Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Méideng

Méideng a Mutfert formen eng Sektioun vun der Gemeng Conter. No hinnen ass den 1937 gegrënnten "FC US Moutfort-Medingen" benannt, dee beim éischte Championnat 1938-39 ëmmerhinn a 15 Matcher 9 Victoiren notéire konnt. Dëse Club hat allerdéngs e Virgänger, dee sech 1917 ënner dem Numm “Jeunesse de Médange” dem Photograph gestallt hat. D’Duerf kënnt am Summer 2016 op 124 Leit, an ‘t ass dat klengst vun der Gemeng. Dat war 1848 allerdéngs anescht, dunn louch Méideng mat 269 Leit virun Éiter. Von Meding heescht en aalt lüneburgescht Adelsgeschlechts. Hei a ronderëm sti keng Schlässer, mä ‘t gëtt eng schéi Landschaft an de Concours ‘villages fleuri’. D‘Hummele krute fréier lokal den Numm Räibäiter’. Ëm d'no Marxeknupp gëtt gelegentlech fachgerechten Uebstbamschnëtt demonstréiert - a ginn d‘Beem gutt versuergt, ass d’Natur (fräi zitéiert nom Baudelaire) en Tempel, mat “piliers vivants, parfums frais et prairies qui chantent”.

Um Wee fir Neiland z’erueweren hunn d’Réimer 53 v. Chr. den d’Trevirer-Chef Indutiomar an enger Fuert vun der Uelzecht ëmbruet – d.h. an der Loftligne net wäit vun Méideng. Am historeschen Ëmzug ‘100 Joer Onofhängegkeet’ war hien 1939 als noble Reider mat senger Suite d’Haaptfigur am éischte Bild vum Cortège. (L. Rousselot, Programmheft.) Um Bord vun der Strooss Duelem-Méideng, dem Tracé vum ale Réimerwee Metz-Tréier, steet d‘Copie vun eng réimescher ‘borne militaire’ an e puer honnert Meter méi wäit e klenge galloréimesche Sanctuaire. Kee Wonner, d‘Réimervilla vu Konter war net wäit. A grad wéi do gouf och zur Méideng ‘am Weisselt‘ 1845 e Flaachrelief vun der Göttin Epona, (haut am Musée,) fonnt. Déi Göttin hunn d’Treverer veréiert! (Gemengebuet 2015) D’Leit vun Méideng a ronderëm hat de ‘Vicus’ Duelem deemols secherlech ugezunn mat sengem Handel an sengem Theater. - De Marcel Heuertz beschreift 1962 de weibleche ‘squelette ancien de Medingen’ parallel mat der Trouvaille vum Loschbour (a Publikatioune vum Institut Grand Ducal.) En Zäitspronk bréngt eis duerch d’Erklärung vum Gemengewopen bei manner al Detailler. Dat mëttelst vu senge Motiver representéiert nämlech d’Famille de Grandpré, d‘éischt Seigneure vu Roussy, zu deene Mutfert, Méideng a Pläitreng gehéiert haten.

Méideng zielt als Filial zur Por Mutfert. Et feiert traditionell ënner der Regie vum Cercle amical d‘‘Donati Kiischtekiermes’. (Den Donatus fënnt een dacks an Dierfer déi e bëssen héich leien.) Nieft dem Trëntergerdall ware Konter a Méideng déi Dierfer mat de meeschte Kiischtebeem. Bei der Uebstliës war et fréier op ville Plazen Usus jiddfer Bam e puer Friichten ze loossen als Merci fir d‘gutt Recolte. Den helle Méidenger Kiercheraum ass, wéi d‘Rue de la Chapelle et undeit, eng gréisser Kapell. Se huet d‘Entrée am zimmlech mächtegen Tuerm, Ronnbou-Fënstre vun ëm 1950 mat Rautenmuster a Symboler wéi d‘Lamm mam Fändel. E stilvolle Lüster belieft den diskreten Interieur; aus dem Chouer kucken zwou Statuen an e grousst Kräiz op d’Still erof. De Repertoire vu sämtleche Greef-Wierker weist do keng Skulptur vun der Altwiser Bildhauerfamill, a gesäit am 17. Jh keng ‘Parenté’ tëscht hir an dem Méidenger Gaspard Kreff. E Porregester vun Altwis erwähnt awer 1772 (‘a Schlessesch’) en Nofolger vun dësem bei der Daf vum Baptistae Gref sengem Filius. De Familljennumm Medinger fënnt een am Département Moselle an zu Lëtzebuerg bei Leit déi vu Méideng ofstamen. (D‘Familljennimm baséieren ë.a. op Haus- Uerts- a Flouernimm, op Berufer an Eegenschaften.)

Vum 1757 gedeelten noe Bësch Buchholtz goungen 108 ‘arpens’ un d’Abtei St. Maximäin an 552 un de Curé vun Dalheim an d’Communautéit vu laboureurs, demi laboureurs a manoeuvres vun Duelem a Fëlschdrëf’ ‘pour droit de chauffage et d’agriculture’. Hir 23 Trennungs-Maarken aus Haasteen kruten d’Initialen S an M zur Maximäiner-Säit; hanner der leschter Maark ware Gemengebëscher vu Mutfert a Méideng. (J. Helbach) – Ugangs vum 20. Jh. goufen d’Statute vun der Assurance géingt d’mortalité du bétail Mutfert-Méideng-Éiter publizéiert, déi de Verloscht vu Kéi, Ranner, Ochsen an Stéiere verséchert huet. Dass d’Landliewen hongerech meecht verréit d’sécher net eleng zu Konter bekannten Engelmann Zeil ‘Baartelméis frëscht d'Zéngauerkuuscht an den Nomëtteskéis...’ Op der erneierter Piste équestre tëscht Duelem, Heedscheier, Méideng a Siren sollten ab 2004 stolz Päerd Blécker op sech zéien. Eng vu lokale Promenade fir Zweebeener féiert nom Depart vu Konter op d‘347 m héich Marxeknupp, duerch Méideng bei d‘1689 erwähnte Brichermillen an zréck zum Ausgangspunkt. De Géologie-Frënn bidd ë. a. de ‘Verbrannte Boesch’ um Kailbierg südëstlech vu Méideng e Beispill vun engem ‘plateau gréseux incliné’. (J. Molitor)

P.S. Enger mysteriéiser Soo no géif ‘t am Buchholtz, nach e Keller vun engem wëlle Ritter senger Buerg. D’Legendesammlung vum Gredt ernimmt do de „Schappmännchen“ oder e ‘rollendes Faß‘ dat beim ‘Kementer Kräiz’ verschwanne sollt. D‘Sammlung vum Dicks beschreift d‘Éiter Hexenhäische mat Wänn aus Pankech. (Wéi d’Elteren do agespaarte Kanner siche koumen, hat d’Hex sech an eng Margréitchen, e Rousestack an zulescht an e Fësch verwandelt... an entkoum an enger Quell…) Kuriéis ass am ale Méidenger Schoulhaff d’Schëld "Place de la République". Et geet zréck op e Sketch aus enger Kapesëtzungen, déi d’Duerf an den 1980ger zu enger Republik erkläre sollt... fir d'Lokalpolitik op d'Schëpp ze huelen. Sketche brauche bekanntlech Pointen... an Ironie kann mol “Schwäert mol Schëld sinn.” (Jacques Wirion)