Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Welschent

Bedéngt duerch vill Héichten an Däller leien d’Uertschaften aus der Gemeng Buurschent net no beieneen. Welschent ass mat Giewelsmillen a Mechela eent vun hiren dräi Dall-Dierfer a krut de Bäinumm ‘paradis des randonneurs’. Zu him zielen de Wand- an de Bamhaff. Seng al Mille war bis 1970 a Betrib. Pendant vum noe ronn 420m héije Biirderbierg ass den Huesebierg (431m), mä béid ginn iwwertraff vum Napoléonsknäppche bei Buurschent, deen dépasséiert 500m. D‘Duerf hat 1848 eng Awunnerzuel vun 255 an 2016 am Januar 191 Leit an 81 Menagen. Si hunn d’Méiglechkeet am Dëschtennisclub, am Gesank oder dem1948 vu 17 Engagéierten gegrënnte Pompjeesveräin aktiv ze sinn. D’Velospiste, de PC 16 «Mëttel-Sauer», verbënnt eis kleng Schwäiz mat den Ardennerkoppen iwwer Feelen op Kautebaach - via Welschent. Dëst hat den Auteur vun ausgewielte Wanderungen Evy Friedrich 1983 ‘malerischer Luftkurort mit renommierter Küche’ betitelt!

Den noe Kiemener Héichplateau sollten um Enn vum 3. Jh. réimesch Veterane vum Keeser Maximian urbar man. Bei Feldzich a Gallien gouf probéiert mam Grënne vun Uertschafte réimesch Liewensaart ze verbreeden. Zeile vum Jean Engling weisen drop hinn, dass och heirëmmer heefeg e Kiem op en eelere konsolidéierte Stroosseréseau koum. Dës Intro mat Réimerdate féiert bei d’Notiz, dass Geld hei begruewe gouf, wéi raiberesch Horden d’’Pax romana’ troubléiert an d’Géigend onsécher gemat hunn! ‘Des trésors monétaires furent enfouis à Bettendorf, Ettelbruck, Nagem, Reichlange, Schlindermanderscheid et Welscheid! (Ch. M. Ternes) Hei fonnte Schätz sinn deels am Musée. Um Réimerwee vu Waarken op de Bann Mechela a Lëpscht sinn Houfeise vun Maulieselen an klenge Päerd Témoin vu fréien Eruewerer. Eng Zäitchen drop haten d’Buurschter Hären hei d’Soen (an hei mat implizéiert waren d’Stolzembuerger, d’Branebuerger an de Godfried I. vun Esch/Sauer. Den Dénombrement vun 1501 erwähnt Veltscheyt mat 7 Menagen. - Den Zëmmesch Klaus vu Welschent hat sech ëm 1620 géint de Buurschter Här von Metternich gewiert. D'Leit sollten an dem schwieregen 30 jäerege Krich d’Schlass-Mauer an d'Rei setzen an Nuets do Wuecht halen. De Klaus hat gemengt di Welschter wären dem Buurschter Här näischt esou schëlleg. Nodeems schlussendlech Zëmmesch hir Heip mam klenge Gaart versteet war koum eraus, datt den Här Onrecht hat… (Dee Sujet gouf 2004 en Theaterstéck vum J. Schuster.)

Ob Päischtméindes Leit aus dem Waarkdall bei der Pressessioun vu Lëpscht op Iechternach derbäi waren ass net bekannt (Notizen no koum nom Peschtjoer 1636 hir Kuerzversioun vun Dikrech op Lëpscht.) D‘al Welschter Kierch gouf an den 1870ger ofgerappt; déi nei mecht vun hirem Fielsvirsprong erof eng gutt Impressioun. (Eng lokal Entreprise hat d‘Pläng vum Architekt Hartmann ausgeféiert.) Geweit gouf s‘1880 vum Bëschof Adames. Hir Renaissance-Beichtstill mam schéine Schnëtzwierk stamen aus der Kathedral. ‘t housch se hätte stilistesch net méi duer gepasst. (Aacht Beichtstill sollten op Iechternach kommen, mä zwee hat ënnerwee en “Imprévu“ vu Bech op Welschent deviéiert...) Nieft der Kierch steet zenter 1958 eng Lourdesgrott. (D‘‘Mosella sacra’, eent vun de Wuermeldénger Muselbéicher repetéiert den Abbé Hurt ‘‘t ass eegenaarteg wivill Kapellen un ale Réimerweeër dem Jacobus geweiht sinn.’ Dem Haus mam Birespaléier säin ale Kiselmosaik hat dem Carlo Hemmer säi besënnlech–kritescht Wanderbuch 1988 bewonnert. Dëse Mosaik hat sécherlech al Virbiller; e weist wat geschéckten Hänn an erfinderesch Käpp aus Flosskisel (vermuttlech aus der Waark) maache konnten!

