Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Briddel

Ënner Jouseph II. goufen am Joer 1789 d'Nummereschëlter un 691 Stater Haiser erneiert an un 180 Haiser zu Hollerech, Kielen, Koplescht an am Ëmkrees. An dozou huet och de Briddel gehéiert. Den Office National du Tourisme nennt ‘Briddel‘ d‘Schwëster-Uertschaft vu Koplescht ‘op sonneger Héicht an Ausgangspunkt vu ville Promenaden’. Et sinn a ware vill Bëscher heirëmmer a schmuel Stroossen. Mol gouf e "Kammwee" mat diverse Nieweweeër iwwer de Briddel op Laaschend ernimmt, mol d’Uertschaft op ‘Kammhéicht‘ tëscht Stroossen a Miersch. En alen Dictionnär ernimmt d‘Plaz als Haisergrupp uewen u ‘Siwweburen‘. Bridel oder Bridelle ass iwwregens e Familljenumm am nërdleche Pas-de-Calais. E geet op de Fabrikant vun der ‘bride‘, also der Léngt zréck!

Am Mëttelalter ass no vum Briddel eng Verbindungs-Brëtelle erwähnt, (och eng ‘bride‘..) zum Mariendall an de Buergen un der Äisch. Haut féiert hei eng Promenade iwwer d‘"Laangriicht" bei eng schéi Vue erof op Walfer. Se geet dann a Richtung Steesel laanscht e Réimertempel an dréit lénks erof an de Budderdall. Hei faale bizarr Fielsformatiounen op, besonnesch d' ‘Spatzlay’, déi der Sphinx vu Giseh gläicht. - Wéi al d’Uertschaft Briddel ass, wësse mer net. Se war bis 1853 an der Gemeng Steesel a koum dunn zur neigeschafener Gemeng Koplescht (..an zielt mat aacht Dierfer zum Porverband Mamerdall.) Virun 100 Joer ware sechs Haiser do. ‘t entstoungen da lues a lues Eefamilljenhaiser an e puer Geschäfter un der Haaptstrooss. An de 1950ger Jore koumen e puer kleng Residencen, Bungalowen an elegant Propriétéiten bäi. Dem Skulpteur Wercollier seng war iwwerduerchschnëttlech modern, asymmetresch, a vu sengem Brudder entworf. Eng bekannt Kräizung vu 4 Weeër heescht op 'Fënnef Buchen'. Déi al pyramideförmeg Lann am Rëmeschgronn protégéiert en 1817 datéierte Calvaire a gouf dem Soe no bei der Abdikatioun vum Napoleon geplanzt. 1980 war hiren Ëmfang op Broschthéicht 3,86 m. De manner ale "Pin Parasol" zur Stroossener Säit hinn hat de Forstinspekter Ernest Faber 1893 mat engem natierlechen Triumphbou beim Agank vun der Uertschaft verglach. Béid Beem zielen zu eisem 'patrimoine arboricole' a si 'symbole de longévité'. (a.d. Buch 'les arbres remarquables'.)

D’Aweiung vum neien 2,5 Milliounen deiere Briddeler Waassertuerm, engem vun de schéinsten am Land, war den 20.7.1963! D'modern Kierch hat de Beschof Hengen op Jousefsdag 1972 dem hl. Hubertus geweit; hire Plang ass vum lokalen Architekt René Schmit. Hir Particularitéite sinn Dieren vum Maggy Stein (enger Wercollier-Schülerin) mat engersäits der Schëpfung an anersäits engem Liewensbam.. an déi 307 m2 grouss abstrakt Glasbetongfënstere vum Mett Hoffmann (vu 1979). Hir Faarfintensitéit an d'Linnespill vum Kierchebau ‘dauchen de Raum an e Liicht dat baussen vu senge Maueren net perceptibel ass’… sot de Michel Schmitt. (Si hu manner ‘Téin vu geploute Stécker, vun Leeën a Wisegréng‘ wéi dem Moler seng Tableauen a verdéngen en Détour.) Den Tabernakel ass eng Creatioun vum Jean Thill. Nieft dem neie Kräiz fält eent mat alem Korpus Christi aus dem 18. Joerhonnert op… an eng optesch herrlech Kleuker-Uergel; si huet e Spilldësch an hellem Ahorn, prézis "Vogelaugenahorn", speziell Tastelängten an 19 Regëster. Hir 1000 Setzer-Kombinatiounen erlaben en Optimum u Villsäitegkeet! En Face vun der Kierch kann een eng deck Eech bewonneren, déi 1839 bei der Onofhängegkeet vum Land geplanzt ginn ass.

D'Musek Koplescht-Briddel konnt 2004 hir 100 Joër feieren. Wéi se gegrënnt gouf, huet d'Gipsmille vum Roudenhaff nach fonktionéiert. Dës war vun 1824 a gouf 1914 definitif zougemat. D'Gipsweieren Briddel/Steesel sinn nach do - och de Sentier du Gypse – de "Bloe Weier", Iwwerreschter vun der Millen an e Stéck Bréckemauer. En ale Grenzsteen mat grousse Lettren SM fir ‘Sa Majesté’ an der Zuel 1782 steet beim Hartardshaff, sou den ale Numm vum Roudenhaff. D'Zäitzeie weisen, dass de Briddel och fréier eng gewësse Bedeitung hat, villen en A-bri gouf a kreativ Mënschen ugezunn huet. D'keltesch Göttin Brid war iwwregens Beschützerin vun de schéine Kënscht a Göttin vun der Inspiratioun! (Text-deels aus de ‘Kierchtuermscauserien‘ 2008 )

P.S. Op der Strooss Briddel - Steesel sinn heefeg Amphibiëwanderungen notéiert. ‘t goufen hei pro Joer annerhalwe Mount laang 7 Zorte Molchen, Grasfräschen a Mouken observéiert - 2001 haten d’no Weieren iwwer 900 Exemplaren ugezunn fir ze läichen! - Deeler vum Bann haten hei de Seigneur vum Roudenhaff an Deeler den teutoneschen Uerden exploitéiert. D‘Distanz zur Festung war fréier eng Stonn mam Päerd. - D‘Biergerkräiz ass e Lieu-dit an der Gemeng Koplescht, benannt no enger Grenzmaark um äusserste Rand vum Bambësch. Hei stoung eent vun véier fréiere Fron- oder Bannkräizer, di d’Herrschaftsgebitt vun der Stad an d’véier Himmelsrichtungen ofgegrenzt hunn. (..’t heescht och, wou d’Kräiz stéing wär emol e Muerd geschitt.) Friddlech unzekucken ass um Square Marcel-Goedert dem Lucien Wercollier seng bronze Skulptur ‘Affection’ op engem bal 2 m héije roude Granitsockel. Si dréckt, wéi den Cézanne emol sot “eng Harmonie aus, di parallel zur Natur verleeft.”