Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Drénkelt

Drénkelt reimt mat fénkelt a verwénkelt. ‘t läit op 497m an d’grouss Strooss op 503 op enger Zort Biergkamm, oder engem „Biergzug“, wat am kelteschen 'Osninga' Ösling bedeit. Seng Awunnerzuel déi schwankt vun z.B. 58 am Joer 1848 op 115 (2003) oder kierzlech op 157. An déi Differenze sollten deels e Rapport mat der Eisebunn hunn, duerch déi Ëlwen a Beeslek fréier eng gewëssen Importenz kruten. Haut zéien industriell Zonen Leit an d’Géigend. E Busfahrplang aus der Summersaison 1914 verwonnert eis, well di grouss Vehikelen deemols beispillsweis vum Depart ”Wäiswampech-Post“ op d’Statioun Drénkelt-Café Besch eng knapp hallef Stonn ënnerwee ware plus 10 Minutte bis bei d’Ëlwener Post!

Drénkelt, Drinklange, erschéngt e puer honnert Joer méi spéit an Dokumenter wéi Wëlwerdang. ‘t war 1469 ernimmt als Drucklenge a 1531 als Drockelter. Als ‘Drinkeler’ gouf et ëm 1681 veréiwegt, zur Zäit wou ënner dem Louis XIV a Frankräich d’sozial Schicht vun den "Nouveau riches" entstoung an zu Lëtzebuerg ewell Schmelze fonktionnéiert hunn (an wou deen am August geadelten Thomas Marchant, Schmelzhär a ‘seigneur haut-justicier d'Ansembourg, Septfontaine et Kaller“ Enn Oktober gestuerwe war.) Mä zréck zu Drénkelt. Do hate laang d’Häre vu Clierf hir ‘droits fonciers et justiciers’ exercéiert an d’Leit hu sech wahrscheinlech debrouilléiert, hiren Alldag nom Prinzip ze meeschteren "weist e Genius de Wee, ass Talent gefuerdert." (M. Ebner-Eschenbach.) Drénkelt war bis 1804 an der Por Kiirchen an duerno gouf muunches onkloer. ‘t gouf laut J. Goedert 1840 mat senge 66 Leit Annexe vun der Ëlwener Por ('mais sans être desservi'!) D‘onzefridde Leit hunn dann 1886 dem Beschof matgedeelt se kéime gär bei Wëlwerdang! Dat louch méi no, hat awer eng zimmlech kleng Kierch. (D‘Distanz dohin war tëscht 300 a 1500m, den Trajet op Ëlwen 2300 m. D’international Grenzstrooss, “reliant trois pays et fréquentée par des vagabonds“, war geféierlech well ënnerwee just een Haus stoung.) No villen Diskussioune sollt Drénkelt awëllegen d’Onkäschte fir d’Wëlwerdanger Kierche-Vergréisserung matzedroen an un der „Steinfuhr“ participéieren. Schlussendlech gouf et ëm d’Joerhonnertwenn wéi gewënscht an d’Nopeschpor incorporéiert.

D' 'verwénkelt' Duerf présentéiert sech haut an zwee ënnerschiddlechen Deeler. Den alen Duerfkär mat der Kapell läit bei der Lukeschbaaj, ofgeleeë vun der Haaptstrooss, an duckelt sech un d’Südsäit vun engem Hiwwel. Um Tracé vun där grousser Strooss tëscht Ëlwen an Wemperhaardt huet sech no 1850 eng Rei vu méi klenge Wunnhäiser an Direktioun Wëlwerdang opgestallt. An eng spéider Extensioun gouf der klenger Uertschaft en aneren Aspekt. Soe mer nach, dass ‘t 1838 mat de klengen Nopeschdierfer als Dependence vu ‘Bellain’ ernimmt war an 1841 an Gemeng Basbellain koum. Der Statistik vum Dictionnaire géographique du Luxembourg vun 1838 no waren do iwwregens am ganzen 70 Päerd, 30 Fillen, 625 ‘bêtes à cornes’ a 440 Schwäin agedroen an d‘Remarque ‘On y récolte du seigle, de l’avoine et un peu de froment.’ Vum am leschte Krich bal total zerstéierten an nees opgebauten Drénkelt entstoung 1958 eng intressant vue aérienne. An déi huet no 55 Joer eng Internet-Auktioun fir 25€ ugebueden. (Dat gutt un esou Biller... 'och wann se vläicht am konventionelle Sënn technesch feelerhaft sinn, kënne se gefillsméisseg méi uspriechen wéi technesch fehlerfräi Opnahmen!' (Andreas Feininger)

Der Kapell mam Daachreider hire Patréiner ass den hl. Sebastien. Hire Bléckfang ass e Fliggelaltor mat jugendlech pathetescher polychroméierter Pietà als Zentralfigur (80 cm héich,70 breet an 27 déif.) Seng zwee Säite-Fliggelen hu kee Relief mä Tableaue mat "Déposition et Ascension". De Joseph Hirsch bemierkt zur Pietà ‘de relativ klenge Christus ouni Kroun géif bal vum Mammeschouss falen‘. An e beschreift der Mamm hir Haltung als 'attitude des antiques Orantes', (d.h. frühchristliche Gestalt einer Betenden mit in Schulterhöhe ausgebreiteten Armen.) Si acceptéiert an offréiert dem Père de Sacrifice vum Fils. (Vum Altor wär wéineg gewosst, wann net d’Zäitschrëft ‘Hémecht’ (Nr. 2-3, Joer 1968) hie mat villen Detailler presentéiere géif. E soll aus der virechter Kapell stamen an nieft him sinn d’Ronnboufënstren vun ëm 1950 zimmlech jonk.

P.S. Drénkelt läit 79 km vun der Stad a fénkelt hei de Stärenhimmel gëtt et anert Wieder. Flouer-a Stroossennimm z.B. Kaatzert, Lampertskaul, Am Pättchen, An der Driicht oder Op Hitelen sinn indirekt Weeweiser an d’Lokalgeschicht. Kleng Dierfer wéi dëst leien heiandsdo wéi Päerele verstreet a sinn Insele vu Rou. Se kënnen allerdéngs och iwwerrasche mat rare Planzen oder kreative Persounen. Fir hiren 100. Anniversaire krut d‘Chorale Ste Cécile Bartreng 2003 beispillsweis e vum Nico Schenck vun Drénkelt entworfene Fändel - an de Joseph Goedert tselwecht Joer vum selwechte Kënschtler (fir seng Verdéngschter ëm d'Bibliothéiks an Archivwiesen zu Lëtzebuerg) den neicreéierten ALBAD-Präis a Form vun engem Buch aus Eechenholz. Eppes ganz aanres nach: “Drenkele” gëtt oder gouf et wahrscheinlech keng hei; sou (oder ‘Drinkula’) heeschen d’Schwäizer Kouklacken. Mä méiglecherweis wuessen hei Kouschellen (Pulsatilla vulgaris), d’Däiwelsbaart genannte Blumm vum Joer 1996, där hir Bléi d’Form vun enger Kläckelchen huet an am Kiischpelt ze fannen ass.