Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Biekerech

 

Biekerech huet nieft dem archeologesche Site um Kuelebierg a remarkable Beem nach allerlee opweises. Dem Mineralwaasser mat Dësch- oder Heelwaasserqualitéit vum Mëlleschbur verdankt et eng Industrie an eng ecologesch wäertvoll Fauna a Flora. Ëm d'geschützte Fiichtzone an d'Lëschen vum "Moulin de Beckerich" läit eng natierlech Reserve- an Protectiounszone vun senge Mineralquellen. An sengem ale Steebroch fale roud a wäiss Schichten op, säi roude Sand war gutt fir Haiser ze verbotzen an de méi renge wäisse Streesand gouf an der Stad gebraucht fir Tënt ‘ze löschen’. Eng intressant Promenade féiert vum Kuelebierg laanscht d' Belsch Grenz bei d'"Leitnantskräiz" iwwer d'Héicht "Heischel” bis Huevel an de Veloswee zreck an d'Duerf. ‘t hunn 2006 do 638 Leit gewunnt, an 2.152 an der ganzer Gemeng, a bal 28 % haten en auslännesche Pass.

D'Biekerecher Duerfgeschicht léisst sech verfollege bis 1235, an d'Origine vu sengem Numm an d' 8. Jorhonnert op "Eglise de Betto". Seng éischt Kapell war aus där Epoche. Bis virun der franséischer Revolutioun stoung Biekerech ënner der Autoritéit vun de Clairefontainer Schwesteren. Laang Zäit huet et mat der Emgéigend ënner Épidémien, Hongersnéit a Kricher gelidden. Seng Awunner ware groussendeels Baueren, an awer hat et eng gewëssen Importenz. E Muséesstéck um Fëschmaart, eng Buffet-Vitrine aus dem Biekerecher Presbytère aus dem spéiden 18. Joerhonnert, huet Stil. Seng Millen huet en historesch-kulturelle Wäert, si an de Weier sinn op enger vun de Ferraris Kaarte vu Lëtzebuerg vun 1777 agedroen. Bieckerech gouf 1795 eng Gemeng mat de Localitéiten Näerden, Hitten, Schweech, Ielveng, Huewel, Uewerpallen a Liewel. Ëm 1861 war seng Populatioun am gréissten. Aarbechtsplazen hunn deemols e Steebroch, d'Bunn a Vannerien offréiert: Kuerfmécher kruten do de Spottnumm "Weidestrëpperten"! D'Resultat vun der Evolutioun am 20. Jorhonnert: 1996 krut Biekerech de Prix Européen du Développement Rural!

E Bléck op d'aktuell renovéiert Kierch verréit hir Kräizform mat Laang- a Quierschëff. De massive Klackentuerm ass vu 1750. D'eelert Laangschëff ass romanesch a vun 1711 - an d' Säiteschëff gotesch a vun 1850. De barocken Haaptaltor vum Martin Jacques vu Nobressart (vun ëm 1735) huet seng ‘polychromie d’origine’ erëm an als Zentralfigur eng jugendlech an engelhaft Madonna. Kierche-Patréiner si Péiter a Paul, Sekundarpatréiner Sebastian a Rochus. D' Renovatioun vun 2003 huet de Bau valoriséiert; den Duxall ass verschwonnen. Déi pneumatesch Uergel vun 1931 steet elo am Quierschëff, vun hirer Zort existéiren der nëmme méi dräi am Land. Vis-à-vis hängt d'Auer aus dem 17. Joerhonnert; dat Speziellt drun.. si huet weder Ziffren nach Zären an huet ëmmer just d'Zäit geschloen. Elo huet d'kleng Klack vum Kuelebierg dës Funktioun, mä s’ass net permanent a Betrib.

De Kuelebierg huet seng eege Geschicht. No de Kelten haten hei d'Réimer sech op der Streck Arel-Miersch niddergelooss. Reschter vu Villen si nach do, ob e Sanctuaire a Beem zreck op d'Epoch vum Willibrord ginn ass net sécher. D'Kapell gouf ugangs "Kräizkapell" genannt. Si staamt vun 1147 – aus der Zäit vun de Kräizzich an der Herrschaft Giisch. Enger Legend no verbënnt en ënnerierdesche Gank d'Kapell mam Schlass déisäit der Belscher Grenz. Vun der Biekerecher Kierch aus féiert een ëm 1600 datéierte Kräizwee mat 7 Statioune bei d'Kapell. (Esou Statioune ‘servaient de repère plastique pour honorer un élément fondateur du christianisme’ schreift d’Brochure ‘Patrimoine historique et culturel en forêts luxembourgeoises.’) Fir d' Pescht ofzewieren gouf heihin bei den hl. Job gepilgert. D'Kapell gouf him dediéiert an 1746 vergéissert. An hir iwwerraschen ëmmer nees d’Wandmolereien an d’excellent Akustik. D'assymetresch Lann dernieft mat hire gutt 150 cm Duerchmiesser gesäit resignéiert aus - grad wéi den Job - a wéi wann se Laaschten aus e puer honnert Joer droe géif…

P.S. Biekerech ass un d'Stroossenetz ugestréckt duerch d’N 24 déi vun Arel op Dikrech féiert a läit no un der belscher Grenz. Säit der Zäit vum Charlemagne sengen Enkelen, säit 870 huet en Traité duerch de Mëttelalter an duerno nach eis Géigend sproochlech als e ‚quartier wallon‘ an .. e ‚quartier germanique‘ betruecht, an d’Gesetzer gouf et ‘en version bilingue’. Dem Jean-Claude Muller no ass eis Sprooch d‘Resultat vun enger ‚Symbiose linguistique‘ tëscht Franken a Galloréimer. Biekerech huet herrlech al Hausnimm z B. A Brouder: en duebelt Haus dat zwéi Bridder gehéiert hat…dann A Bréckels oder A Luddes.. nieft Jékels an vis à vis vun der Kierch. Den Egide Thein, bekannt als Nuckessen Egide goung hei an d’Schoul a lieft haut a Florida. - Zu gudder lescht: Virun iwwer 100 Joer, den 23.12.1904, haten de Gemengerot an de Spuerkeesdirekter an engem Arrêté d’Statute vun enger lokaler ‘Caisse publique de Crédit agricol et professionnel’ approuvéiert.