Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Eeschler (Eeschweller)

De Kadaster gebraucht d’lokal d’Ofkierzung "Eeschler" an d’Telefonsbuch presentéiert bei Jonglënster en Eeschweller. Dëst läit 17 km vun der Stad; 2005 hat et 111 Leit an 2018 genee 181! ‘t war bis 1979 mat Beidler a Gonnereng Deel vun der Gemeng Roudemer. Wéi a muunch anere klengen Dierfer huet säi leschte Bistro d’Diren zougemat... ‘t sinn allerdéngs Iddien ‘an der Mautsch’ fir e Freides-Café! (Domat ass e gesellegt ‘meeting house’ gemengt, wéi et där ewell zu Fluesweiler a Gouschteng gëtt.) Eeschler erlieft en Opschwonk obwuel de Spuerveräin, de Pingpong an d’Wanderfrënn net méi bestinn. D’Alternative dozou ass d’ 2016 gegrënnten ‘asbl. Eeschler’ - e Veräin ouni ‘but lucratif’, deen Iddien a Wësse kombinéiert.

Eeschler entstoung ëm d’ 6. Joerhonnert zur Zäit vun der fränkescher Invasioun a war éischtmools 828 registréiert als karolingesche Kroundomän. Eschweiler ass en heefegen Duerfnumm; dat bei Oochen soll op d’Kelten zréckgoen... an dat am Louthrenger Pays de Bitche ‘Eschviller’ baséiert op Vilar, d.h. ‘hameau’. Soe mer nach, dass aus dem ganz alen Ascvilare, Escuuilre (1161) an Aschwilra irgendeemool Eschwilre gouf.“ Asc soll emol ‘aufsteigend’ bedeiten, wéi ascendo, an wahrscheinlech fir Uert um Bierg oder am Hank stoen. Et kéinnt awer och e Rapport hunn mam aalhéichdäitschen ‘Esche', also Siidlung „bei den Eschen”! D’eelst historesch Zeechnung vum Abt Bertels dréit ëm Leit beim Raschten an nënnt do Echternach als Grondhär. - Wéi virun gutt 150 Joer d’nei Kierch bal fäerdeg war sollt méi wéi een Devis studéiert ginn. Fir den Haaptaltor virgesinn waren dann 1500 Frang, fir 12 Still 480 an de Priedegtstull gouf op 550 Frang geschat. Eeschler koum 1860 op d’Lëscht vun de selbstännege Poren; haut zielt et zum Porverband Jonglënster. (Net ze vergiessen - seng kuckeswäert 14 Kierchefënschtre vum R. Wagner si vun ëm 1900!)

Deen do begruewene Fils vum Duerf, de Professer Emile Donckel (*1904-1979) hat niewend Kierchegeschichtlechem och “Luxemburger Ortsneckereien” an ‘Ons Hémecht’ erausginn. En typesche lokalen Ausdrock huet de René Engelmann veréiwegt. Et housch do ‘d'Kanner sen ergrimmt op d'Uebst’ am Sënn vu versiess oder giereg op Friichten. En decke Luef krut kierzlech een Eeschweller Produit - de soziale Medien no wär... ‘der Privatmolkerei hiren excellente Kachkéis mat Kraider bal net ze toppen’! Mer liesen ewell 1894 dass d’Bauere vu Beidler a Weydig hir Mellëch an d’Eeschler Molkerei geliwwert hunn. D’1935 gegrënnte Beetebuerger EKABE, (d’Privat-Laiterie mat 100 eegene Kéi) hat no 4 Joer 76.075 kg Kachkéis verkaaft. Si gouf am Krich zerstéiert an huet 1944 deen 1917 gegrënnten Eeschler Betrib Pasquay iwwerholl, (de Produzent vun ë.a. dem ‘Edel Camembert’.) 1960 sollt d’EKABE mat 80 Salariéen ronn 16 Millioune Liter Mëllech verschaffen. (Industrie.lu) Hiren Neibau an der Gonnerengerstrooss gouf ufangs de 1970ger ageweit. De Betrib goung 1989 un d’franséisch Grouss-Firma Lactalis, déi d’Mëllech exportéiert. De beléifte Kachkéis gëtt mat an ouni Kraider weider hei produzéiert. Soe mer nach, dass d’Duerf haut verschidde gutt restauréiert Hief huet, 2 Mëllechbaueren an eng Päerdspensioun.

Den hallwen August, op Krautwëschdag, goufen hei ëmmer extra schéi ‘Wëscher’ mat frësche Kraider, Fruucht a Friichten aus Gaart a Gewaan geseent; deen Dag ass hei nämlech kleng Kiermes. (Duerch de Code Napoléon gouf 1804, de 15.8. e gesetzleche Feierdag, well et dem Keeser säi Gebuertsdag war.) Am Stroossenduerf mam Postcode 6169 ass d’Kiermes net méi wi fréier. Fir den Hämmelsmarsch war no der Ouljer Musek zäitweileg de Beidler Jugendchouer zoustänneg. Zanter 2014 spille fräiwelleg Musikanten deen traditionelle Marsch. (Ironescherweis hat de Jouseph II. d’Kierchweih-Fêten op den drëtten Oktoberweekend verluet! Mä dat konnt net verhënneren, dass Kiermessen ënner dem Numm 'Dëppefest' e Bestanddeel vun der ländlecher Kultur bloufen.) Virun enger Weil huet d’Eeschler ‘Noperschaftsfest’ d’Duerfkiermes ersat, mä dëst gouf kierzlech ëmgedeeft an Duerffest! Eng aner populär Duerf-feier ass samschtes viru Buergsonndeg. ‘t heescht dann ‘Mir verbrennen um Hongerbierg tëschent Eeschler an Beidler de Wanter!’ Traditionell suergen do am behëtzten Zelt Wirschtercher mat Sauerkraut a waarmt Gedrénks fir gutt Stëmmung. - D’Wis bei der Donatuskapell um Hongerbierg zitt iwwregens vum 10. bis de 15. August Stärefuerscher un. Op dës Plaz ouni Geliits invitéieren den Naturmusée an d’Amateur-Astronome fir Koméitestëbs, déi sougenannt ‘Stäreschnäizen’, z’observéieren!

P.S. Noperschafts- an Duerffester favoriséieren a klengen a manner klengen Uertschaften Kontakter. “Déi mi schei wäerten Iech dankbar sinn, implizéiert Iech an sidd dobäi net nëmme Spektateur”, haten hir Grënner gesot. Nei an al Eeschler Awunner gesinn dagdeeglech um Horizont d’290 m héich RTL-Antenne vu Beidler. Muuncheree weess wahrscheinlech kaum nach, dass dës säit 1972 den ale Sender vu Jonglënster ersetzen. Erënnere mer nach drun, dass eng intressant Spillplaz an Schoulstrooss koum an dass d’Kanner an d’Jonglënster Schoul wéi och an den LLJ, de Lënster Lycée ginn. Eeschler Veräiner an anerer Clibb aus der fréierer Gemeng Roudemer goufe vun der Gemeng Jonglënster regruppéiert. D’Pompieren ziele beispillsweis säit 1999 zum Lënster centre d’intervention fir incendie et secours. (An d’Wanderfrënn sinn mat de ‘Lënster Trëppler‘ ënnerwee...) ’t gëtt elo ënner aanrem d’lokal Pompiers Frënn an aner engagéiert Clubfrënn an der ewell ernimmter ‘Eeschler asbl’. An dës bestoung nach net am éischten Duerfporträit vun 2010. Duerch si koum d’Motivatioun den alen Duerfporträit vum 24.10.2010 z’erneieren.