Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Buurschent

Vu Buurschent, Bourscheid, gëtt et di al an déi méi nei Geschicht. Den 13. Mee 1940 gouf d'Lann genannt "Napoleonsbeemchen” vun der ‘Houlett’ vun deitschen Zaldoten "aus strategesche Grënn" gefält. Annerhalleft Joer drop koum da nees eng Lann op d’selwecht Plaz. A well an der Kierch keng Willibrord Statu stoung, gouf eng nei geschnëtzt am Atelier vum Constant Stehres aus dem Rollengergronn. Dat speziellt dorun: Si entstoung aus dem historesche Stamm vun der ‘Houlett‘.. op Initiative vum Här Eltz an dem lokale Woner Jean Lanners!

Op engem Ardennenausleefer, 145 M iwwer dem Sauerdall läit den historesch wichtege ‘castrum Bursceith’ mam Biergfried aus dem 11. Jh.. Seng Ritter ware Vasalle vun de Grofen an deels Duc vu Lëtzebuerg. De Sogier I. koum heihin aus Flanderen a war Beroder um Haff vun der Ermesinde. No der Urbuerg an hirer romanescher Kapell koumen e Ronntuerm an eng kleng Rankmauer bäi. De Site huet an 8 Bauperioden weider evoluéiert… an d’Regëstere vun de Seigneuren hirer Geschicht vun 1220-1812 fëllen 8 Volumen! D’grouss gotesch Rankmauer an di 6 Tierm, di haut nach bestinn si vun 1350. Geschwënn drop koumen d’Stolzemburger Haus mam Trapegiewel, eng 3. Rankmauer an di 3. Paart... Am 15. Jh. kruten d’Seigneuren jäerlech ‘den Zengten Huewer’ vun 13 Haiser vu Mechela, plus 8 Henger, 6 Gäns, 8 kleng Geessebéck a 796 Eeër…. D’Herrschaft an dem Duerfnumm seng Schreifweis hu changéiert. D’Surhonio Kaart weist 1609 zur Zäit vun de Metternichs ‘Bourchet’. 1762 ass de schlechten Zoustand ernimmt a 1785 d’Restauréierung vum 400 Joer ale Stolzebuerger Haus… D’Buergarchiv gouf 1803 an den Hondsréck a Sécherheet bruet. (De François Decker sollt et an 12 Joer Aarbecht groussendeels déchiffréieren.) 1815 ass d’Buurschter Schlassruin erwähnt, nom Victor Joly ‘un des plus beaux spécimens de l'architecture militaire du moyen âge, jeté au milieu d'une nature grandiose et sauvage’. Se koum 1936 ënner Denkmalschutz, gouf 1972 Staatsbesetz an d’neigegrënnten «Amis du Château de Bourscheid» hate gläich 58 Memberen. Am Stolzebuerger Haus sinn haut kulturell Evenementer an e Buergmusée; de Bau ëm d’véiert Paart déngt als Portiershaus.

Een Aussiichtspunkt weist d’Vue op de Sauerdall a Méchela.. een anere bei klorem Wieder d’Héichhäiser vum Kierchbierg. ‘La vue est splendide’ hat de Victor Hugo 1865 notéiert; an d’Ruin huet en ‘admirable’ fonnt, ‘tout comme le paysage au milieu duquel un seigneur entreprenant, il y avait quelque mille ans, avait résolu de s'établir’! (Text aus der Collectioun vum Tony Bourg.) D’Duerfkierch mat der renger Tuermspëtz beschreift d’Buurschter Buch vum Här Eltz: 1765 hunn zwou Damme vun der ‘Schloss-Herrschaft Burscheid’ di jëtzeg Porkierch baue gelooss. Si ass bemierkenswäert, an hir nobel Altär sollen aus der Buerg stamen. (Eng 1. Porkierch war schonn 1247 erwähnt.) Hire Patréiner ass den Äerzengel Michael. D’schéi Statu vum hellege Fiaker, Patréiner aus der Schlasskapell, hat de Geeschtleche Meder 1804 aus der Ruin gerett a mat sengem Päerd an d’Kierch bruet. D’faarweg Kierchefënsteren erzielen déi Geschicht... Nieft dem Patréiner gëtt d’Willibrord Statu besonnesch geschätzt, well si bekanntlech aus dem gutt versuergte Stamm vum Napoleonsbeemchen ass, deen Duerfleit 1940 gerett haten. D’laangjäreg fréier Gemengesekretärin erzielt dës an aner Geschichten ëmmer nees mat Freed. Vum fréiere Buergermeeschter a President vun de Schlassfrënn Nicolas Leyder ass d’Info, dass Nokomme vum Sohier I. haut a Rheinland-Westfale liewen als «Freiherren» vu Burscheid bei Düren!

P.S. Buurschent zielt 387 Awunner a fir si ass d’ Buurschter Buch ëmmer nees eng intressant Informatiounsquell… An bal jidderee weess, dass am Joer 1804 leider d’Herrlechkeet vun hirer Buerg zur traureger mä dach nobler Ruine gouf. Och vun der Kapell vum Fiaker blouf just e Koup Steng. Säi Fest ass den 30. vum Kaarschnatz.  Heirëmmer wiist iwweregens ‘Hellem’... esou gëtt lokal gesot fir ‘Eisenhutt’. Dësen huet héich Lage gär an heescht wéins der Form vu senger Bléi iwweregens och ‘Mönchskappe’ an ‘Helmgiftkraut’!