttuerm, wahrscheinlech op spéitréimesche Fundamenter a net wäit vun enger galloréimescherMoartplaz. D’Kierch gouf no enger Zäitchen am 16. a 17. Jh. erweidert, obwuel oder grad ewell 1626 am Peschtjoer an der Ëmgéigend vu Giischt ganz Dierfer ausgestuerwe sinn, z. B. Zenzig.

De Bau straalt eng wonnerbar Rouh aus an seng deck Maueren halen am Summer bannen eng kill Temperatur. Een Engelskapp mat Joreszuel 1630 an de Wope vum generéise Rousperter Paschtouer Jodocus Elens zieren de renge Priedegtstull am Renaissancestil. En ass aus Sandsteen an mat deem aus der Stader Jesuitekierch, (deen an d‘Veianer Trinitarierkierch koum), den eelsten am Land. Och den Héichaltor ass aus Steen gemeesselt. D'Fresken um Plafong am Mëtteldeel vum Quierschëff mat engem Krees vun 12 Apostelen hat den Edmond Goergen nom Krich restauréiert. D'Haaptattraktioun bleift natierlech d' "Muttergottes vun der Hieselterheck", eng schéin a rar massiv Holzstatue aus dem 13. Jh.,. wou Girst nach mat y geschriwwe gouf. D'Statu trount, d.h. se sëtzt mam Kand um Haaptaltor, ähnlech wi di vun Avioth, Als di eelst am Land erënnert hir nobel Haltung u Madonnenduerstellungen zwësche Romanik a Gotik.

D'Kapell huet haut 4 Klacken, di eelst a Biireform ass ronn 500 Joer al. D‘nei Uergel vun 1986 aus der Lëntgener Manufaktur huet 498 Päifen. Dat apaart: si ass an engem Schaf agebaut a Fliggeldiere schützen de schéinen disponéierten ‘Uergelprospekt’ an d‘originellt holze Gitterwierk am Alldag. D' "Madonna vun der Hieselterheck" zitt ëmmer nees vill Leit un. Den ale Brauch si gekleed auszestellen, verstoppt e Besoin no mënschlechem Attachement.(Michel Schmitt). Lescht Restauréierunge waren Enn de 1970ger ënner Surveillance vu „Service des Sites et Monuments “. Duerno kënnt der Kapell hire romanesche Stil nees besser zur Geltung, d’fréier Entrée ass erëm op - vun hir aus goufen den ale Buedemniveau fräigeluet, an der Südwand hiert Fundament verstäerkt ..

Vu 1716 un hu méi wi ee Klausbrudder oder Eremit nieft der Kapell gehaust. Den éischten, de Joannes Felten vu Rouspert hat d'Roll vum Koschter iwwerholl. An der franséischer Revolutioun gouf d'Giischterklaus zum Gléck respektéiert.(Wéi Jousef II. d’Eremitewiesen opgehuewen hat, konnte 1783 just déijéineg Klausner bleiwen, déi eng donieft geleeë Kapell betreit hunn. De leschten, de Brudder Martin Bayer vu Bitburg, hat en Devotionalie-Buttek do ageriicht a bis 1938 do gelieft. Hie war iwwer den Ëmwee vun Haiti op Giischt komm; Eremite si fromm Männer, déi munchmol en Hang zum abenteuerleche Liewen hu sollen. Haut fanne mer d'Brudderhaus restauréiert an op fir Gäscht, déi sech hei.. 47 km vun der Stad zreckzéie wëllen. Fir sech a Gedanken an de kulturhistoresche Bijou un d'Ënnersauer ze versetzen hellëft e net alldeegleche Gebiet vum A. de Saint-Exupéry: "Maach aus mir e Mënsch, deen engem Schëff mat Déifgang gläicht, fir och déi z'erreechen, déi ënne sinn. Gëff mer net wat ech wënschen, mä wat ech brauch!" Déi traditionell Pilgerzäit fänkt mam hl. Jousef un an hält mam hl. Lukas op, si ginn hei besonnesch veréiert. (Text aus de ‘Kierchtuermscauserien‘- vun 2008)

P.S Déi al Lann säitlech vum Wee bei d‘Kapell zielt wéinst hirem héijen Alter a groussen Ëmfang säit 1981 zu eise remarkabele Beem. A säitleche Griewer roue Generatiounen, déi hei emol Trouscht an Hoffnung fonnt hunn. D’nei geseente Mariekrounen, e Cadeau vun enger Koppel zu hirem 50 Hochzäitsdag, weist den Attachement vun de Leit un hir himmlesch Mamm. - No der rezenter Ausstellung vum Hl. Rack zu Tréier koume Busse vu wäithir dëse klenge Pilgeruert an d’Statu vun der Giischter Sëtzmadonna bewonneren. - Koume fréier jong Meedercher an d’Giischterklaus, war dat meeschtens net ouni Hannergedanken. Eisen alen Dictionnär verréit nämlech e kaum nach bekannte Brauch: hu Meedercher de ‘Giischterknapp’ gekësst, hu si gehofft geschwënn e Mann ze fannen - an dofir sollt dee Knapp dann ëmmer méi kleng ginn!