Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bruechtebaach

Bruechtebaach läit an der grousser Gemeng Wëntger um CR 309  an zielt 181 Awunner. ‘t gëtt do 3 Veräiner, de Club Jeunesse, d’ “Frënn Brootebaach”, d.h. den elo 40 jäerege Spuerveräin an e Gesang dee Nowuess sicht... Promenaden ëm Brootebaach, wéi et lokal heescht,  hu 7 oder 8 km an heeschen  'Millepad' an 'Heckewee'. Di eng geet de "Brootemer Bierg" erof, wou d’ "Brootemer Millen" a virun 80 Joer dem Duerf säin eegent waasserbetriwwend Elektrizitätswierk stoung - dat éischt an deem Genre. Di aner féiert an de Kiereldall, laanscht d’aalt Wäschhaus mat den dräi gutterhalene Wäschbueren duerch e prächtege Mëschwald an d "Naasheck". Erënnere mer drun, dass Bëscher de Buedem schützen, Waasser späicheren an duerch hiert dicht Wuerzelwierk Erosioune verhënneren!

Um Internet erënnert en Témoignage vu Bruechtebaach, Braachtebaach, oder Brootebaajh un d’Rundstedtoffensive, hir Panzerugrëff an Affer: “Bis den 11. Januar 1945 wor zu Brootebaach hei e Lazarett van der 1. SS-Panzerdivisioun ageriicht a mat iwwergrousse roude Kräizer markéiert, an esou wäithin z’erkennen fir amerikanesche Fligeragrëff z’entgoen. Heihi sollt eng Militärbasis kommen, an de Virstouss van den Amerikaner opfänken. Am Inferno vun der Bommenattaque vum 13. hunn 20 Duerf-Leit eng Kapell versprach, di haut un di schlëmm Evenementer erënnert. D’Duerf ass dann den 20. Januar liberéiert giän.” Dräi aner Weekapellen vu verschiddne Stiler a Schieferkräizer baussen um Fouss vum Kierchtuerm sinn hei erhalenswäert reliéis Zeegnesser aus fréierer Zäit..

Bruechtebaach, dat typescht Éisleker Duerf mat 5 aktive grousse Bauerenhäff, 2 gréissere Schräinereien… a mächtegen ale Beem huet sech mat der Zäit verännert. Et ass gewuess! Et figuréiert 1496 als «Bretenbay» an engem Dokument an 1502 als Por Bretembach vum Dekanat Baschtnech. Seng schmock Duerfkierch mam Datum 1777 am Bou vum Laanghaus huet e mächtege fréihbarocken Héichaltor vu 1650 mat Dréihtabernakel an Nische. An dem Priedegtsstull aus dem Héichbarock seng Evangeliste man e gräifbar liewegen Androck... D’Statu vum Kierchepatréiner a Brudder vum hellege Péiter, den hl. Änder dominéiert den Altor. Ob Betruechter hei un d’kreativ Hänn denken, déi dëst alles geschafen hunn, an der Hoffnung hir Wierker géife laang liewe wéi d’Bierger a Gefiller erwächen, déif ewéi d’Mier? D’faarweprächteg modern Glaskonscht vum Robert Emeringer ënnermoolt d’liturgescht Geschéien an de Gottesdéngschter an animéiert a stëlle Momenter d’Fantasie vu grouss a kleng. A propos Kannerfantasie… Dem Kardinol Lehmann seng Äentwert op d’Kannerfro ‘Wo wohnt Gott?’ housch ‘E wunnt net wéi mir Mënschen, och wann e ganz an eiser Wunnwelt present ass...’  Vum hl. Paulus koum viru laanger Zäit  zu Athen d’Erklärung “Der Herr über Himmel und Erde wohnt nicht in Tempeln, die von Menschenhand gemacht sind."

Zum Brootebaacher Kultur-Ierwen zielen och d’Milleschkräiz an d’al Mille vun Ufangs dem 18. Jh.. Si hat ëm 1900 de Betrib agestallt an gouf eng Weil duerno als duerf-eegent waasser-betriwwend Elektrizitéitswierk exploitéiert! Nach ze  soen:Op traditionelle, groussen Hochzäite gouf fréier ënner anerem och hei…en adaptéierte Vers am Litanei-toun gefrot ‘Wars D’ nach keemol zu Bruechtebaach..? AN Iwwerall ma do na nët’! war d’Äentwert! Vun do staamt och de Nic Weber, de Radio-Pionéier a spéidere Chefredakter aus dem Lëtzebuerger Programm an der Villa Louvigny; hie sot emol ‘vergiesst net de Bam, wann der de Bësch kuckt….’ ! An ‘dass am Vergläich mat fréier eis Gromperen ‘europabewosst Moosse’ kruten.

P.S. Bruechtebaach läit 68 km vun der Stad a knapps 7 km vu Nidderwolz, zielt awer zum Kanton Clierf. 't louch fréier an der Gemeng Uewerwampech. Beim Abroch an seng Kierch, Mëtt Mee 2009, hat d’Sakristei-Dier net Stand gehalen an ‘t goufen Hellegestatuen an e Kielech gestuel, zwou Engelsfiguren an eng Dauweskulptur. Net laang duerno haten Onbekannter hei Intressi un engem Raupebagger! D'Duerf huet wuel vill kleng Stroossen, mä nach keng Stroossennimm, just Hausnummeren. An enger Statistik vun iwwer 17.000 Familljenimm houschen 1984 ëmmerhinn 34 Persoune Brachtenbach, duebel esouvill wéi honnert Joer virdrun (...a grad souvill wéi Englebert, Knaf oder Alf.) Familljenimm di op Uertsnimm baséiere waren am virleschte Joerhonnert di heefegst.