Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Allënster

Duerch Allënster féiert d‘Kulturroute 5, déi dem ganze ländlechen Entourage seng Identitéit entdecke léisst. (G. Calteux) Si weist wéi ‘kleng Differenzen tëscht den Dierfer eng Beräicherung duerstelle kënnen‘. (A. Gide) D’Promenade féiert laanscht en mat ale Steng zesummegesate Bur an en erstaunlechen Terrassesystem an engem noe Wisenhang. - D‘Allënster Awunnerzuel goung säit 1950 vu 26 erop op 107 (am Joer 2000) an op momentan 135 (04.2016.) Et läit um Bord vum Gréngewald un der Wäisser Iernz a gëllt als den eelsten Uert vun der Gemeng. ‘t bestoung (laut Wilthemius) ufangs nëmmen ee Linster mat Denkmäler ‘aus grauer Vorzeit‘ a Fundamenter vun engem ale Feudalschlass. (Mat Gro- a Jonglënster, Guedber, Amber a wahrscheinlech och Blaschend a Beidler hat et am Laf vun der Zäit zur fréierer Herrschaft Buerglënster gehéiert.)

Allënster ass 1259 an Urkunden genannt, do sollt virum 13. Jh. emol d‘Buerg vun de Lënster Häre stoen. De J.P. Koltz hëllt un, dass dës do an enger Waasserbuerg am Brill gelieft hunn. Duerno gounge s’an de méi sécheren Tuermbau op Buerglënster, deen op ural Kastellmauere baséiert huet. - Ritter haten ëmmer eng Preferenz fir op Fielsen ze bauen a sech mat Fallbrécken ofzesécheren. Der Beatrix vu Linster hir Famill sollt also hiren ursprénglechen Domäine am noën Allënster verloossen; op hir Hochzäit mam Thierry de Fontoy, (vu Fentsch), weise Geschichtsschreiwer 1210 hinn. Am Katalog vum Hl. Geescht Klouschter imponéieren 2. Aebtissinnen, d‘Ephemia vu Linster (+1285) an d‘ Clara de Lincerio (+ëm1297) (M. Prim-Welter.) D’lokal Porkierch ‘Lintzeren‘ war 1313 dokumentéiert. Als Suite nach al Zuelen iwwer d’Feierplazen: 1635 louchen déi zu Allënster bei 11, zu Buerglënster bei 21 an zu Jonglënster bei 33. D‘Biller vum Abt Bertels haten déi 3 Dierfer ewell ëm 1570 niefteneen an engem Kader festgehalen. An ënner dem Gouverneur Mansfeld gouf den Inventar aus Porkierchen, Lëschte vu Geeschtlechen, vu Recetten an d‘Zuel vu Kommunikante registréiert. - Vun der Allënster Waasserbuerg bestoungen engem Temoignage no virun 120 Joer nach Spuren. Ëm 1900 sinn jonk Hierde beim Hidde vun de Geessen iwwer d‘Gemaier geklommen. D’1997 publizéiert Mondaartkaart vun der Herrschaft Lënster (vum Robert Bruch) weist Allënster tëscht där 3. a 4. vu 6 Sproochelignen. Dës sollen iergendemol germanesch Siedler an eng Kulturwell vun de Westfranken influencéiert hunn.

Allënster hat fréier zum Dekanat Miersch gezielt, genee zu sengem Drëttel vum Syrensis, d. h. ëm de Syrdall. Senger Kapellchen hiren 1. Visitatiouns-protokoll ernimmt 1520 d‘Caecilia als Patréinesch, en Altor an e Kielech. Deen zweete Por-Beriicht notéiert 1570 donieft d‘spéitgotescht Rëppeverwëllef, Fresken an e Kierfech. (No 1738 gouf och d’Odile do veréiert, an haut steet de Bau ënner dem Hubertus sengem Schutz. D‘nobel Marie-Statu ass wuel eng vu villen, mä dat speziellt un dëser: si weist stolz dem Visiteur d’Kand. D‘ondatéiert Fënstren dekoréieren Wopen vu Pius XII., vum Beschof Philippe a vun der aler Lënster Herrschaft. (D. Dimmer.) Zwee Weekräizer waache säitlech vun der Entrée. D’Kapell an de Kierfech vun Allënster sinn säit Februar 1984 am ‘inventaire supplementaire des sites et monuments nationaux’ classéiert.

1745 hunn d’Zehntherren geklot d’Al-, Jong- a Buerglënster Leit géifen net just an de Gäert, mä och um Feld ‘Grundbirn‘ planzen ouni Zehnt-Steier ofzeliwweren. 1766 gouf dës obligatoresch an d’koum eng detailléiert Vollekszielung: Allënster hat dee Moment 8 bestuete Koppelen an 7 Haiser; an am ganzen 23 Männer, 18 Fraën, 17 Jongen an 10 Meedercher. D’Suite vum Kadaster sollt kuerz nom Erfaasse vum Grondbesëtz d’’Pfarrangehöreg’ zielen. Den Zweck dovu war “de connaître les classes du peuple qui n’ont point de biens-fonds, et qui doivent cependant assister les autres à porter les charges de l’Etat“ (P. Nilles, aus ‘Beiträge zur Geschichte der Pfarrei Junglinster, 1997.) Aus dëser Fondgrouf vun Notizen ass och d’keeserlech Info vun ugangs de 1760ger d‘Bauernjongen, déi um Feld schaffen wäre vum Militärdéngscht befreit. D’Keeserin Maria-Theresia hat munch gutt Iddi a wollt och eppes fir d’Bildung vum Vollek maachen. An d’Wierk vum Nicolas Wies (*Altlinster, 1817, +Luxembourg, 1879) sollt och dozou bäidroen. Seng Dissertatioun “Die Urbewohner des Luxemburger Landes und ihre Religion“ war an den 1850ger am Programm vum Athénée, an den Elèven vu senger ‘école dominicale’ hat en ë.a. eng Série vu ‘Lettres archéologiques‘ iwwer lokal keltesch Antiquitéite virgedroen.

P.S. D’Dierfer Al- Jong- a Buerglënster “concouréieren ëm d’Éier den urspréngleche Wunnsëtz vun der Famill Linster ze sinn“ housch et 1863 an Zeile vum Professer Stronck. (An, bei de Kelten hätt d‘Silb Alt héich bedeit an Jun dichteg…) Bei rezente keltesche Soireeën op der «Frey-Lay» (no bei der «Häertgesley») war dat keen Thema. Op der fréierer keltëscher Kultplaz am Bësch tëscht Allënster a Guedber gouf Druidenzopp offréiert, d.h. traditionnell Lënsenzopp mat Bëschkraider. Ob dobäi d’Geschicht ëm d‘gëllend Kallef erzielt gouf, dat zu Féiss vum Fiels mat de grousse galloréimesche Gestalte leie soll - oder déi vum Stater Här, deen 1891 bei Allënster d‘Nascht, d‘Eeer an zwee rar “Kräizschniewle“ fir seng ornitologesch Privatsammlung matgeholl hat? - Ofschléissend e Rot aus dem Kulturroute-Buch vun 1995: wien physesch Erhuelung an e geeschtegt Erliefnes wëllt, dee soll Trëppeltier maachen. Bei Allënster begéingt een z.B. och fréigeschichtleche ‘Mardellen‘.