Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Präiteler

Präiteler ass mat 80 Awunner d‘drëttgréisst Uertschaft aus der Konsdrefer Gemeng hanner Scheedgen an dem Gemengenhaaptuert. Säin offiziellen Numm am Lëtzebuergeschen huet de Schefferot kierzlech vun Präitler op Präiteler ëmgeännert. Vu maximum 358m Héicht erof bidd et en Aussiichtpunkt op den hallwe Mëllerdall an Directioun Chrëschtnech a Waldbëlleg. Nobäi am Dall vun der Schwaarzer Iernz zitt d’pittoresk Cascade vum Schéissendëmpel, (an der Gemeng Waldbëlleg, mä mam Postcode L-6238 vu Breidweiler) un der Promenade 7 vum Mëllerdall-Trail vill Leit un! Seng Plaz kéint eng Zeen aus dem J.R.R. Tolkien senger Dramwelt, aus dem Hobbit, illustréieren an seng ‘fantastical’ holze Bréck kéint eng Aarbecht si vun ‘elvish woodspeople’ vum Kontinent Mëtteläerd (mengt e Web-Site mat Unusual Attractions and Things toDo in Luxembourg). D’attraktiv Regioun Mëllerdall/Petite Suisse ëmfaasst eng Gesamtfläch vun 310,90 km2 an zënter 2003 regruppéiert se 14 Gemengen.

Wéi iwwerall setzt d’Geschicht och a klengen Dierfer munches an d’Licht an munches an de Schied. Gewosst ass, dass "Preitweiler" am 16. Jh. d’Steier vum Zehnten un Oeren ginn huet an 1570 a senger Hubertus-Kapell um Kierfech all véierzeng Deeg e Gottesdéngscht hat. 1625 war säi Porhaus laut Expertise "a fundamentis baufeligh". Duerno hunn Truppe vum Maréchal Créqui (+1687) Brädeler a Brand gestach an d’Awunner sollten zäitweileg duerch ‘Klauen’ iwwerliewen. ‘Verbrannten Äerd‘ war deemols eng Krichstaktik. Op Uerder vum beschéfleche Visitator gouf 1772 der Kapell hire Stréidaach duerch e Leeëndaach ersat. (D‘Ferraris-Kaart vu ‘Breitweiller‘ aus där Zäit weist elauter rout Diech!) D’Geschicht, déi den Universum representéiere soll, huet en realen an idealen Deel. (Goethe) E Stéck Präiteler Realitéit waren am Joer 1881 beim Ofrappe vun der aler Kapell réimesch Mauere, Mënzen an aacht skulptéiert Steng. Dës erënneren un en antike Larentempelchen an un deels vergiesse Schutzgötter. Dräi där schéinster Héichreliefbiller koumen op Urode vum Professer Engling an d’Altorbasis an eent an d’Afaart vun der Uelegmille bei Chrëschtnech. D‘aktuell Kierch vu Präiteler entstoung 1881 (d.h. an där Zäit wou um frësch bebaubare Festungsrayon vum Stadgebitt a 16 Joer 976 Wunnenge gebaut goufen.) (Ons Stad 99) Hir al rustikal Hubertus-Duerstellung ass net méi do, mä d‘Fënschtren vun 1898 vum Fr. Haussaire gesinn ewell dat drëtt Joerhonnert.

Ob fréier an den zwee typesche Präiteler Bauerenhäff vu 1743 an 1861 wéi a bessere Konsdrefer Bauerenhaiser e Wiewstull stoung? An ob do vläicht ee Monni aus dem Haus Duch aus gesponnene Fiedem gewiewt hat? (Mathias Ruden) An der Uucht goufen owes sécherlech Geschichte gesponnen an dobei eventuell och iwwer d’kleng ‘Lëtzebuerger Schwäiz‘ geschmunzelt... (Dësen Numm hat nämlech d’hollännesch Garnisoun vun Iechternach virun 1837 lançéiert.) Virum Haus "a Wiewesch" an der rue Hicht erënnert eng Gedenkplack un deen 1904 do gebuerene Musekswëssenschaftler, Komponist a Kierchemuseker Jean-Pierre Schmit. No der Primärschoul zu Lamadelaine, nom Seminär a sengem Doktorat zu Roum (1936) iwwer de Codex Epternacensis gouf hien Dirigent vun der Maîtrise bis 1951 an ë. a. Museksprofesser am Seminaire. E koum 1944 an d‘KZ, huet duerno zu Roum um Pépstleche Kierchemusekinstitut enséignéiert a gouf zäitweileg Administrateur vum Stater Conservatoire. A goung säin Temperament mat him derduerch, sou heescht et, sollt méi wéi een Taktbengelchen a Stecker goën.(E. Seiler).

Den Duerfnumm Breidweiler fënnt een heiandsdo als Brädeler. E sollt sech no der Réimer Epoche ‘nicht auf eine Vielheit, als vielmehr auf eine Wenigkeit von Villen‘ bezéien an hängt mat der Gréisst vu sengem Bezierk an net vun enger Awunnerzuel zesummen. ("Publications de la Section Historique de L'Institut Grand-ducal de Luxembourg”, 1868) Wéi breet a laang säin Duerfbild vun uewen 1944 ausgesouch verréit eng Breidweiler Loftopnahm aus dem US Army Center for Military History. Eng aner Notiz aus deem Joer informéiert, dass d’Duerf bei der Ardennen-Offensive evakuéiert war bis op siwe Mann ‘die sich um das Vieh sorgten’. 1972 erwähnt en Duerfportrait vum Evy Friederich, dass hei véier Baueren deeglech zesummen 1.200 bis 1.500 Liter Mëllech ofliwweren a 70 Leit an 21 Haiser opgedeelt sinn. (1848 hat et 152 Awunner.) Weider Zeilen erënneren drun, dass d‘Famill Leonardy an nengter Generatioun um Gemenerhaff wunnt, an den do gebuerene François-Xavier Leonardy Doumherr zu Reims gouf. (Säi Cousin Nicolas Leonardy koum duer als Däitschlehrer un dee klenge Seminar, a gouf spéider Paschtouer a Clausen.) Op der Plaz vum Gemener- oder Jemmenerhaff soll d’Duebelvilla Jumentis gestanen hunn, a Recherchen no hat och Präiteler nobel Villen an d’no Schanz e Militärquartier.

P.S. Ob d’Leit fréier hei an zu Brädelt ‘brät-spureg’ ënnerwee waren (d.h. mat grousse Féiss oder symbolesch d’Nues héich gedroen hunn? Bei Familljen- an Uertsnimm e Rapport siche mat Adjektive bleift en Erklärungs-Essay; einfach Bäi- oder Wiewierder ginn et e puer honnert (a bei engem gréissere Wuertschatz laut online Rechtschreif-Duden ronn 18000!) Nimm mat Breit sollte geschéckerlech Leit mat gedrongener Statur a breede Schëlleren inspiréiert hunn (erkläert den Dictionnaire de Toponymie J.Tosti.) Kloer ass, dass Brädemer’ eng al loutrengesch Fruuchtmooß (ronn ee Véierel Sieschter oder 4 Liter) bedeit a ‘Präteler’ plazeweis och Bannpréiter. Aneres nach zum Patrimoine: D‘préposés forestiers’ vun der Natur a Bësch Administratioun krute fir d’Gestioun vum Bezierk Centre-Est an de Bëscher ronderëm Bürosraim an der noer ‘maison forestière’ Marscherwald (fréier «Beim Jampir am Wald»). An zur Gestioun vum lokale Veräinsliewen heescht et si wär virbildlech.