Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Fëschbech (Clervaux)

D’Schwëster vun de belschen Ardennen, d’Éislek huet ewell fréier faszinéiert! Dem Fiels no bei Fëschbech säi Numm ‚Kaasselslay’ ass vu ‚castellum’ ofgeleet. E läit héich iwwer der Our a weist op eng Buerg hinn... déi z’erueweren onméiglech war. Just Feier konnt se zerstéieren. Op hirer Plaz erënnert e Pëtz un d’Réimerzäit. Manner al an ee Fortschrëtt, mä relativ Zäit-opwenneg war de Postfuhrdéngscht: am Mee 1907 goung en um 8.00 fort zu Hengescht, um 8,25 zu Fëschbich, zu Maarnech dann ëm 9,15 fir endlech um hallwer eelef zu Housen unzekommen.

Om wäite Plateau rondrëm d'Éislek-Héichstrooss gesäit ee vereenzelt Siedlungen an ahnt déif Dällten. Den Himmel gesäit hei Summer wi Wanter aus wéi neigeschaafen. E bloen wéi op Postkaarte läit heefeg iwwer Fëschbich a Kalber an der Por Hengescht. Well d’Haaptstrooss hei op gutt 500 m Héicht läit, denkt keen gläich u Fësch! Mä kleng Baache sinn net wäit, t’leeft eng lenks an d’Irbech a Richtung Draufelt an d’Kenzelbaach fléisst no riets an d’Our.. Hei si keng Weiere wi beim anere Fëschbech, Fëscherlatäin oder Fëschergriechesch gëtt vläicht awer mol hei an zu Marnech an der Fëschberstrooss geschwat. Den Uertsnumm, fréier Vispach, geschriwwen mat V, weist op Waasser hinn, dat e wäite Wee viru sech huet. Vill gereest ass och de lokale Kierchepatréiner, den Apostel Thomas. De Patron vun Theologen, Steemetzer, Zammerleit, Feldmiesser an Architekte war tëscht de Joren 52 a 67 an Indien Beroder beim Bau vum Kinneks-Schlass. A Mumbai versuergt di kleng 300järeg Thomaskathedral, d’eelst englescht Bauwierk om Saint-Thomas-Bierg gutt.

Fëschbech huet näischt monumentales, eng 534 m héich “Knupp” als héchste Punkt, an e “Grëndel”. Virun 20 Joer hat et 125 Awunner grad wéi Bieschbech a Welfreng. D’Idée vum ‘Tunnel zwësche Fëschbich a Klierf’ gouf net realiséiert… An der Mëtt vum 16. Jorhonnert stoungen hei 8 Haiser. 1602 ass seng Kapell ernimmt -1802 beim Réorganiséiere vun de Poren koum d’Uertschaft vu Munzen fort bei Hengescht. D’Chorale Sainte-Cécile Heinerscheid-Fischbach-Kalborn ass eng asbl, di eemol d’Joer e Gaaschtchouer invitéiert an eemol auswäerts séngt. D’jetzeg Kierch gouf 1898 gebaut nom Plang vum Dikkrecher Distrikts-Architekt Jean-Pierre Knepper, an engem vereinfachte gotesche Stil, ee Joer virun der Useldenger. Se gouf de 4. Januar 1899 ageseent an zielt ëm 110 Plazen. D’eelst Klack vu 1615, aus hirer Virgängerin, ass dem Antonius geweit an 80 kg schwéier; di zweeteelst vu 1650 dem Markus a weit 150 kg. Beid stamen aus der Eschwëller Porkierch an haten 450 fr kascht. Zwou Neier vu Mabillon goufen de 17. Dezember 2000 consacréiert; Patréiner vun der Grousser 240 kg schwéierer sinn Johannes den Deefer an Thomas a vun der 70 kg liichter de Willibrord an d’Irmina. D’elektresch Tuermauer mat Auerschlag gouf 1992 op Wonsch vun de Porleit bannen installéiert. D’ Fëschbicher Kierche-Fënschteren hunn eng ländlech diskret Faarfverglasung mat reliéise Symboler vun ëm 1950. Si loossen den Himmel duerch liichten op de Statiounen hir Alters-Patina an op d’Statue vun der hl. Teresia, vum Thomas, Donatus, Häerz Jesu an dem villveréierte Valentin, deen ëmmer op engem Sonndeg hei gefeiert gëtt. Probéiert een sech d'Figure mat zouenen Ae virzestellen, bleift hire mënschlechen Ausdrock am Gediechtnes hänken.

P.S. D’Buch vum Paul Spang iwwer Iechternach ernimmt een Theodoricus de Peissonriu (Thierry de Fischbach), dee sech am November 1236 mat anere Nobilitéiten engagéiert huet d’Fräiheet vun der Stad Iechternach ze respektéieren. Doraus geet net kloer ervir wat fir e Fëschbech gemengt ass, ‘t misst verdéifte Recherche no awer den ‘Herrensitz im Kanton Mersch’ sinn, wou e Ritter Theoderich 1253 am Rapport mat enger Excommunicatioun opdaucht. Intressant ass jiddefalls d’ Iwwersetzung vun Fischbach! Dësen heefegen Uertsnumm. gëtt et 3 mol an der Schwäiz, 4 mol an Éisträich - an a 5 däitsche Gemengen.