Eng Tannerie vu Welschent ass 1841 ernimmt. Eeler Wanterowend-Verse luewen den typeschen éisleker Oweskascht. Den Doléiner Nic Guelf vu Méchela schreift ‘A Schlag ëm sechs ass d’Iese komm – e Plättel opgeheeft mat Grëmpercher, déi brong gefochst, a gutt mat Speck gegreeft!’- Welschent ass duerch seng Fëschereie bekannt, eng vun der Mënschheet hiren eelsten Aktivitéiten. Fréier goufen do op der Grenz tëscht Éislek a Guttland souguer Kriibse gefaangen, an e Kauzekapp housch do ‘Moukepiller’. D'Waark huet zwou Quellen am Ellegrëndchen ënnerun Gréiwels. Se fléisst vu ronn 450 Meter Héicht no 27,7km mat aacht Niewegewässer zu Ettelbréck an d'Uelzecht. Hiert Gefäll ass 258m! (Eng 2015 publizéiert europäesch Direktive verlaangt d‘fräi Wanderung vu Fësch a Baachen a Flëss an dofir sollt e Weer an der Waark zwësche Welschent a Waarken mat Staatshëllef ofgebaut ginn.) - Als Krichserënnerung déngt e lokalen Témoignage. ‘Wéi laang Reien Amerikaner an hiren Tarnkostümer vun der „Schirr“ erofkoume bloufe mir am Keller. Wéi opeemol am Hallefdonkel ee mat engem Gewier virun äis stoung huet meng Mamm reagéiert an Zivilist geruff.‘ D’halleft Duerf war futti, mä an Dernedens hirer Stuff stoung nach d’Standauer vun 1804. Een Zaldot ass op e Stull geklomm, huet s‘opgezunn, de Pendel ugestouss a se foung mat Ticken un ‘sou wéi wann näischt aus der Rei passéiert wier!’.

P.S. D‘idyllescht Duerf Welschent invitéiert d‘Landschaft op Spazéiergäng “mat de Schongsuelen z’erueweren!” (G. Duhamel.) De Professer Hess hat säi Portrait am Buch ‘Luxemburger Volksleben’ 1939 als Beispill vum typeschen Duerf gewisen. Seng schmuel Stroossen erliichteren gutt Kontakter ënner de Leit. Dramatesch war allerdéngs am Juli 1945 do e fënneffache Muerd, bei deem de Piechter vum noe Wandhaff (Mamm, Papp, Jong, Kniecht a Mod) vun engem Raubmäerder erschoss goufen (…deen emol Kniecht am Duerf war.) De Film ‘Eng nei Zäit’ gräift d‘Geschicht vum fënneffache Muerd op (an e Website brengt hir Analyse.) De Wandhaff ass haut friddlech. Gesäit een do elegant Päerd mat extravaganten Nimm wéi Sir Donnerhall, Fürst Heinrich oder "DaVinci" gehéiren déi zur Reitschoul a Päerdspensioun Wandhaff. - Allgemeng gesot besteet hei vill Wuesstumspotenzial, Fotografen a Moler fannen ë. a. schonn an der Bréck um Wee op Welschent e flotte Motiv vun engem vun den aprägsamsten Dierfer hanner der ‘porte des Ardennes’.