Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Duelem

 

D’Réimer ware scho virun eiser Zäitrechnung zu Duelem. D’Geschicht vum Buchholzer-Bësch ka bis 962 suivéiert ginn duerch en Dokument vun den Tréierer Maximiner. D’Häre vu Roussy haten hei am 15. Joerhonnert d’Amt vum Vogt an zu hirem Uewergeriichtshaff hu Fréiseng an Uespelt gezielt. Hinne stounge jäerlech d’Hallschend vun de Revenuë vum Holz an 24 Goldgulden zou, schreift en Arrêté vu 1472. Mä och d’Kierchenhären haten hei nieft den Duelemer a Fëlschtreffer Leit d’Notzungsrecht. Hir Dierfer sollten iwwregens zäitweileg zu Frankräich gehéieren, hei sinn an der Mëtt vum 18. Joerhonnert «laboureuren an demi-laboureuren, manoeuvren a journalieren» ernimmt. Beim Versailler Vertrag, 1769, koume se duerch eng Grenzbegradegung definitiv zu Lëtzebuerg. Ob de Brauch d’Kiermes ze begruewen deemols hei scho bestoung? Dofir goufen ënner Lamentéieren eng Käerz ugefaangen, eng Hameschank an ee Stéck Kranzkuch begruewen a prophezeit d’Fest géif traditionell an engem Joer operstoën…

Virun 2000 Joer hunn d‘Strecke Lyon-Oochen a Metz-Tréier sech beim klenge Vicus Ricciacus gekräizt. Dës gallo-réimesch Klengstad war als Etappenuert 18 viru Chr. op enger treverescher Siedlung ageriicht ginn an huet Handwierker an Händler ugezunn. Ronn 90 Joer drop hu stengen Haiser d’Holzbauten op der Raschtstatioun ersat. Am Musée sinn zwou Broche mat Emailincrustatioune vum „lieu dit Pëtzel” aus dem 2. Joerhonnert... an ënner anerem en aacht cm groussen hellen Terracotta Hond aus dem «Hossegronn». Ëm 275 an 353 si Germanen hei agefall, a 407 gouf d’25 ha grouss üppeg Siedlung mat dem Tempel, Theater an öffentlechen Thermen an de private Bauten verlooss. Béid, d’réimesch Storia an d’Erëmentdecken vun dëser laang vergiessener Plaz faszinéieren. 1842 goufen hei dräi Urne mat ronn 24.000 Bronze Mënzen fonnt.. No néng Joer koumen offiziell Fouillen a kuerz drop huet de Professer Namur den Duelemer ‘Réimer Camp’ ausféierlech op 63 Säite beschriwwen. (Deemols goufen zwou Minerven fonnt, an di schéinst sollt de Louvre 1888 kafen!) De Grondsteen vum Réimermonument mam 60 Zenner schwéieren Adler gouf 1855 geluet vum Prënz Hary als Erënnerung un de réimesche Vicus an di 2 Kiëmen.

’t ass net verwonnerlech, dass d’Duelemer Kierch op réimesche Fundamenter rout; si gouf 1743 gebaut vun der Abtei St. Maximäin. Hire Lien mam Duerf baséiert op den Don vun engem fränkesche Groussgrondbesëtzer Thiedo, deen den Tréierer Klouschterhäre säi Gutt (d.h. terries cultis et incultis) an d‘Eclesia vun Dalahem“ 962 vermat hat. Dëst gouf e puer Mol confirméiert, an de 55 ha grousse ‘Buchholz’ huet den Tréierer Mönche rechtlech bis Enn vum 18. Joerhonnert gehéiert. An der «lëtzebuerger Bëschgeschicht» vum Jos Helbach fëlle 36 Säiten d’Debatten iwwer säin Usufruit. D’lescht Zeile ginn ëm d’Monument um ‘Napoleonshittchen’, dat keeserleche Verdéngscht ëm de Bësch an de Maximäiner hir Suerg ëm Kierch, Stroossen a Bambestand wierdegt. Schlussendlech gehéiert de Bësch definitiv der Gemeng.

D’Duelemer Kierch hat ufangs ewell dräi Jocher, e Kräizreppeverwëllef, dat vu Pilastren ausgoung an e Priedegtstull mat polychroméierten Evangelisten. Se gouf 1860 vergréissert a beim Restauréiere vu 1928 goufe Freske fräigeluet. Dës Wierker vum Maximinerpater Jean Gaspar Weiser vu 1770 hunn deels reelle Mobilier ersat: d’al Säitenaltär krute keen Opbau mä eng gemoolte Scheinarchitektur! Och d’Kräizweestatioune si Fresko-molereien. Se goufen iergendeemol a Krichszäiten nuets iwwerstrach - wahrscheinlech mam Hannergedanken se ze retten - verréit d’Kierchebuch vum Vic Loos ‘Duelem- Eis Kierch‘. D’lokal Riedensaart «Féiss hunn wéi deen hanner dem Héichaltor» bezitt sech op d’iwwerdimensional gemoolte Péitrusgestalt an der Apsis hirer faarweger ‘Verklärungs-Szeen’. - Den 11. Mee 1940 sinn d‘Kierch an den Duelemer Adler gesprengt ginn. D’Denkmal gouf 1955 ersat, den Tuerm gläicht deem vu ”St.Germain des Prés” an huet herrlech Waasserspäizer. D’Weiser-Freske goufe restauréiert, an nei Kierchebänken glänze mat Rokoko-Säitewangen. Beim Abroch an d’Porhaus gouf 1953 d’Geld fir d‘Bänken net fond (200.000 fr), mä d’lescht Kollekt, eng hallef Ham an eng Këscht Schokela si verschwonnen. D’stenge Bänken aus dem 1985 erëmentdeckte réimeschen Theater hunn maximal 68,5 m Diameter a versetzen eis an aner Zäiten. Si sollten eng Weilchen op hir Revaloriséirung waarden an zielen haut zu de spektakulärsten archäologeschen Entdeckungen aus der Groussregioun. (Text aus de ‘Kierchtuermscauserien’ 12.03.2006 )

P.S. Duelem huet haut 1508 Awunner a säin Dokumentationszentrum beim gallo-réimeschen Theater féiert op d‘Spure vun de Réimer. Di richteg Ausgruewungsaarbechten hate kuerz virum Millenium ugefaangen; eng Erdschicht hat 1600 Joer laang de Site konservéiert. Déi zentral Trap huet nach 10 Originaltrepplécker, d‘éischt Rei war fir d’Kanner, si an di zweet Bänk hunn e Réck.. déi iewescht Steng sollten emol als Steebroch benotzt ginn. Eng Visite lount sech, d’Ricciacus Frënn hu säit 1977 d‘Ziel Intressenten an d’Aktivitéiten ëm hire Patrimoine anzebannen! - Zu de Vestigen zielt och eng gutterhalen ‘borne militaire‘ am ‘Buchholz‘ aus der Epoche vum Keeser Hadrian. Si ass nach ee vu villen ähnleche Repère mat Distanzen, a kann dem Ovid säi Saz widderleeën  ‘Die Zeit zehrt an den Dingen!’ ('Kierchtuermspromenaden' 21.10.2012)