Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Draufelt

Wéins dem Eisebunnshalt eegent Draufelt sech gutt fir ‘randonnées mixtes train-pédestre’. ‘t ass eent vun den Dierfer am Dall vun der Klierf, déi vun Huldang erof no 48 km zu Kautebaach der Wolz an d’Äerm leeft... an sech hei bei enger Iwwerschwemmung ukuckt wéi e Séi. Hei haust de Biber a sinn Beiën geschätzt. Den 1884 gegrënnte ’Clerfer Beieveräin’ hat 2010 hei ëmmerhin en informativt Treffe fir Imker-Frënn organiséiert.

Draufelt oder Drauffelt a seng 208 Awunner gehéieren nach bis Neijoschdag 2012 zur Gemeng Munzen… se man dëst zënter 1823 bis an d‘Sylvesternuecht 2011 an zielen dann zur Klierfer. 't waren 1852 hei 161 Leit doheem, grad souvill wéi zu Bigelbaach. Nom traditionellen Hämmelsmarsch op Kiermessamschdeg am Mee 2011 war do Sonndes fir d’éischt en Zelt mat Concert-Aperitif an d’Jeunesse huet um Grill fir e relaxe Kascht gesuergt!

Draufelt ass Filial vun der Por Pënsch an am Porverband Kiischpelt a war bis 1840 Deel vun der Diözes Namur. 1899 hat eng nei Kierch seng al Kapell ersat. An der Ardennenoffensiv gouf si a bal dat ganzt Duerf an der désastréiser Nuecht vum 21. Januar 1945 (an där 3. vum Réckzuch) zerstéiert! … Dee 16 Kilometer breeden däitsche Reckzuch no Osten hat dee Moment zu Lëtzebuerg vum 10. Januar un an enger Woch eleng iwwer 400 Zivilistem d'Liewe kascht! D'Kierch gouf geschwënn opgebaut, d’Plange goufen net “op d'laang Ban” geluet; se krut e flaache Plafong mat decken Dunnen an e neie markante Klackentuerm aus Natursteen. Hire Mobilier ass am Stil deen d’'Englänner ‘Gotik Revival’ nennen. Hir zwou Klacken vu 1902 (vun der Firma Bour & Guenser vu Metz) an zwou eeler Statuen aus dem 18. Jh. bloufen erhalen - déi vun de Patréiner Cornilli a Jokob dem Eeleren - dee ‘Jokob’ vun deem et housch, d’Mëllechstrooss wär fréier no him Jokobsstrooss genannt ginn! Nozedroe bleiwe nach Brécke-Schicksaler. 1852 hat eng mat Staats- Subsid vun 3800 Frang gebaute Bréck de Gemengewee Äischer-Klierf verbessert. Hir an déi Wëlwerwolzer an Äischer Brécke-Sprengunge waren den 12. September 1944 wäit hin ze héieren. E rapid geschafene ‘Bréckekapp’ konnt hei Mëtt Dezember d’däitsch Artillerie-Attack, de Fall vu Klierf an d’Anäschere vum Schlass net verhënneren. D’Prise vun Draufelt, Wëlwerwolz, Kautebaach a Buurschent huet da gläich drop dem Okkupant säi Virstouss op Baaschtnech mat Ziel Antwerpen erliichtert.

Den aktuellen Halt vun der Nordstreck Lëtzebuerg-Leck läit  no bei der Barrière an den Haiser an ass eng 250 m vun där aler Gare ewech. Dës steet bausst dem Duerf a Richtung Frèresmillen an ass zënter Joren a Privatbesëtz. Den Draufelter 'Eiseboonswee' gouf partiell ëmgedeeft: en heescht beim Haus 7 "a Gloden", a bei de Nummeren 8 an 9 "op der Insel". (Nach Allgemenges zur Streck: si huet maximal 1,5 % Steigung, 18 Tunnelen a fiert iwwer 51 Brécken..) Fréi mueres, wann den éischte Sonnestral a flaachem Wénkel op d’Hiwwele fällt, mellt hei d’privat Wiederstatioun gutt Wieder. Et muss awer 1932 schlecht gewiescht sinn, deemools war nämlech wéinst de ‚Riedelen’ d’Schoul zwou Wochen zou... 

P.S. Eng Traufel, gëtt och alt emol 'Draufel' genannt... wat mat ‚Maufel’ reimt, an de Begrëff „E krut Bräi mat der Traufel“ bedeit mol... en huet e grousse Mond mol e wollt schonn ëmmer déck Mäifel... D’Verb 'traufelen' heescht «mit der Kelle arbeiten»,wat zum Steemetzer- oder Gipserberuf gehéiert, (wahrscheinlech awer kee Rapport huet mam Duerfnumm..) Nennenswäert sinn hei nach e puer intressant Ausdréck aus dem Nord-Éislek, oder -Éisselek:' niäwwelig' kënnt vu Niwwel, 'Tsal' vun Zuel, 'zwing', 'zwéng' an 'zwinn' vun zwee! En Zweepënner heescht do 'Zwinnpënner', Zopp déi bal all Kanner gär hunn... “Boustawenzopp” an dreiwen ..ass am Passé “ ech druff”.