Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Blaaschent

D‘Landschaft ëm Blaaschent huet Faarwe mat ‘Kontraster an Harmonien, di ganz vum selwen zesummewierken‘. Dëse vum Van Gogh inspiréierten Androck bestätegt d‘summerlech Natur. Eng herrlech Bëschpromenade féiert hei laanscht mächteg ‘Fielsbasteien‘ an ural kapriziéis Fielsformatiounen - beispillsweis den “Napoleonshutt“. (C. Hemmer) Se fänkt uewen u Blaaschent un wou d‘Stroosse vu Fëschbech a Lëntgen sech begéinen. Onsichtbar, well ënner dem Buedem, entstoung hei eist längst ënnerierdescht Bauwierk, den Tunnel “Grouft“. D‘Stroossennetzer haten zur Réimerzäit keng Tunnelle mä goufen äifreg aus- an ëmgebaut. Al keltesch Weeër an neier goufe militäresche Besoinen ugepasst. Bei d’Haaptlignen am Guttland sollte Quierverbindunge kommen. A vun Norden hier goung e Wee vun Angelsbierg iwwer den Héichteréck zwëschen Uelzecht a wäisser Iernz via Blascheid duerch de Grengewald. En huet zu Weimeschkierch dee vun Altréier getraff. An der Mëtt vum 3. Jh sollt d‘Besiedlung am Guttland progresséieren an den Handel konnt an der ‘pax romana‘ iwwer sécher Handelsweeër goen.

An Archivdokumenter vu virun 1880 steet Blascheid bei der ‘justice-seigneurie de Meisenbourg’. ‘t war laang zougehéireg zur Steeseler Urpor, dann bis 1803 zu där Luerentzweiler – a gouf duerno 40 Joer laang Eesebuerer Filial. Eng Kaart vum Grengewald vu 1721 weist e Kutschewee venant de ‘Blanchete’, d’Fontaine ‘nommée glace boure’ an d’Forge vun Dummeldeng. ‘Blachette’ kënnt vu blacher, en Toponyme ‘désignant un bois de chênes blancs’. Vläicht stoungen hei mol Keltenhaiser aus Eechen, di fréier als Bauholz genotz gi sinn a sonneg Plaze gär hunn. Bei enger Buedemprospektioun goufen 1996 um Plateau um "Kurze Wé" zwou Dolch–Klénge fonnt aus Silex tertiaire, en Hiwäis op weider jongsteenzäitlech Spuren. Eng passend Suite dozou: zu Blaaschent gouf am Joer 2003 en neolithescht Haus fir Schoulzwecker rekonstruéiert! De Projet ”Natur erliewen an der Schoul” baséiert op engem virgeschichtleche Modell an dofir goufen iwwer 50 Lächer mat den Hänn gegruewen, Eechestämm geschielt a Wänn aus Lehm, Sand, Stréi a Waasser iwwer Flechtwierk ‘gebaut’. D’Kanner an hir Assistenten hate Freed dobäi a gesouchen duerno en traditionellen Daach aus ‘Reet’ entstoen. Wéi an den Héichbuergen aus dem Neolithikum rënne Megalithen d’Bild of! (Dokumentatioun op www.feuer-steinzeit.de/programm/hausbau.php)

Wéi Blaaschent 1843 seng nei Hubertus Kierch hat gouf dës e Joer drop zur Porkierch bestëmmt mat Eesebuer als Filial. (Koltz, Baugeschicht Stad a Festung, Ed. 3) Mir liesen och, dass et säit 1823 weltlech zur Gemeng Luerentzweiler gezielt huet mat Asselscheier, Bouffer, Hielem an Hënschdref - an Eesebuer zu Jonglënster.  1938 huet e Feier d'Kierch vu Blaaschent komplett zerstéiert. Där Neier hire Grondsteen gouf den 19. Mäerz 1939 geluet. D'Pläng ware vum Architekt Deitz. D’Fënschtre vum Notker Becker hu biblesch Symboler, Spatzbéi sinn fir si an fir d‘Voute charakteristesch. Aus verschiddne Grënn gouf s’am Mee 1970 vum Bëschof Lommel  geweit. (Den Altor an d‘Statuen aus där ganz Aler koumen ëm 1840 an d‘Grotte vum Fautelfiels.) Kuckeswäert ass di kleng Weekräiz-Skulptur un der Baussemauer; déi d‘ Buch 'Vierges de Pitié'  (Heemecht 3, 1967) dem Math. Schergen attribuéiert. Hir Pietà straalt calme a sérénitéit aus – an d‘Hänn vun hiren dräi Personnage beréire sech.

Blaaschent huet e moderne polyvalente Veräinsbau an d’Nordstrooss A7 geet deemnächst, wéi ugedeit, ënner dem Blaaschenterbierg erduerch. Den 2.966 m laangen Tunnel Grouft huet zwee zimmlech parallel Tuben am Houfeiseprofil. E krut säin Numm vum Flouer, deen op der halwer Streck vum Bau a vu sengem déifste Punkt ënnerëm Buedem läit. Bei där scho vu wäitem siichtbarer Kierch kann een en Deel vum Guttland iwwerblécken, mat sengen Hiwwelen a Bëscher, an wäit hanner Miersch an engem blogroen Hannergrond d’Ardennen erkennen. En Text vum Dr. Ernest Feltgen mecht 1901 dorop an op grouss Hief a südöstlecher Richtung opmierksam an ernimmt Steenuebstbeem an Nësserten, déi s‘ëmginn an déi d’Réimer ewell kultivéiert hunn. Am September 2011 housch eng Pressenotiz aus der Gemeng: hir Uertschafte wäre geduet “zum Wohnen und Leben”. (Si war kuerz virdrun mam Ëmweltpräis vun der Stëftung ‘Hëllef fir d’Natur’ ausgezeechent ginn.) Zum Thema Wuesstem gouf dee Moment gesot Hënsdref a Blaaschent sollten net weider wuessen, mä fir dat lescht war en neie Waasserbehälter virgesinn an d’Verbesserung vun der Stroosseninfrastruktur.

P.S. Déi iwwersiichtlech Uertschaft hat 1981 eppes iwwer 300 Awunner, 2002 da 447 a koum 2014 op 498. (Di dozougehéireg Hief: Klengelscheier 9 an Aasselscheier 65.) D‘‘Duerffrënn Blaschent‘ kenne wahrscheinlech méi Variante vum Uertsnumm, deen en aalt Archivdokument 1619 als Blandtscheit ernimmt (an 1777 d’Ferrariskaart als Blascheit.) Se sammele sécherlech och intressant lokal Publikatioune wéi déi vum Abbé Nicolas Theis - dee fir seng Newman-Studien 1984 den doctor honoris causa Titel vun der Uni Freiburg/Breisgau krut. Virdrun hat hien a sengem ‘Tagebuch eines Landpfarrers‘ (an der Trilogie „Den Weg entlang“) Reflektiounen zum Alldag aus der Por Blaaschent erausginn. – Emol e ganz anere Krichsrapport erwähnt de 7. Januar 1919 der 123RD FIELD ARTILLERY hir gutt Moral – an ’several units of the regiment quartered in the villages of Lintgen, Prettingen, Imbringen, Lorenzweiler and Blascheid... Now that the fighting had ended, the men performed their duties so conscientiously that in the divisional motor show at Diekirch, one of the big events of the winter, the 123rd won an easy victory.’ (Extrait aus der virtueller Datebank: www.forgottenbooks.com/readbook_text/Illinois_in_the_World_War)