Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Ollem

Ollem gëtt mol ‘tranquille bourgade’ bezeechent, mol Aéroport vun der Kielener Gemeng. Et läit 318 m iwwerëm Mieresspiggel, 14 km vun der Stad, 15.8 km vun Arel an 357 vu Paräis. Deen zweetgréissten Uert vun der Gemeng gouf et an den 1990er an zimmlech kuerzer Zäit duerch ronn 500 nei Eefamilljenhaiser! Seng residentiell Neibausiedlung “Huesekneppchen“ huet eng Partikularitéit: se hängt net mam Ollemer Duerfkär zesummen, (mä an hir logéiere ronn 80 % vu sengen haut 1395 Awunner.) Se grenzt un de Capellener Domaine Kurt aus den 1970ger an ‘80ger. (Dësen nennt sech och Cité Hiereboesch an zielt wéi d’Cap zur Gemeng Mamer.) Wat also wéi e Ganzt ausgesäit trennt eng onsiichtbar Gemengegrenz! D'5,2 km laang Olmerbaach kuckt net no Grenzen an huet hir Quell um Wandhaff um Flouer Sëlberknapp. Se leeft deels an ëstlecher Richtung ënnen u Kielen um Flouer Ielen an d'Kielbaach a mat där bei der Thillsmillen an d'Mamer.

Iwwer Olm ass relativ wéineg Geschichtleches bekannt. ‘t huet fréier zur verbreeter Andreas-Por Schéimerech (Schönberg-Kielen) gezielt, mat ë.a. Nouspelt, Dondel an der Kap. Um Kierfech vu Schéimerech halen nach muunch anonym al Kräizer (a.d. 16. a 17. Jh) vun Ollemer Familljen hir lescht Geheimnisser fir sech. 1528 mentionnéiert e relevé d’imposition d’Dierfchen éischtmols mat 6 Feierplazen. (Eng sougenannte "Feier-Besteierungseenheet“ hat zwëschen 3 und 5 Menagen.) Olm daucht 1646 a Bicher op wéi de Jacques Weckhert ‘officier d'Olm’ war fir de comte Jean-Charles de Schomburg, ‘et e .a. seigneur de Messancy, Malatour et de la moitié de la cour d'Olm. Hien an den Jean de Riaville, Här vun där anerer Duerf-Hallschent, goufen dunn d’Olmer «voueries Zimmer et Delmes» un d’conjoints Diederich Donlinger d'Olm à condition de les cultiver et d'y habiter (eng fir zweemol d’Joer 28 sols an eng fir 7 sols.) Am Oktober 1667 hat de prince de Chimay den Awunner vun Nospelt, Tintingen et Dondlingen ordonnéiert ‘de fournir promptement le troiziesme homme bien armé à la garde du chasteau d’Ansenbourgh.’ D’Ferrariskaart hällt an de 1770ger 11 deels kleng rout Diech plus d’Kierch zu Olm fest an ënnendrënner d‘ ‘Kaap‘ un der Strooss Namur a Capellen un engem Säitewee.

Am Joer vun der Opdeelung vu Gemengen a Kantonen, 1841, koum Ollem wéi gewosst zu Kielen an d‘1. Versioun vum ‘Hèmmelsmarsch‘ (vum F.J. Gangler) gouf verbreed. (Guy May) Aner Meilesteng am Kulturliewe war 1855 d’Uropféierung vun den zwou éischten Operette vum Dicks: „De Scholtschêin“, an d‘Mumm Se’s‘ (an deene Fraerolle vu Männer gespillt goufen!) Hir vollekstëmlech Lidder wéi ‘Mäi Freier ass kée groussen Här‘ an ‘De groussen Hexemeeschter‘ spiggelen d’deemolegt Zäitbild erëm. Well awer Hexemeeschterdreem liicht platzen, sollte fréier vill Leit hiert Gléck an Amerika versichen. Zeile vum Historiker Nicholas Gonner nennen z.B. 1846 ënner engem ‘group of immigrants from Luxembourg arriving safely in the Dubuque area‘ de jonkbestuete Peter Gehlen, d’Charles Hoffman Famill, Nic an John Streff, an John an Adam Tritz, all vum Olm and Kehlen area. Hire ‘catholic heritage’ war hinne wichteg an no e puer Joer gouf hir nei kleng Holzkierch mat Daachreider, eng log cabin church, dem hl. Donatus gewéit. (Fausto Gardini) Den dynameschen Éischtgenannte war do zäitweileg ‘farmer, miller, postmaster, saloonkeeper and sheriff’. (http://luxembourgensia.blogspot.com/2012/11/26-november-1817-peter-gehlen-from-olm.html)

