Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Näertrech

Näertrech läit op der Hekt tëscht Nidderwolz an Déierbech um 14,2 km laange CR 329. Et baséiert wéi d’Ëmgéigend op réimesch Wuerzelen. De Firmesëtz vun der 2003 enregistréierte Coopérative BLÉI VUM SÉI ass an senger Duerfstrooss implantéiert an Deel vum Naturpark Uewersauer. A véier lokal Bauerebetriber, déi d’Sprooch vun der Natur verstinn, observéiere wéi héichwäerteg artisanal Produkter op Planzebasis entstinn, (beispillsweis Buedueleg, Duschgel an traditionell Seef, inspiréiert vun där déi Kräizfuerer emol am Muergeland entdeckt haten.) Am allgemenge kann een do gutt d’Gedanken „schwäife“ loossen - wann net grad an der Saison kleng Sport-Fliegeren d’Opmierksamkeet u sech zéien! Di 347 Näertricher Awunner sinn ewell un hiren Ubléck gewinnt wann s‘op 465m Héicht ofhiewen! (D’Fléien ass erlaabt tëscht dem 1.4. an 30.9. drësseg Minutte viru Sonnenopgang bis drësseg no Sonnenënnergang - déi aner Zäit just bei Dagesliicht.)

D’Duerf hat laang zur Wolzer Seigneurie gehéiert, där hir Originen op d’mannst bis an 10 Jh zréckginn, ‘t war 1310 als Nortingen mentionnéiert, duerno als Nurteringen an Nortrenge. An däischtren Zäiten vu sengem passé lointain blouf do 1469 een Haus; ee Wolzer Relevé nennt 1473 an 18 Dierfer grad emol 204 Menagen, ë.a. zu Wydingen, Ruyldingen, Buderscheit, Wynseler, Eschwiller, Nocheren, Nothon an Entzenbourren (Insenborn.) D’Awunner-Chiffre sinn ëmmer mat Redevancen ernimmt. Am 15. Jh. hat d’prévôté de Bastogne d’Zoustännegkeet vu Gruemelscheid, Noertrange, Berlé an Ëmgéigend. Aus engem Grappvoll aler Notizen geet ervir, dass Näertrich 1501 ‘deux ménages libres’ opweises hat an ‘onze ménages astreints au servage’. 1525 haten véier vu senge Familljen zur mairie de Doncourt (Doncols) an aacht zur Herrschaft Wolz gezielt. Dës sollt no dräi Joer d’Nimm vu sechs Ofhängege vun Noertrange zitéieren: Heynen Thysz, Braissel, Paulus, Johan Mathys, Johan Kauch et Schutzen Endress an do eng Feierkatastroph erwähnen. Muunch Nimm haten 1598 a franséischen Texter e germanesche Klang, z.B. och ‘Theis Claus et consorts vendaient "die Wahl wiess" près de Winseler à Bermans Johan de Noertrange, au prix de 90 thaler’. Eise mëttelalterleche Wuertschatz sollt sech deels wéi d‘Mëtteldäitscht entweckelen an eng ausgesprachen ‘Grenzlandstellung‘ besetzen. (Wierderbuchkommissioun, Dez. 1949.)

Um Flouer "Kämmchen" (campus), oder "Birmes" (Pirminus) haten sech Wunnhaiser ëm d’ewell 1667 als Ruine beschriwwend ‘Piermansgutt‘ regrouppéiert. Dëst goung 1671 vun der demoiselle Marie Wiltzius mat hires Wolzer Besëtz fir 2000 Thaler un de Jean Henerici d'Everlange. (www.winseler.lu) Aner Detailler: fir der Kapell hiren Daach ze bezuelen kruten d’Näertriger Porleit 1675 vun der chapelle d'Erpeldange 16 Daler geléint. (An Zeile vu 1731 no koumen der Wolzer Kapell hir Buedem-Dallen aus Karrièren nieft Näertrech.) Den 42järegen Duerf-vicarius Claudius Schutz war 1772 Zeie bei enger enquête iwwer d’dîme novale vum site "Seiert". Um Massepad, zugläich dem Wee op d‘Griewer op Wolz, stoung emol no beim haitegen alen Näerter Kräiz eng „Nertriger Kapell“. 1808 gouf Näertech als Por vu Nidderwolz getrennt an eng eegen mat Grëmmelescht. (D’nächst Etappen houschen dann eegene Kierfech a gréissere Kiercheraum. D‘gutt Nooricht war 1860 bei de Vergréisserungsaarbechten ‘d’Erhale vun der Duerfkapell hirem ale Verwëllef’. Kuerz drop krut den Tuerm zwou nei Klacken ënnerem Här Schiltz. Hir Photoen, den Terrakotta Donatus iwwer der Entree, den Altorraum ëm 1900, d’aktuell 90 Sëtzplazen, an ënner aanrem ee remarkable Grafsteen veréiwegt den neien Depliant iwwer d‘Kierch (vum Georges Keipes.) An d’Viirkrichsbild vum Kierfech ëm d’Kierch, d’Krichszeen vum Aschoss am Daach an de restauréierten historeschen Altor impressionnéieren. Am Krichsbilan hate 25 Haiser vun 49 iwwer 50% Schued an 24 louchen ënner 50%.

Aktuell Zeile portraitéieren Näertrech als ‘charmante localité, dotée d'un aérodrome et d’un commerce de bois, de briques et de dalles produites sur place.’ 1957, ee Joer no senger offizieller Aweiung sinn do 81 Fligere geland, 1958 waren et der 422 an e Joer drop 526. Säin Terrain gëtt ënner Opsiicht vun der Gemeng Wanseler exploitéiert. D'op 670 Meter laang verlängert Pist ass 40 Meter breet, net macadamiséiert a kann just vu maximal 2.000 Kilo schwéiere Fligere benotzt ginn. (Seng Ufäng: de Keeler Aéro-Club hat 1937 op "Näerter Kräiz" Segelfligere virgefouert, an Éisleker Frënn inspiréiert den "Aéro-Club des Ardennes Wiltz" ze grënnen. D‘amerikanesch Arméi hat dann am Krich op der "Lou" e provisoresche Militairterrain installéiert. (E. Friedrich) Am Joer 2015 hat de Cercle Parachutiste säi 50. Anniversaire. Eng apaart Alternative zum Fléien koum e mol aus der Fieder vum Nic Weber ‘ich mag meinen hellen Ardennerhimmel und leuchtenden Ginster... doch ich fahre gerne auf dem Mondsichelschiff nach Süden.’

P.S. En Dokument hat 1652 ëm d’Vente gedréit vun zwee Kapaunen, déi de Jean Brass a seng épouse Elsa de Noertrange kaaft hate vun der Bungerefer Damm de Breiderbach, (D‘Kapaune stoungen där Damm allerdéngs aus dem «Wilhelmshauss» zou…) Kleng Detailler ouni historesche Wäert beliichten den Alldag. Sou och d’Info, dass ufangs vum 20 Jh. Näertrech zwee Schouster, zwee Wiirt, eng Mercerie an e Woner hat (an 209 Awunner.) Een zoufälleg fonnte gudde Rot gouf secherlech do ganz eescht geholl, ‘Dès la tombée de la nuit, il valait mieux éviter les alentours de la potence érigée entre Noertrange et Wiltz, car la légende disait qu'on risquait d'y rencontrer des fantômes’. Keng Fabelwiesen, mä d‘landschaftlech Densitéit spigelen d’Biller vum hei gebuernen Théophile Steffen erëm. Säi Pënsel hat ëmmer eng Viirléift fir Sauer-Landschaften an d’Éislek.