Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Esch-Uelzecht, Häerz-Jesu-Por

Haut maache mer eng Promenade an Esch, an d ‘Minettemetropole déi ewell iwwer 29.800 Awunner zielt. Hir 4 Poren forméieren e Porverband. Hiren haitege Regional Dechen Raymond Streveler sot zur 100 Joer Stad-feier e schéine Saz: ‘fir Esch war d’Integratioun vun de Mënschen, déi si geprägt hunn, ganz wichteg.. se huet hinnen e pastoralen a sozialen Zesummenhalt ginn!’ Dee Gedanken ergänze Wierder vum aktuellen Theater-Intendant Charles Muller ‘Begéine sech di richteg Mënschen… kann ëmmer Grousses entstoen’!

Esch war viru laanger Zäit Deel vun der Urpor Keel an duerno vun der Schëfflenger bis 1742. Seng nei selbstänneg Poar St. Jean (d’spéider St. Joseph) hat deemols 464 Séilen. De Bau vun der Poar- oder Jousefs-kierch gouf 1867 décidéiert.. Entretemps hat et duebel souvill Awunner an 1826 war Eck Groussgaass a Lëtzebuerger Strooss mat de Steng vum leschte Festungstuerm ugefaange ginn eng Schoul ze bauen. Di zweet Poar Sacré-Cœur (heefeg och ‘op der Grenz’ genannt...) ass 1913 beschéflech erriicht ginn. Fir de Bau vun hirer Kierch stoungen 2.600.000 Frang bereet. Si entstoung da 1931/32 hanner der Noutkapell no Plange vum Escher Architekt Jean Deitz-Kintzele. Am Juli 1931 war d’Grondsteenleeung, am Januar 1932 stoung de Réibau an ee Mount drop war den Daach gedeckt. D’Kierch St. Henri war 1923 als Sallkierch gebaut ginn am Aarbechter-quartier «Brouch». Wéinst dem Wuesstem vun der Bevëlkerung bestoung e Besoin no méi Kierchen. Di Lallenger koum dann ufanks de 1950ger Joren.

Esch-Uelzecht huet e ‘patrimoine architectural haut de gamme’. Et wollt als capitale économique mat der politescher Haaptstad rivaliséieren. Senger toleranter Police des bâtisses, der Recherche vun Esthetik an artistescher Libertéit verdankt et säin apaarte stylistesche Langage’, schreift de Robert L. Philippart. D’ Fassade vun der Häerz-Jesu Kierch weist 3 Niveauen, déi symbolesch si fir d ‘Dräifaltegkeet, an ass ganz esthetesch. Den héije Klackentuerm erhieft e modernt Kräiz. D’Fënschteren, de Mosaik, an d’Altär sinn konschtvoll a Creatioune vu bekannte Nimm, deels vum Aurelio Sabbatini… deels vu senger Duechter Bettina. D’Statioune sinn an de klengen ronnen Fënschteren vun de Säiteschëffer. D ‘wäertvoll elektro-pneumatesch Haupt-Uergel staamt vu 1935. Si war an hirem Baujoer eent vun de lëtzebuerger Pronkstécker bei der Bréisseler Weltausstellung! An am Dezember 2010 huet si beispillsweis e Gospel-Concert an d’Bäerbelefeier encadréiert.

An der Zénon Bernard Strooss sinn d’Maison Meder an d’ église du Sacré Cœur Zeie vun hirer Zäit! Si hunn enger dichterescher Fieder no nieft gutt erhalenen ‘Art Nouveau Haiser’ am Zentrum een Dekor... ‘chantant le travail, et la prospérité qu’il procure’! An den historesche Baute leien philosophesch a reliéis Konzepter vun hiren Erbauer. Haut hannerloossen se nostalgesch Gefiller: Fir e Kand vum Minett ka kee modernt Gebai, kee ‘Wolkenkratzer’ d’al Héichiewen A a B an de Schied stellen! Si hu beispillsweis dem jonke Roland Houtsch signaléiert ”hei schafft däi Papp, a geschwënn kennt en heem”!

P.S. En ‘Esch’ erkläert d“Wörterbuch Kruenitz –Uni Trier.de (deem säi leschte Band 1858 fäerdeg war,) esou: ‘Ein jedes Gebieth, theils auch einen Hof, eine Wohnung, mit den dazugehörigen Grundstücken' - an 't klasséiert et bei ‘Landwirtschaft und verwandte Bereiche’. Ganz opschlossräich ass och dës Info : Eisen 3740 ha groussen lëtzebuerger Territoir vum Minnettsbaseng gëtt an zwee gedeelt, an de Baseng Esch-Rëmeleng-Diddeleng am Oste vun der Uelzecht an... an de Baseng westlech vun der Uelzecht vu Bieles bis Rodange. Interessant ze wëssen ass et och datt d'Minette am westlechen Deel kiselhalteg ass an am ëstleche kallekhalteg.