Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schuller

Zu Schuller ass d’Mess nach ganz jonk a mam Uelzechtdall als Iwwerschwemmungsgebitt en ideale Biotop fir Wisevigel. Hiren Dall ass schmuel a staark strukturéiert; béid kann een awer net vergläichen, well d’Mess grad wéi d’Péitrus just 11 km laang ass. Setzt e Kand zu Schuller e Schëffelchen op d’Mess, kann dëst theoretesch an d’Mier schwammen! De Glaawen gouf iwwregens emol verglach mat dem “Wëssen, daß et e Mier gi muß, wann een eng Baach gesäit.“ - Fir den Trajet vu 14 km vun hei an d’Stad, war d’Postkutsch am Januar 1901 zwou Stonnen ënnerwee, an a 15 Minutte war s‘op der Dippecher Gare. - Den 9. September 1944 konnten Amerikanesch Truppen Schuller a kuerzer Zäit liberéieren. (Zu Nidderkäerjeng gouf kuerz virdrun de Prënz Felix an enger englescher Generolsuniform erkannt. Hie krut en „Humpen“ mat 2,5 prozentegem Krichsbéier, ir d’Kolonn sech virun an Direktioun Stad bewegt huet.) En Extrazuch sollt allerdéngs dee Muergen däitsch Zivilpersoune vu Péiteng aus ‚heim ins Reich‘ brengen, ‘geriet aber in Schuweiler unter den Beschuss amerikanischer Tiefflieger‘ schreift den E.T. Melchers. Den Zuch krut da schlussendlech eng Ersatzlokomotiv.

En Dokument am Rapport mat der Strooss Péiteng-Lëtzebuerg laanscht d’Schutzengels-Kapell am ’Kreutzgründgen’ nennt Schouweiler 1749 ‘Chauvilliers-la-Porte’ - dëst verréit dem J.P. Koltz seng Baugeschicht vu Stadt a Festung. Am 13. Jh. sinn Dippech an d’mëttelalterlech Dierfer un der Mess, d.h. Betteng, Sprénkeng a Schuller, éischtmols schrëftlech ernimmt. Se hunn allerdéngs Bewäiser vu keltesch- a réimeschem Urspronk, Schuller huet z.B. Spure vun enger gallo-réimescher Villa. A beim Bau vu senger Gare goufe Fossilie fonnt vun Ichthyosauren, déi hei wahrscheinlech virun iwwer 100 Millioune Joer gelieft haten. Den tropesch-drechene Klima vum Äerdmëttelalter muss hinne bekomm sinn, well eng vun den zwou verstengerten Fëschechsen war 3,20 m grouss… ‘t vergoung dann eng onvirstellbar laang Zäit bis d’Fréihgeschicht Siedlungsspuren opweise konnt. A spéider dauchen dann eenzel Uertsnimm relaviv heefeg op. Den Numm Chauvilliers évoquéiert am Jura als Toponym e ‘pâturage de montagne‘ – (Chauvier e ‘sommet dénudé’ oder ‘lié à la culture du chanvre’). (Tselwecht housch och eng fréier Herrschaft am Bistum Basel (a vum franséischen Auteur Alain Chauvilliers koum 1909 de Rot "Sache mettre dans l'obéissance autant de dignité que dans le commandement.") Am Louthrénger-Platt waren de Schoulkanner hir Holzschong fréier «Schulere» - wat no engem Diminutiv kléngt.. Eng ‘Schullermass’ huet näischt mam Uert ze dinn, dëst ass en alen Ausdrock am Oste fir Schoulmass. (deels aus de "Kierchtuermscauserien")

Prophetesch Blécker aus dem 16. Jh konnte Changementer just ahnen. 1570 blouf Schuller net méi Filial vun Duelem (Dahlem) mä ‘t koum an d‘Kaplanei Sprénkeng. Eng éischt dem Simeon geweiten Duerfkapell gouf 1707 ersat. De Schuller Kierchtuerm war 1810 agefall, eng allgemeng Restauratioun gouf 1822 ernimmt. Iwwerëm Portal vun der Nofolgerin ass agrawéiert ‘gebaut 1883 bis ’85‘; hir Patréinesch gouf d’Immaculata. An déi Epoque geet den ‘transfert de la paroisse de Sprinkange à Schouweiler et de la chappellénie de Schouweiler à Sprinkange’ zréck; ’t gouf also 1884 definitif eng Por. Just 7 Joer al war dunn d’Déclaration d’Utilité Publique vun den zwee Dierfer hirem gemeinsamen neie Kierfech. - Am Grimm’sche Wuertschaz ass ‘schullern’ d’Verb fir schultern, op d’Schëller huelen. Net op ’liicht Schëllere’ geholl gouf d’intern Finitioun: d‘véierjocheg Schuller Sallkierch krut e Kräizrëppeverwëllef an e polygonale Chouer. Se huet e neoromanesch-byzantineschen Héichaltor mat enger hl. Luzia mat Kroun, an als Pendant eng Statu a Beschofsornat. (Dës staamt aus der Dippecher Sakristei - huet zäitweileg als Willibrordus gegollen, an ass engem Temoignage no och ugekuckt ginn als Leodegar, Beschof vun Autun. Nieft hinnen zéien d‘aaltestamentarescht Affer vum Isaak an de Moses mat der Schlaang d’Blécker un a waarde scheinbar op stëll Zwiegespréicher mat Betruechter. Hir schmuel-héich Stahlhuth-Haupt Uergel vu 1931 hat an der Escher Dekanatskirch gedéngt als Ersatzinstrument, wéi do d‘nei grouss Uergel opgebaut gouf. Dem Jean Zanter seng figurativ Fënstren am Chouer an di faarwefrou abstrakt am Schëff (vun 1985) hunn d‘Elementer inspiréiert, déi dem Schiller-Vers no alle Véier “innig gesellt, bilden das Leben, bauen die Welt.”

Réckbléckend bleift ze soen, dass Schuller ugangs vum 20. Jorhonnert eng Zillefabrik hat. (Den Zillebäcker Eugène a Bertrand Peltier hir Briqueterie op der Lonkecher Strooss war a Funktioun bis 1909.) ‘t bestoung deemols e grousse Besoin vun deem Material: fir de Stater Hôtel Brasseur goufen z.B. 300.000 Zillen vu Beetebuerg a Miersch verbaut. D’lokal Entreprise Nic Erpelding huet vir an nom Krich Trottoirsplaquen an Tuffzille produzéiert, (an am René Erpelding seng koum spéider de Gemengen-Entrepot.)

P.S. Zu Fort Wayne am amerikanesche Staat Indiana dréit e ganz spezielle Raum (‘best described as out of this world’) den Numm Schouweiler. Gemengt ass domat den ‘Edwin Clark Schouweiler Planetarium‘, deen no engem 1968 verstuerwenen ‘local educator’ benannt ass! (En huet d’Missioun ‘to provide astronomical and space sciences resources to the University of Saint Francis and the greater Fort Wayne community in a manner and style consistent with Franciscan values’.) En ass kapabel “the sky as it appears on any night of any year, anywhere on Earth” ze presentéieren - ë.a. natierlech d’Mëllechsstrooss, d’Sonn, de Mound an 2.100 Stären. Attraktiv ënner dem lokale Schuller Stärenhimmel sinn ë.a. charmant Restauranten, an deenen «terroir et traditions» grouss geschriwwe ginn, an deenen een ënner romantesche Kandelabren d’Zäit unhale kann oder einfach nëmmen e klenge kulinareschen Dépaysement fënnt!