Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Hemstel

Bewunnt war Hemstel ewell an der gallo-réimescher Period, mä fréier Detailler an den Uerts-Numm ëmginn Lacunen. Muunch Nimm entstoungen iwwer Joerhonnerten. D’Plaz laanscht d’Laangbaach gouf zur Zäit vun der Hunnewanderung am 4. a 5. Jh. zerstéiert a blouf laang onbewunnt. D’Silb Heim oder wéi hei ‘Hem‘ datéiert heefeg aus dem 6. a 7. Jh. Sujet vun enger Charte vun 894/’95 war d’Schenkung vun engem Häerenhaff vun Hemmeingestal. Sproochleg Influencen hunn deen Numm iwwer Generatiounen ëmmer nees verännert.1393 fanne mer déi definitiv Bezeechnung Hemstal. D’Duerf mat den 108 Awunner ass am Evoluéieren. Et krut am Hierscht 2014 op seng nei creéiert Duerfplaz zur Rippeger Säit hinn eng metalle Skulptur a Form vun engem Lëtscheblat. D’Aarbecht vum Becher Rol Backendorf stellt dëst anescht duer wéi gewinnt, vum Wand verdréit erënnert et un d’Silhouette vun engem Vugel. Domat sinn d’Planzen– an Déierewelt vun den noe Biotopen symbolesch vereent!

An dem grad ernimmten Dokument krut d‘Abtei Iechternach den Häerenhaff vun der Berctrudis am Opdrag vun engem gewësse Reginbold a senger Fra Uda. Deen Don war verbonne mam Wonsch vum liewenslänglechen ‘usufruit‘. 953 daucht den Numm "Vallis Hemmingi" op, wat vu Sippe des Hemming an Vallis, (Dall) kënnt. Dass deen Haff deemols un d‘Fraeklouschter Oeren bei Tréier koum (bis zum Enn vum 18. Jh.) hat de Kinneck Otto I. vum Ostfrankeräich confirméiert. 1210 gouf nieft der Kierch vun Hemstel ee vun der Abtei ugestallte Vikar erwähnt, deem d'kierchlech Recetten zoustoungen. Ëm 1330, an der Zäit vum Erzbeschof Balduin vun Tréier koum d’Por an den Dekanat Miersch, deem deemols 70 Paren ënnerstoungen. D’Zäit vergoung,’t geschouch méi a manner Guddes, wéi de F. Schiller 1796 an e puer Zeile sot… ‘Breiter wird die Welt, die Geschichte länger und kürzer das Brot!‘ Zu Hemstel gouf 1570 d‘néideg Reparatur um Kierchebau ernimmt an säi Patréiner den hl. Bréx (Brice). (Dëse Protégé a Successeur vum hl. Martin vun Tours steet den 13.11. am Kalenner; an ’t heescht dann "Tel jour Saint Brice, tel jour Noël, tel premier janvier"! No knapps 100 Joer entstoungen der Rei no en neie Chouer, e Kiercheschëff an drei Altär goufen ‘1679 geweit.

D‘Epoch vu Wuelstand hannerléisst ënner der Maria Theresia keng eidel Säiten. Dem neie Kadaster no goufen d’Steierlaaschten op all Schichte vun der Populatioun gerecht verdeelt:1766 hunn d’Proprietairen all eenzele Grondbesëtz an hir Revenue missen deklaréieren (beispillsweis e verlounte Gaard fir jäerlech 2 Schilling.) Op der Ferraris-Kaart steet ‘Hemstall’ an den 1770ger als klengen Uert mat 10 rouden Diech, Kierch a Kierfech. Gutt 50 Joer duerno ass eng Rëtsch Haiser an a ronderëm d’Hemsteler Duerfstrooss bäikomm. Senger Kierch hir Filiale waren duerno laang Heeschbrech, Aaltréier, Rippeg, Zittech mat der Millen a 15 Leit am Marscherwald - elauter kleng Punkten op der Landkaart!

