Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Méischtref

Méischtref läit un der südlecher Grenz vum Éislek an am Nordoste vum Guttland gläich nieft Bettendrëf. Seng an honnert Joer verduebelt Awunnerzuel stoung kierzlech bei 453. Seng Stroosse verdeele sech haaptsächlech um rietsen Uwänner vun der Sauer. Wéi dem Lentz säi Feierwon grad 13 Joer hat koum och do vun 1872 un den Zuch iwwer eng Strooss vun Eisen. En huet (bis 1964) Dikrech mat Iechternach verbonnen a krut relativ séier eng Verlängerung bis op Wasserbëlleg. Haut rullt den Nordstadbus a 44 Minutte vun Ettelbréck laut Fahrplan via ‘Moestroff-Bréck’ an d’Abteistad. Seng nei 71m laang Sauer-Bréck gouf iwwregens 2012 ageweit, déi vireg hat vun 1873 datéiert. Den Duerfnumm ass wéi Gilsdref ee vun de rare mat Lautëmstellung an der zweeter Silb; am Laf vun der Sproochentwecklung koum den r virun den e, domat differenzéiert den Numm sech vun ähnlech benannte Lokalitéiten. (A fänken Uertsnimm beispillsweis mat Meus (oder Méis) un soll dëst d’Kuerzform vu Barthelméis sinn.)

Der Ermesinde hire Fräibréif fir Iechternach ernimmt 1236 e Johannes de Morestorf an eng Dose Joer drop gouf do d’Waasserbuerg dokumentéiert. Si sollt d’al Strooss Dikrech-Iechternach, en noe Bréckeniwwergang an den Ënnersauerdall iwwerwaachen. D‘Symboler vum Gemengewopen si fir Bettendrëf d‘schwaarzt Ankerkräiz, fir Gilsdref dräi vun de Folkendenger Häre geléinte Lilien an fir Méischtref d‘gezackte rout Trennungslinn aus dem Wope vum Theodor de Kerpen (dem lokale Grondhär am 14. Jh. a Mann vun der Margareth de Moestroff.) 1347 war notéiert, dass «Moërstorff, au-dessous de Dickrich sur la Sure, avoit les mêmes armes que la Maison de Houffalize.» (Dës ass geschwënn drop mat de Kerpener ernimmt.) En neie Schlassbau koum dem Abbé Schaack no 1433 ënnerem Gérard de Houffalize nieft d‘verfale Buerg. 1477 sollt d’Duerf da mat Maueren a Grief befestegt ginn. D‘Basis vum haitege Wunntrakt aus dem 16. Jh. krut nom Bernhard von der Feltz divers Besëtzer, an 1753 mam Ignaz von der Feltz den haitege Sauer-Fliggel. En Zäitspronk féiert bei den zäitweilege Schlasshär a franséische Generol Jacques Léon Clément-Thomas (deen 1870 zu Paräis bei den Evenementer vun der Commune erschoss gouf.) Historeschen Zeilen no houschen d’Schlassbesetzer duerno ë. a. 1920 Gustaf von Puttkamer (vu Bettendrëf), spéider J.J. Zettinger an L. Petersen. D'Schlass vu Méischtref gouf mam Park am Oktober 2007 grad wéi d’Bettendrëfer als Nationalmonument klasséiert. Béid sinn a Privatbesëtz an Zäitzeie vun der kultureller Densitéit vun eisem Land.

