Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bënzelt

An enger klenger Lektioun mam typesche Vokabular vu Bënzelt an Ëmgéigend verréit den Aloyse Kohnen dass et hei “schingt Wiädder” heescht, “an d’Hänn spukksen” , zuällef” fir zwielef - oder “Brukt haan” fir Brout hunn; “diäbbelen” ass diebelen, “gezujen”, gezunn.. an “dann hurt” (dann hörte)… D’Wuert aus der Ofkierzung “BiHoB” ass säit 1971 hei e neie Begrëff an de Numm vun der Duerfzäitung (enger Initiativ vum deemols neien Interesseveräin.) De Pater Kohnen hat hire Logo mat de Kierche vu ‚Binsfeld, Holler, Breitfeld‘ gezeechent; hir éischt Silben erkläeren den ufangs rätselhaften Numm. Zil vun där Zeidung ass d‘Kierch an d‘Kulturträger weider fest an den Dierfer ze verankeren... an al geschichtlech, wi och “lëstig” Erënnrungen opzefrëschen. Si gouf 2007 beispillsweis 300 mol gedréckt an adresséiert sech och un Fortgezunnener. Bënzelt hat 2005 nach 216 Awunner – hinne sollt den Hären Johanns a Meyers hir dunn publizéiert lokal ‘Häiserchronik‘ weisen, wéi wichteg den Auteuren eis Zäit (déi de Goethe d’Gegenwart nennt) ass.

Bënzelt an der Gemeng Wäiswampech an am Dekanat Klierf huet deels typesch kleng wäit iwwer honnertjäereg Bauerenhaiser. ’t läit a geschützter südëstlecher Hanglag net wäit vun der belscher Grenz a seng Awunner sinn houfreg op hire Musée: D’Haus ‘a Schiewesch’ staamt aus dem Joer 1725. Et war deemols ugebaut ginn un eng Schéifferei aus dem 15. Jh. genee gesot un eng Scheier mat engem ënnergebaute Schofsstall. Eelef Generatiounen hu sech dorann ofgeléist. Et ass no aler Traditioun restauréiert an iwwer d’Grenz bekannt. D’Liewensweis vu fréier presentéieren hei haut a 25 Raim Mobilier, Haushaltsgeschir a landwiertschaftlech Maschinnen aus der Zäit virum Trakter. Bënzelt zielt zur Por Holler - dat eng Kierch aus dem 14. Jorhonnert huet an 82 Awunner - an et ass ganz al. De Staatsmusée versuergt Grafbäigaben aus der Réimerzeit - di 1972 hei mat aanre wäertvolle Stécker nieft engem Brand-Griewer-Feld entdeckt goufen. Dräi Duerfkapellen säimen hei de Wee vun de Mënschen, jiddereng huet hir historesch Hannergrënn.

D’Kierchegeschicht vu Bënzelt ernimmt am 15te Jorhonnert eng Kapell. Hir barock Altär si wi munnch aanrer aus dem Eifel-Ardenne-Raum vum Nicolaus von Neuerburg, engem vun dräi bekannten Neuerburger Bildhauer aus der fréierer Veianer Grofschaft. S’entstoungen tëscht 1739 an 1800 a stinn an der haiteger Kierch. Dës gouf 1888 am neogotesche Stil gebaut an huet d’Entréesdier am Tuerm. D’Bënzelter Schoulgebäi vun 1878 hat béid kannt, di al an di nei “Kirrich“.. Di lescht gouf sechs Joer nodeem se fäerdeg war der Helleger Dräifaltegkeet geweit; a well d‘Trinitéit am Mëttelponkt vum chrëschtleche Glawe steet sinn hir Skulpturen um Haaptaltor. Éischte Patréiner ass den hellgen Antonius, zweeten den hellgen Hubertus, si stinn op de Säitenaltär. ’t ass sou lues Zäit, d.h. “su laasem Zékt” fir eppes méi vum Haaptpatroun ze verroden: Den Antonius sollt 105 Joer al ginn – d’Schwäin als Attribut zu Féiss vum frommen Eremit begrënnt sengem Uerde seng Virléift fir dës Hausdéieren… di bei den Antoniter als ‘Geschöpf Gottes’ fräi erëmlaafe konnten! De Sproch "frech wi en Antoniusschwäin" soll dorop zréckgoen. D’Altär sinn haut polychroméiert a bei de Viraarbechten dozou hat d’ganzt Duerf gehollef.

D’Fënstere si vum Gust Zanter, engem 2001 gestuerwene Bënzelter, deen a sengem schöpferesche Wierk weiderlieft. Hir Motiver illustréiren Bibel-Geschichten, z.b. de verluerene Sohn oder d’Gläichnes wéi d’Jongfraen hir Bräitjemänner erwaarden. (Hien hat 1990 och d’abstrakt Fënsterkompositioune fir d’Kapell vu Breedelt-Holler entworf). D’Bënzelter Uergel ass d’fréiert “Walcker”-Instrument aus dem Klouschter Fünfbrunnen vun 1910. Se gouf hei installéiert a mat enger elektropneumatescher Traktur versinn - an 1981 feierlech ageweit. 1994 goufen de Klackenstull an d’al Klacke restauréiert a mat zwou neie komplétéiert. - D’Formatioun vum Duerf mam Postcode 9946 ass markéiert vun der Landschaft an deem wat Mënschen drop gebaut hunn. Bënzelt huet nach säin authentesche Cachet: säi Musée rural, aus dem Visiteure net ouni respektvoll Verneigung virun der Vergaangenheet erauskommen, an «d’Mauleslay», e Fiels mat Vue panoramique. Nach e puer Trouvaillen: Aus ‘Bënzelter‘ oder Wäisshölzchen (mat ufangs rouden, da schwaarze gëftegen Heckekiischten) goufe fréier alt emol Bieseme gemat.. Engem ale Brauch no hunn hei d’Meedercher de Jonge fréier ‘Allerhellge-Nëss’ geschéckt. A war een net frou mat engem… dann housch et „Ich wëllt du wiisch zu ‘Hammipri’ (Hamipré)

P.S. Nom Krich war der Antoniusstatu hiert Schwengche verschwonnen,.. 2013 krut de Beschützer vun den Hausdéieren e neit an och en neien T-fërmegen Hierdestaw, den Antoniterstaw. Duerno gouf ‘t eng Kennbakestee fir d’Attributer ze finanzéieren. - Mëtt Oktober 2012 huet d’Presse de ‘Wandpark Bënzelt‘ mat senge fennëf moderne Wandkraaftanlagen op der Héicht tëscht Bënzelt, Ëlwen a Fennëfburen als „Windkraft – ein Geschenk der Natur“ presentéiert. Dës ass bekanntlech vill manner deierer a méi efficace wéi Sonnenenergie - well net d’Wandrieder Wand produzéieren, mä de Loftzoch si bewegt.. Attraktiv sinn hei och di traditionell Gromperefester, mat z.B. der ‘Wiäl‘ vun enger Gromperekinnigin an dem Virféiere vu Gromperemaschinne vu fréier an hokt. Seet een “Hei gett alles Holler iwwer Bënzelt” mengt en: et leeft alles an der verkéierter Reiefolleg.. Vläicht trëfft ee Binsfeld als Familljenumm der Statistik no dofir och un der Musel.