Der lokaler ‘Feierwier hire Band „1903-2003“ hat de Paul Thimmesch animéiert iwwer seng Ancêtre vun Ollem ze recherchéieren. (D’Resultat: seit 1693 ware vill vun senge Famillje-Membre wéins Chomage ausgewandert... Schlussendlech kann den Hobbygenealog beweisen, dass jiddfer eenzelen“ Thimmesch“, ob aus Amerika, Frankreich oder Belgien, vun Ollem staamt! - Kielen gouf 1890 eng eege Por mat Ollem als Filial. Mä dëst krut 1852 ewell 200fr. Subsid fir Kierchemiwwel - grad souvill wéi d‘Stengeforter. D’lokal Nikloskapell steet am Uertskäer am Dräieck tëscht dem CR103 an dem CR 103A. Si ass wéi vill aner kleng Kierchen engersäits just e Bauwierk, an aanrersäits eng Plaz un der Grenz vun der materieller Welt zu der geeschteger Welt. Si huet virum alen Haaptaltor mam hl. Niklos een Niddregen, Bänken an der Mëtt a Säitepassagen, Fënstre mat Karoen an eng al Maternus Statu. Dëse war den éischte Beschof vu Köln (a vermuttlech virdru vun Tréier.) Bausse fällt e grousst iwwerdaachten Fassadekräiz op nieft der Ronnbouentrée - an de Klackentuerm um Daach schützt eng Verkleedung aus Schifer. Mass ass hei all éischte Freideg am Mount an op speziellen Deeg. Direkt nieft der Kapell steet eng al Schoul, d‘Kanner besichen allerdéngs déi Kielener.

P.S. Dass nëmmen eng Plaz op der Welt existéiert mam Numm Olm, dat stëmmt net ganz. ‘t besteet nämlech en Nieder- an en Ober-Olm a Rhäinhessen, südlech vu Mainz. D’Renaissancekapell Notre Dame de l’Olm zielt zum Patrimoine vu Salviac am Lot a läit um Pilgerwee op Compostella. An eisen Diktionnär setzt hanner Oll, (d’Hieffschossel), e Kräiz (+) an d’Remarque ‘Aul ass méi heefeg.’ Den Déierelexikon presentéiert en Olm, e blanne südeuropäesche Keller-Salamander a verréit, dass Ollemännchen zu Clierf Onk oder Mouk heescht. An Dollemännchen ass d’lokaalt Ollemer Wuert fir Waasserederes oder Eidechs. (An de Reebëscher liewen ëm 20cm grouss Flugdraachen aus der Echsefamill; si sinn weder mat de genannte klenge Véierbeener nach mat Modellfliegere vergläichbar; si segele just vun engem Bam op den aneren!) Wären theoretesch dëser Déiercher um Ollemer Flouer, géife si säit 1963 e grousse Bou ëm den als ‘Aéroport’ ëmschriwwenen Aéromodelisten-Terrrain man... A munnch Ufänger däerften do wéi de Ringelnatz denken, deen 'mol mat gemëschte Gefiller d'hei passend Zeil sot “… mein Herz schlägt lauter als der Propeller! Du, Flugzeug - flieg schneller”!