Am Spéit-Mëttelalter haten d‘Méischtrefer den ierfleche ‘Bannerträger’ vum Herzogtum Lëtzebuerg gestallt.(R. Bour) Al Biller oder Zënnfigure weisen dëser ‘opwänneg gekleede Reider op Päerd mat räichen Decken, mat Rüstungen a groussem Fändel. Dem onverkennbare Kierchtuerm seng Hauf dominéiert d’Strooss wuel net, mecht sech awer och net kleng a kuckt iwwer d’Schlass eraus. Kierche-Patréiner sinn de Kleesjen an d’helleg Lussi. D’Fënschtre vum Zanter mat rare bibleschen Zeene si vun 1951. De gerënnte Chouer presentéiert kontrasträich Wandmolereien mat Symboler vum Kräizwee). D’Säitenaltär stinn diskret laanscht d’Längswänn. De remarkabel renovéierten Interieur hannerléisst eng gutt Impressioun, a ‘kënnt een duerch hir Dir eraus, ass en normalerweis gutt gelaunt.’ (Mëndlechen Temoignage). De lokale Gesangverein organiséiert d’Buergbrennen an de CAPE geleegentlech kierchlech Concerten. D’Kierch an hire frëndlechen Entourage hunn och batter Deeg erlieft. Den 10. Mee 1940, fennëf Minutte virun der offizieller Okkupatioun, hat Méischtrëf d‘éischt Krichs-Affer, wéi e Sonderkommando de Jean John vu Bettendrëf do erschoss huet. Do hat deen Dag eng däitsch Flak e Royal Air Force-Avion, (deen ë. a. d‘Wuelenduerfer Grenz- a Sauerbréck bombardéiere sollt) ofgeschoss. D’blesséiert Besatzung konnt nach noutlanden an Dokumenter verbrennen, gouf verhaft an d‘Klinik bruet, mä de Pilot huet net iwwerlieft.

Den Titel vun der Gemengenzeidung ‘DE SCHLOPER’ war beim Numm–Concours anonym agereecht ginn. En ass ë. a. symbolesch fir hiren dräi Uertschaften hir d‘Gips-Kaulen, déi Deel si vum Patrimoine. Ze verloune waren de 16.12.1854 am ‘Wächter an der Sauer’ 9 Muergen Gipsbierg an 18 Muerge Lännereien a Wisen zu Moestroff an der Sauer an eng fräi ‘waasserreiche Mahl-Mühle mit 4 Gängen für Frucht und einem Gang für Gips, alles in Guß’. D’Duerf krut 1914 eng Molkerei, déi bis 1957 secherlech excellente Botter a Kéis hirgestallt hat. Ganz wichteg ass do eng zwëschen 1910 an 1920 fonnten ca. 4500 Meter laang Hiel! Den Entdecker vun eisem ‘landeswäit gréissten Hielelabyrinth sollt keen ‘de Botter vun der Schmier vun hirer Erënnerung’ huelen (F. Hoppe.) Grousse wëssenschaftlechen Aarbechten no entstoung dëse virun iwwer 300.000 Joer an ass eis eenzeg, déi aus Muschelkallek ausgewäsch gouf. Hir Entrée ass geschützt; d’Buch ‘Höhlen - Luxemburgs geheimnisvolle Unterwelt’ bréngt de Leit se heem.

P.S. D’ewell ernimmte Méischtrefer Millen beschreift e Buch vum G. Reuland vun 1992. Si ass laang mam Numm Zettinger verbonnen. D’éischt Emissioun vun der privater regionaler Kabel- a Satellite-Fernsehstatioun goung den 23. Abrëll 1997 iwwert d'Antenn. De lëtzebuergeschen Nordliicht TV-Programm mat Sëtz zu Moestroff dréit eemol d’Woch ëm speziell Aktivitéiten an Evenementer aus dem Éislek. Hir Regie huet den Zitat vum Alain ëmgesat ‘Penser, c'est vouloir’ (oder ‘le bonheur se veut, alors, il peut se faire.’) Hir Pionéieraarbecht huet réusséiert, d’Medieprésence vum Norden ‘réckelt seng Mënschen a regional Bräich an de Mëttelpunkt!’ D’lokal Reportagen hu ‘geméizt’ d. h. no méi verlaangt an hir Video Produktiounen iwwer ë. a. d’Aarbechte ronderëm d’Louheck oder ‘Veiner Traditiunnen’ bidde mol Informatives mol Amusantes.