Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Blummendall

De Blummendall läit op der Grenz vum Mëllerdall um Zesummefloss vun der Heesterbaach an der Schwaarzer Iernz. D'Haiser säitlech vun der Nationalstrooss 14 (Grolënster - Fiels - Dikrech) gehéieren zur Gemeng Bech, dem Kanton Iechternach an der Por Hemstel. Déi um Lieu-dit Jeanharishaff leien e bësse méi südlech an enger Säitestrooss; si ziele mat der Kapell zur Gemeng a Por Jonglënster an dem Kanton Gréiwemaacher. D‘Awunnerzuel vum 10.6.2015: vun den am ganzen 48 hunn Blumendall (mam säitlechen Haupeschbierg) plus-minus 35 Leit a 17 Menagen an Jeanharis 13 Leit an 3 Stéit. D‘Kanner ginn an d‘Jonglënster Schoul. D‘Zitat vum 1917 verstuerwenen däitschen Theaterkritiker a Posseschreiwer Oscar Blumenthal “Schau in die Welt mit wachen Sinnen, wirst immer Neues ihr abgewinnen“ passt excellent op dës pittoresque Plaz um Bord vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.

De Blummendall gëtt "greng Long" vun der Jonglënster Gemeng bezeechent - an huet grad wéi Grolënster keng laang Geschicht. (Dëse klengen Nopeschuert entstoung Recherche no ëm 1820 um alen Iechternacher Wee aus engem Grapp Haiser vun Doléiner, déi gréisstendeels op groussen Hieff ronderëm geschafft hunn.) Ee Flouer an der Noperschaft war awer noweisbar an der Alsteenzäit besiedelt. Nobäi gouf 1935 beim Loschbourfiels d‘Skelett vum sougenannten "eelste Lëtzebuerger", dem Loschbour-Mann fonnt (…enger auslännescher Pressezeil no ‘bei Blumenthal in der Gemeinde Heffingen‘.) Korrekt heescht et bei Reiland mä dat läit an der Loftligne ganz no. D‘DNA-Moleküle vum robuste Mann senge Backzänn hu verroden, dass hien 1,60 Meter grouß, ëm 60 kg schwéier an zwëschen 34 a 47 Joer al war. D’Plaz mam ‘abri-sous-roche’, bei där d’Loschbour Bächelchen an d’Schwaarz Iernz leeft, ernimmt de Fernand Spier Enn den 1960ger als Reiland-Atsebach. D'Uertschaft Blummendall ass am spéiden 18. Joerhonnert dokumentéiert, mä nach net op der Ferraris-Kaart. Hiren Numm huet kaum eppes mat Blummen ze dinn, d'Historiker huelen un datt e sech op de keltesche Gott vun der Sonn Bel, och Belaun genannt, oder awer op d'Gëttin Belisama, d'keltesch Juegdgëttin, bezitt.

D‘Keimzell vum Uert tëscht dem Bélebësch, Schwäibesch a Marscherwald war de fréiere Jeanharishaff. (D‘1789 am theresianesche Stil vum Henri Keiser erbaute Gutt housch och emol Henrys- oder Jean Henryshaff.) D‘al Hausnimm baséieren op Familljennimm oder lokal Berufer, z.B. An Haupesch, Schneidesch a Kuelebrennesch. Viru 1700 sollt do eng Handvoll Köhler, Handlaanger a Bëschaarbechter-Famillje sech ëm e fréiert Haffgutt niddergelooss hunn (an hir Siedlung Ehrenklausen deefen.) Géingt 1700 waren di meescht zougezunne Bewunner an de Blummendall iwwergesiedelt… an 1884 krut do d‘Haus a “Klausen“ den Numm “a Bärbelen“. (Dëses a vill méi verzielt der Jonglënster Kulturkommissioun hiren dépliant vun 2008.) Beim Remembrement 1848 hat „Jeanbary“ 19 Leit an Bélen am Vergläich 27. Am „Jeanharis-Wee“ steet der Koppel Peter Schell a Margareta Giewer hir 1852 geweite privat Marie-Kapell mat Daachreider. Hir Klack staamt aus dem Joer 1763. Vum ale Kräizwee existéire nach 10 Statiounen, hir konschtvoll Jousef Statue hat de René Frisch restauréiert. (Den neien Ustrach krut de Bau 1997/ 98 a säithier ass alles prett fir gelegentlech Gottesdéngschter a Kanddafen vum Jonglënster Här.) Der Kapell hiert aalt Massbuch, de Kielech an e Massgewand versuergt hiren haitege Propriétair Francis Petry.… Di 40cm héich rout stenge Pietà an der Nisch iwwer der Entrée ass wahrscheinlech eent vum ‘Kräizermates’, dem Mathias Schergen, senge leschte Wierker.

D‘8,6 km laang Promenade Blummendall-Fiels féiert vun der Schwaarzer bei d’Wäiss Iernz. D’schwaarz Iernz huet de Privilèg am Mëllerdall ënner heemleche Brécken erduerch ze lafen op deenen Nuets onsiichtbar Elfen danzen sollen. De Victor Hugo hat allerdéngs am Schéissendëmpel schlaangenähnlech Ongeheier mat mindestens 10 Käpp vermutt! Den Numm ‘Iernz’ ass wéi di meescht Gewässernimm méi al wéi eis Zäitrechnung. E kléngt kraaftvoll wéi de Virnumm ‘Ernst’ a straalt Entschlossenheet aus. Den ofwieslungsräiche ”Blummendallerpad“ féiert vum prehistoresche Site ‘Koon‘(v. gallo-réimesche caunos f. Hiwwel) duerch de ”Jang-Harisgronn“ an den Dall vun der schwaarzer Iernz an zréck zum Ausgangspunkt. Al Opzeechnunge beschreiwen d‘Lag vun deem speziellen Dall “prope silva retro Behlen“ (am Walde hinter Behlen.) Säi leschten Duerfbistro bestoung bis 1912.

P.S. Net ze vergiessen nieft de bekannten Highlighten iwwerraschen um 9,5km laange Mëllerdall–Blummendall-Trail eng an e Fiels ziseléiert Sonnenauer an d’herrlech Kallektuff-Fielse-Quell tëschent der Präitlerbréck an der Reiländermillen. Ob an deem besonnesche ‘Landstrich’ mat Haisergrupp’ (sic Engelmann) un der N 14 Kanner nach «Blummenorakel» spillen, d.h. der Margréitchen hire Blieder ausrappe mam Sprechelchen “kaaft, geléint, geschenkt, gestuel”? An ob Fëscher op eng Annonce hinn nobäi wierklech ‘one of the best fishing or outdoors adventure locations in Western Europe’ fannen? Nieft de villen erstaunlechen Informatiounen falen och Notizen op iwwer ë.a. e Crash mat enger Bréck oder e ‘Schutzengel-Accident’ tëscht Jonglënster an dem Blummendall. - Egal ob een heefeg oder rar do ënnerwee ass, et gëllt do lues ze fueren, d’Postkaartemotiver ze genéissen an “de Mikrokosmos vun eise Landschaften” z’erhalen. (A. Link)