Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bërmereng

Allgemeng ginn Texter iwwer d’Heemecht de Lieser Réckhalt, si erzielen eegenes a familiäres. ”Wa fréier beim Sträichen di puer éischt Mellechstralen an e blechenen Eemer geschoss koumen, war dat eppes wéi Musek!” Dee Saz kënnen eeler Generatioune vu Bërmerenger oder Biirmerénger Baueren wéi och anerer bestätegen. Biirmeréng (dem Spellchecker no mat zwee ii...!!) huet just mat Lampech ufangs Dezember Kiermes… a dann ass bestëmmt säin eenzege 65 Ar grousse Wéngert en Thema, e Wéngert, deen d’Chronik vu 1981 ernimmt…

Biirmeréng, neen Bërmereng, steet am lokale Maus-Logo’ fir Burmerange. ‘t huet 173 Awunner ; an den 3 Gemengesektiounen, d.h. mat Eelweng an Éimereng sinn hei 16 landwirtschaftlech Betriber an am ganzen 960 Leit. Hei kënne se ‘streiden wéi e Pëtzklëmmer’ …sou heescht een dee Buere botzt. An ‘t gouf fréier am Duerf äifreg Theater gespillt! 1570 ass hei d’Veréierung vum hl. Simeon ernimmt, den Eremit aus der Porta Nigra vun Tréier; haut sinn d’Bärbel an de Méchel d’Kierchepatréiner. D’Fënschteren vun 1894 komme vun der FA Linster a Schmit. D’Statuë vun der Anne an der Dorothée, (a Jean Baptiste an Antoine) sinn op enger Kierchephoto vun ëm 1900 an dem N. Greef-Roesdorf attribuéiert, (vun hinne si nach d’éischtgenannten zwou helleg Fraen erhalen). Am Biirmerenger Kierche- Schaz ass een Altor-Teppech, deen an der Cholerazäit no engem Gelübte gebitzt gi war. E remarquabelt Weekräiz reflektéiert d’Volleksfrömmegkeet vu fréier... (En ale Brauch war hei am Mee d'Krounesangen; Kanner hunn dobäi een als Meebraut gekleete Meedchen begleed a Muttergotteslidder gesongen.)

Bërmereng gouf fir d’éischt 842 an enger Urkund vum Keeser Lothar als ‘Boinbringas’ genannt. (Eelweng war 739 an Éimereng 907 erwähnt.) Tëscht 1659 an 1769 stounge ‘Burmerange’ an d’Nopeschgemenge Munneref, Duelem a Bus am Géigesaz zum Rescht vum Land ënner franséischer Herrschaft. A bis an d’Napoleonesch Zäit huet et zur Por Gandern gehéiert. Populär gouf Bërmereng duerch den Auguste Liesch; dëse Munnerefer hat 1936 d’Fabel vun der “Stadmaus an der Landmaus” vum de la Fontaine nei eraus bruet: D’ ’Maus Ketti’ lieft hei an einfache Verhältnisser um Feld a kritt Besuch vun hirer snobistescher Kusinne Mim aus Klausen. Si preparéiert dëser en deftege ‘Kiewerleck a Méckefett gebroden’ a Millebitzentaart. Mä d’Mim schwäermt vu rengem Kuch a luet d’Ketti an. Wéi béid sech an der Stad un engem räich gedeckten Dësch mat Rossbiff a Poulet regaléiere wëllen, daucht de Kueder Tunn op! D’Landmaus rett sech… fir weider doheem gesond vu Weess an Hieselnëss ze liewen. Natierlech ass d’Fabelfigur hei an enger Bronzestatu vum Will Lofy veréiwegt (an zu Munneref säit 1986 an engem Sprangbuer… och vum Lofy.) Lokal kulinaresch Spezialitéite sinn wéins hirem raffinéierte Goût d ‘original Bërmerenger Mauszalot’ oder hausgemaachte ‘Feierstengszalot mat gebootschte Gromperen, an am noe Possenhaus eng typesch ‘Mauskättizalot’.  

Säit 2001 organiséiert d’Duerf Ufanks Mee e ‘Blummentreff’. Attraktiv Ideeë gi sengen Awunner kengesfalls aus, si ginn jo wéinst hirer Schlauheet ‘Biirmerénger Fiiss’ genannt! Den Hämmelsmarsch... meeschtens mat Hämmelbegleedung, gëtt hei Sonndes mueres vun der Chorale an den Duerfstroosse gesongen! 

P.S. Präzises iwwer de lousen Duerfleit hire  Bäinumm 'Biermerenger Fiss'  ass net ze fannen. De René Engelmann verréit just “sie hatten bei einem Gemeindebau den Unternehmer überlistet” - an dat sinn ewell méi ewéi 100 Joer hier. - Virun 1952 ass hei de Konstructiouns-Atelier Legille opgefall, deen z.B. 1949 Pub gemat huet fir eng breed Dreschmaschinn mat oder ouni Stréihpress. Haut ass keng Wirtschaft méi am Duerf ausser dem Bistro am Centre Mausketti an der rue Auguste Liesch... genannt ’Brasserie am Fräschepull’! Dëi gréng Quakerte schéingen hei eng onbeschränkt Souveränitéit gehat ze hunn well kaum Storche sech hier veriert hunn...