D’chronologesch Suite weist 1855 e neie Kierchebau. Dora sinn allerdéngs en ale Schlusssteen am Tuerm mat Datum 1668 aus der Virgängerin an e Wope vun der Äbtissin Irmina vu 1679. Hir elegant gotesch Fënschtren sinn en Ensembel aus dräi Etappen; di eelst si vun 1900, di duerno vun 1940, an di abstrakt stamen aus der Nokrichszäit. Mat hirem klasseschen Haaptaltor, de Statuen, an Holztäfelung kontrastéiert en intressante Massaltor aus engem Marmorblock mat Relief vun engem "brennenden Dornbusch"! Tselwecht Zäit, (d.h. 1975) krut den 'Hemstler Kierchtuerm eng nei Auer an d'Klackegelauts eng elektresch Steierung. (Deels aus de ‘Kierchtuermscauserien‘.)

D’Uertschaften aus der Gemeng Bech sinn duerch flott Promenade verbonnen. Plazeweis gëtt drun erënnert, dass do emol den “Charely“ passéiert ass an, dass Bussen den Zuch 1954 ersat hunn! Eng Photo vum Café de la Gare vun Hemstel vu virum Krich hat (1987) d‘Brochure ‘75 Jahre Freiwillige Feuerwehr Hemstal/Zittig’ beräichert. ‘t bestinn hei nach aner Veräiner; fir hiren traditionelle Kannerfuesbal sinn d’Fraën a Mammen Bech/Hemstel um Quiwiff an ënnerstëtze wéi ëmmer um Schluss e gutt Wierk. De Spuerveräin ass net onwichteg, well domat (trotz niddregen Zënsen) gesellegt Zesummesinn verbonne gëtt. An d’Chorale Bech-Biwer-Hemstel, déi hat Ugangs Mäerz 2015 mat zwielef aneren am Cercle um Concert “Letzebuerg am Lidd” participéiert! (Gemengebuet.) D’lokal Flouernimm Schankefelder, Domp, Laangbaach, Uesselt an Hunnegsbierg sinn zimmlech apaart a kéinte kreativ Leit inspiréieren. Zu de Lë(t)schen fënnt sech eng passend Wiederregel. “Wéi Zerläichendag d'Lëschen dréchenen, sou dréchent d'Hä.” Di Planz, déi am Waasser als natierlech Kläranlag gëllt, ass de Sujet vum neien Duerfmonument.

P.S. Trëfft een zoufälleg op d’Silb ‘hem‘ am Wiktionary – do gëtt se mat hesitéieren oder zweiwelen interpretéiert. An net nëmmen an England ass ‘hem’ oder hemming…“sometimes used to call attention,” oder eng “intermission of speech.” London huet iwwregens eng Hemstal Road! Zum Familjennumm ‘Hemingway’ mengt de Professer J. Tosti e géif een désignéieren ‘qui est originaire d'une localité anglaise ainsi appelée.’ Méiglecherweis huet bei “Via Hemmingi”  grad wéi bei “Vallis Hemmingi” eng Persoun den Uertsnumm inspiréiert. – Zur Ofwieslung een anere Beräich: Am Joer 2002 housch den éischte lëtzebuerger Porverband um Netz Bech–Konsdrëf–Hemstel. Haut zielen zu dësem och Befort a Bäerdref. En hat ë.a. ufangs nieft flotte Photoreportagen an Informatioune bei "Gemëschtes" e mysteriéist Rezept fir e "BIBEL-KUCH" gespäichert… mat ënner aanrem 1 1/2 Tasen Jesaja 7,22a - 6 Stéck Jeremia 17,11 - 2 Tasen Samuel 30,12a – eng Prise Levitikus 2,13 – an natierlech 5 1/5 Tasen 1. Buch der Könige 5,2 ( d.h. Miel) asw.